Search

You may also like

Freideger fir d‘Zukunft – Weltwäite Klimastreik fänkt an Australien un
Neiegkeeten

Freideger fir d‘Zukunft – Weltwäite Klimastreik fänkt an Australien un

An der Pazifikregioun déi eis Zäitlech gesinn eppes viraus ass,

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich
Neiegkeeten

Editorial: Europa an den tierkeschen Ugrëffskrich

D‘EU misst léieren „d‘Sprooch vun der Muecht“ unzewennen, esou gëschter

KUKI 2019: Kultur- a Konschtfestival zu Kielen
Neiegkeeten

KUKI 2019: Kultur- a Konschtfestival zu Kielen

Kommt op de KUKI a kuckt Iech déi flott Konscht

Wou ass de politeschen Dialog verluer gaangen?

D‘CSV zitt de Bilan vun der Chambersessioun 20019/2020 a geet mat der Regierung an d‘Geriicht

Wou ass de politeschen Dialog verluer gaangen?

Et war emol nees eng éischter entspaante CSV-Fraktiounspresidentin, déi den Iwwerbléck vun der geleeschter Aarbecht an dëser, jo wéinst dem Coronavirus Covid19 eppes perturbéierter Sessioun, gebueden huet. Mee entspaant ass dat eent, Entschlossenheet dat anert, an dorunner huet d‘Martine Hansen keng Zweiwel gelooss. Et wier ee beméit konstruktiv virzegoen, d‘Regierung net esou…

Déi mat 21 Deputéierte gréissten Oppositiounspartei, géif vun der Koalitiounsregierung bewosst, jo scho bal systematesch ignoréiert, esou déi engagéiert Fraktiounspresidentin, déi kee gutt Hoer un de Regierungspläng gelooss huet. Si ass schounungslos mat de scho gestëmmte Gesetzer an den nach ustoende Gesetzprojeten ëmgaangen, a villes wat ervirbruecht ginn ass, war dann och fundéiert.

CSV

„D‘Mesuren déi d‘Regierung an der Kris geholl huet, waren net verkéiert, mee mat de Gesetzer huet si de Bock ofgeschoss. Och dat neit Gesetz ass nach ëmmer onkloer. Esou wéi et d‘Regierung duergestallt hat, waren d‘Leit der Meenung, datt d‘Kris eriwwer ass. Dat war de falsche Message“, esou d‘Martine Hansen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir d‘CSV ass de Logement eng vun den absolutte Prioritéiten, firwat d‘Fraktioun zu dësem Sujet eng hell Wull u Proposen a Gesetzprojete virgeluecht hätt, déi vun der Bettel-Regierung einfach ignoréiert goufen. Dem konstruktiven, wann och eppes kontroversen Debat hätt sech d‘Regierung verweigert. Mee bei villen anere Punkte besteet tëscht Oppositioun an Regierung den Dissens.

Covid19, Skandaler a Kommunikatiounsstrategie

D‘Minister sinn der Rei no „ofgeschoss“ ginn, an d‘Martine Hansen huet nach emol drop higewisen datt den Dossier „Gesondheet“, scho virun der sanitärer Kris e gliddege Sujet war. Elo, mat der ze erwaardender Wirtschaftskris géifen déi sozial Themen u Gewiicht gewannen, an wéi sech dat mat de gesate Klimaziler iwwertenaner brénge léisst, wier zur Stonn nach net gewosst.

CSV

D‘CSV-Fraktiounspresidentin hat an hirer Interventioun net vergiess dem Deputéierte Marco Schank ee grousse Merci fir seng laangjäreg Aarbecht an der Chamber Merci ze soen. Deen huet jo säi Mandat dem Jean-Paul Schaaf iwwerdroen, bleift awer als Buergermeeschter der Politik, an esou der CSV erhalen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Eigentlech hat sech d‘CSV vum Premierminister dann och kee Bilan zur sanitärer Kris erwaart, mee eng Ausso zur Lag vun der Natioun. Dës „Ried“ huet d‘Regierung awer an den Hiecht geluecht, wat bei de Konservative fir eppes Onmutt suergt. No de „grénge“ Skandaler an enger duerch Absence opfälleg Familljeministesch, muss sech d‘Regierung un hiren Dote moosse loossen.

Si hunn der Regierung ee Vertrauensvirschoss am Kontext vun der nationaler Eenheet zougestanen, an hu séier misse feststellen, datt de versprachen Dialog esou ni richteg Stattfonnt. D‘Chamber an esou dann och d‘Oppositioun wier iwwert d‘Decisioune leedeglech „informéiert“ ginn. Ofgemaach war allerdéngs, datt d‘Chamber awer an den Entscheedungsprozess sollt agebonne ginn.

Finanzen a Steierreform

Den Deputéierte Gilles Roth huet sengersäits den Ëmgang mat de Finanzen an déi eigentlech nach an dëser Legislaturperiod virgesinne Steierreform op de Leescht geholl. Datt de Pierre Gramegna sech en Emprunt duerch déi hënnescht Dier geleescht hätt, andeems hie „Scholdschäiner“ fir ganzer 350 Milliounen Euro ausgestallt huet, an dat ouni dat d‘Chamber informéiert war, ee Feeler.

CSV

Den Deputéierte Gilles Roth huet a senger Interventioun drop higewisen, datt aktuell nach eng 600 Milliounen Euro an der Staatskeess sinn. Zum 1. August mussen tëscht 350 a 400 Millioune fir d‘Salairen an d‘Pensiounen opgewannt ginn. Mussen da fir de September nei Scholdschäiner ausgestallt ginn? © Martine de Lagardère/moien.lu

Esou huet sech de Gilles Roth dorunner gestéiert, datt dësen Emprunt eréischt an der Kommissioun bekannt gouf, nodeems den Deal gemaach war. Dat géif esou net goen, an absolutt inakzeptabel wier et, datt de Finanzminister nach net weess, op hien nach emol vun dësem Instrument wäert gebrauch maachen. Ugesiichts de Staatsfinanzen, géif awer alles dofir schwätzen, esou d‘CSV.

2013 wier de Staatshaushalt nach am Equiliber gewiescht, mee zanterhier géif et rapid de Bierg ofgoen, an do misst ee schonn eppes Récksiicht huelen, an déi Deputéiert um Lafenden halen. Dat awer ass erwisenermoossen net de Fall. Wéi et ënnert dësen Ëmstänn soll zur Steierreform kommen erschléisst sech dem Gilles Roth dann och net. Déi wier zwar noutwenneg awer net finanzéierbar.

Wéi geet et mat der Relance?

Den Deputéierte Léon Gloden huet sengersäits och nach emol drun erënnert, datt bis zum Antrëtt an d‘Kris déi ëffentlech Finanzen nach gutt dogestanen hunn. Duerch déi vill, wann och sécherlech esou richteg wéi noutwenneg Moossnamen, sinn déi allerdéngs zolidd ënnert d‘Rieder geroden. A jo d‘CSV huet vun der Kuerzaarbecht bis hinn zu den Hëllefe fir d‘Betriber alles matgedroen.

Elo ass den Etat de Kris awer eriwwer, an de Léon Gloden iergert sech iwwert de Fait, datt nach vill Entreprisen op eng Äntwert, bezunn op déi hinnen zoustoenden Hëllefen, waarden. Hien ass nach emol an engem Saz op dem Aarbechtsminister seng „Interventiounen“ agaangen, déi vu ville Wirtschaftsacteure kritesch begleet goufen. Eppes méi Fangerspëtzegefill wier do besser gewiescht.

CSV

Fir den Deputéierte Léon Gloden ass et evident, datt d‘Regierung elo – an net eréischt am Hiecht – de Kader fir déi wirtschaftlech Entwécklung definéiere muss. Den Administrativen Opwand muss verréngert an den Télétravail gefërdert ginn. Et brauch ee Kompetenzzenter fir Betriber, d‘Stied an d‘Gemenge mussen als Wirtschaftsacteur gestäipt ginn. Et muss och gréissere Wäert op Innovatioun an Digitaliséierung geluecht ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

An dëser Sessioun huet d‘CSV 396 parlamentaresch Froen, 24 ausgewäit Froen, 11 Gesetzprojeten, 14 Gesetzesamendementer, 72 Motiounen a 4 Resolutiounen abruecht, an dat war jo och net alles. D‘Froe goufen éischte schlecht wéi Recht beäntwert, bei villem ass sech ze vill Zäit gelooss ginn, an eng kloer Linn, wéi et soll weidergoen, léisst dës Koalitiounsregierung och nach vermëssen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics CSV, CSV-Fraktioun, Gilles Roth, Léon Gloden, Martine Hansen, parlamentaresche Bilan
Next post Previous post