Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LBO: E richteg flotte Jubiläum
who is cee c dating now

LBO: E richteg flotte Jubiläum

Den Escher Gaalgebierg war de ganze Weekend iwwer am Beachvolleyball

https://moien.lu/christian-singles-dating-free/
who is cee c dating now

can a 16 year old go to jail for dating a 13 year old

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt Méindes, den 12. August 2019 ab

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger
who is cee c dating now

LSAP-Bilan: En Erfolleg fir d‘Bierger

Fir d‘Sozialiste war d‘Sessioun 2016/17 eng erdréiglech. Keng wier esou

CSV: 2019 e Joer vun de Changementer

De Knuet ass geplatzt, d‘Nofolger vum Marc Spautz hunn hir Kandidatur agereecht

CSV: 2019 e Joer vun de Changementer

Et war nawell vill Lass am Kulturzenter „Am Sand“ zu Nidderaanwen, deen erfreelecherweis bis op déi leschte Plaz besat war. Et ass jo och virun allem an de Medien, wou déi chrëschtlech-sozial Vollekspartei (CSV) an der Lescht zum Stoussnéckel vun der Natioun degradéiert gouf, well bei de Leit, an natierlech de Memberen, ass si weiderhi ganz beléift an alles mee net ofgeschriwwen.

Dat mécht Sënn, well och wann si net an der Regierungsverantwortung steet, esou ass si weiderhin onbestridden déi Partei mam gréisste Réckhalt an eiser Gesellschaft. Dat Bild dat sech gëschter de Medie gebueden huet, bestätegt dëse Fakt. Fir den ausscheedende Parteipresident, war et déi néngt a leschten Neijoerschdagsried, an et dierf ee Versteesdemech hunn, datt et him schwéier gefall ass.

An de Marc Spautz huet weder d‘Journalisten nach déi sëlleche Membere laang zappele gelooss, well direkt no de Gléckwënsch fir dat neit Joer, huet hien d‘Nimm bekannt ginn, vun deenen zwee Kandidaten, déi sech fir d‘Amt vum Parteipresident gemellt hunn. Keng Iwwerraschung u sech, an d‘Spekulatioune goufe bestätegt: et kandidéieren de Serge Wilmes an de Fränk Engel.

Fir d‘Suite muss een elo op de Nationalkongress de 26. Januar waarden, wou jo net nëmmen d‘Amt vum President an dem Generalsekretär nei besat ginn, mee och an e sëllechen anere Gremien, Posten nei ze vergi sinn. Hei wier et natierlech vu Virdeel, wann een der CSV dann och géif eng Otempaus gënnen, an de Kandidaten d‘Méiglechkeet araumen sech a Rou de Membere virzestellen.

Réckbléck

A senger Ried huet de Marc Spautz e kuerze Réckbléck op seng Mandatsperiod als Parteipresident gemaach. Ass dobäi nach emol op den onséilege Referendum vun 2013 agaangen. Déi grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger, hätt sengerzäit d‘Argumentatioun vun der CSV befollegt, firwat sech d‘Regierung, et dierf een et roueg esou soen: „blaméiert huet“. Dräimol „Nee“ ass däitlech!

D‘CSV huet zudeem missen op der Oppositiounsbänk Plaz huelen, wou si eng konstruktiv Roll iwwerholl huet. Et gouf do wou et noutwenneg war de Fanger an d‘Wonn geluecht (Educatioun, Weltraum, Wuesstem a Logement), an ënnerstëtzt wat zum d‘Wuel vum Land a senge Bierger bäigedroen huet. Dat wier leider bei de Chamberwahle vum Oktober, esou net erkannt ginn.

CSV

© Martine de Lagardère/moien.lu

Woubäi sech d‘CSV hei vläicht och eppes optimistesch opgestallt hat, nodeems si als stäerkste Kraaft bei de Gemengewahlen 2017 ervirgaange war. Mee d‘Wahle sinn elo Geschicht an déi nei Regierung huet hir Aarbecht opgeholl, elo gëllt eng zolidd Oppositiounsaarbecht ze maachen a sech op d‘Europawahlen anzestellen. Hei wëll d‘CSV hir 3 Mandater verdeedegen an neier gewannen.

Erneierung

Wann et bei der éischte Kéier „e Putsch“ gebraucht hat fir d‘CSV aus der Regierung ze kréien, esou war dat 2018 net méi de Fall, och wann d‘Partei dee meeschte Stëmmen am Land erhalen huet. Et goufe Verfeelungen ugedeit, an et wier een net aggressiv genuch, an de Wahlkampf gaangen, gëtt gesot. Datt sech d‘CSV engem fairen a konstruktive Wahlkampf verschriwwen hat seet keen…

De Marc Spautz, grad wéi seng Parteikollege Claude Wiseler a Laurent Zeimet, si sech trei genuch an hunn d‘Verantwortung iwwerholl, firwat et elo zu Changementer komme wäert. Et geet der CSV awer och ëm Erneierung. Allgemeng sollen d‘Membere méi staark agebonne, d‘Jugend (CSJ) besser encadréiert a gefërdert, d‘Formatioune vun der CSV-Akademie erweidert ginn, a villes méi.

An dësem Kontext muss d‘CSV dann och Resultat vum 14. Oktober hannerfroen. Wou kënnt dee krassen Ënnerscheet zu 2017 hir, wei ass deen entstanen? Sech a Fro stellen, heescht dann awer net, datt et nëmmen d‘Parteispëtzt betrëfft. En oppenen a konstruktiven Debat muss et heizou och an de Bezierker ginn, woubäi een d‘Emotioune bausse vir sollt loossen, fir d‘Fakten ze gesinn.

Dat hei och d‘Jugend nees méi staark mat agebonne gëtt, dat läit op der Hand. D‘CSJ ass e ganz aktive Mouvement, deen och scho bei de Gemengewahle säi Potential gewisen a bewisen huet. Dat sprécht zudeem fir de Serge Wilmes, Kandidat fir d‘Amt vum Parteipresident, dee bekanntlech och nach ee „jonken“ ass, an als 1. Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg an Deputéierten, Opweises huet.

Europawahlen

De Marc Spautz huet, d‘Aktualitéit verlaangt et schliisslech, a sengem Discours dann eng Lanz fir de Jean-Claude Juncker gebrach. Och deem säi Mandat als EU-Kommissiounspresident geet dëst Joer op en Enn. Vu vill Säiten an Europa géif hie fir seng Sozialpolitik gelueft, an dat wier och e wichtege Sujet an der Campagne zu den Europawahlen, awer net nëmmen.

Et wier wichteg, esou de Marc Spautz, net nëmmen als déi politesch féierend Kraaft aus dëse Walen ervirzegoen, mee sech och géintiwwer de Wieler fir eng konsequent humanistesch Politik, also e sozial staarkt Europa anzesetzen. D‘CSV steet fir eng aner Migratioun- a Flüchtlingspolitik. Et sinn Mënschen an enger Nout déi se net verschëlt hunn, firwat ee sech net am Stach dierf loossen.

Wann een de Projet Europa stäerke wëll, muss ee sech dem Populismus erwieren. Wien dëse blann noleeft, riskéiert seng an d‘Fräiheet vun aneren. Fir et kloer ze soen, dem Marc Spautz gefält et net, datt et an der EVP esou Rabbelkäpp wéi de Viktor Orban gëtt. Hien empfënnt et dann och eppes beleidegend, wann déi neofaschistesch Fidesz als „Schwësterpartei“ vun der CSV bezeechent gëtt.

CSV

De Kulturzentrum „Am Sand“ zu Nidderaanwen war bis op déi leschte Plaz besat, an d‘Riedner, de Marc Spautz an d‘Martine Hansen, hunn allebéid vill a laang Applaus no hire Rieden erhalen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Am krasse Géigesaz dozou, gëtt dee korrupte Veräin – gemengt ass déi sozialistesch Partei – deen a Rumänien un der Muecht sëtzt, natierlech net als „Schwësterpartei vun der LSAP“ verkläert. „Mir sinn determinéiert géint d‘Aarmut an Europa virzegoen“, esou de Marc Spautz, deen an dësem Kontext drun erënnert, datt an der EU 25 Millioune Kanner vun Aarmut betraff oder bedreet sinn.

Eng „oppe“ Fraktioun

Als nei Fraktiounspresidentin, stoung gëschter Owend d‘Martine Hansen op der Tribün. Si huet sech iwwert de groussen Interessi un dëser „Veranstaltung“ gefreet, an agestanen, datt et schonn impressionnant ass, virun esouvill Leit eng Ried ze halen. Si ass d‘Cheffin iwwer 21 Deputéiert, vun deenen si virun allem erwaart, oppe géintiwwer de Mënschen an hire Suergen ze sinn.

„Um Krautmaart spillt net dat richtegt Liewen, dat geschitt dobaussen!“ betount d‘Martine Hansen energesch, an deit domatter eng Verännerung un, déi am Sall gutt opgeholl ginn ass. „Mir mussen eis bewosst sinn, datt d‘Problemer vu Bezierk zu Bezierk ënnerschiddlech sinn, an een net an der Blos vum Krautmaart liewen dierf. Buedemhaftung ass wichteg“, esou d‘Fraktiounspresidentin.

An et ass richteg, datt d‘Land sech op Teamgeescht an Teamplayer soll verloosse kënnen. Et brauch dofir eng Fraktioun vun de kuerze Weeër. D‘Oppositioun wier net d‘Zil vun der Partei, firwat et wichteg ass d‘Vergaangenheet am A ze behalen, fir besser no vir ze gesinn. Oppositiounsaarbecht ass kee Kaddo, an et sollt ee sech drop astellen, datt et wann néideg och méi haart Téin ka ginn.

D‘Martine Hansen wier dann och nach ëmmer op der Sich no deem, wat een als Zukunftsstrategie vun der Regierung kéint nennen. Et wier kee Koalitiounsaccord fir d‘Zukunft, wann an dësem e méigleche konjunkturelle Wandel berécksiichtegt gëtt. An d‘Aussoe vum Premier Xavier Bettel wieren onbefriddegend bis beonrouegend. „Op alles virbereet“ gesäit also anescht aus…

Iwwerluecht handelen

„Wann et dem Land gutt geet, muss et de Mënschen am Land och gutt goen“, esou d‘Martine Hansen, déi op eng zukunftsorientéiert Politik a Wuelstand pocht. Natierlech misst d‘Land weider wuessen, mee de Wuesstem muss Qualitéit viru Quantitéit setzen. Et kann een net all Joers „eng Stad Lëtzebuerg“ derzou huelen, d‘Zil muss erwisenermoossen d‘Nohaltegkeet sinn.

An der Regierung schéngt den Ament awer de Thema „Wuesstem“ eppes an den Hannergrond geréckelt ze sinn, an d‘CSV-Fraktiounspresidentin freet sech: „Wat maachen déi gréng?“. Iwwerhaapt ass dat, wat d‘Regierung sech kuerzfristeg virgeholl huet, nach zimlech onkloer, an vill Froe goufe scho gestallt, op déi een sech vertrietbar Äntwerten erwaart a kee „wischi waschi“.

Gewosst ass, datt d‘CSV-Fraktioun gutt opgestallt ass, an déi Deputéiert sech op eng staark Equipp vu Mataarbechter verloosse kann, déi villfälteg Kompetenzen noweise kënnen. Déi Ziler, déi sech d‘Fraktioun gesat huet, sollten dann och erreechbar sinn. Si wäert zesumme mat der Partei an hiren Ënnerorganisatioune schaffen an diskutéieren. Et geet dobäi virun allem ëm d‘Zukunft vum Land.

An dës Zukunft brauch d‘Mataarbecht an Ënnerstëtzung vun allen Memberen. Jidderee kann a soll op sengem Niveau, an no senge Méiglechkeeten derzou bäidroen, datt déi politesch Aarbecht an der Chamber, dem Europaparlament an natierlech de Gemengen, de Mënschen zerguttst kënnt déi fir e friddlecht an harmonescht Zesummeliewen astinn. Lëtzebuerg ass et derwäert, d‘Awunner och.

Foto: De ausscheedende Parteipresident Marc Spautz huet gëschter ville Leit aus dem Häerz geschwat, an keen Heel draus gemaach, datt hien houfreg ass, der CSV esoulaang virgestanen ze hunn. Hie geet de Kapp héich, huet gewise wéi ee mat Verantwortung ëmgeet. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamber, CSV, Erneierung, Frank Engel, Krautmaart, Marc Spautz, Martine Hansen, Nationalkongress, Oppositioun, Serge Wilmes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel