Search

You may also like

Island begrieft Gletscher: Eng Gedenktafel fir den Okjökull
Meenung Neiegkeeten

Island begrieft Gletscher: Eng Gedenktafel fir den Okjökull

Den éischte grousse Gletscher an Island ass um Sonndeg fir

Buchpresentatioun vu „Whisper Network“
Meenung Neiegkeeten

Buchpresentatioun vu „Whisper Network“

D’Sloane, d’Ardie an d’Grace fäerte ganz, dass den Ames, bekannt

Gëtt d’Stäreplaz zu enger Luxusplaz?
Meenung Neiegkeeten

Gëtt d’Stäreplaz zu enger Luxusplaz?

Doriwwer sinn déi Lénk an der Stad guer net frou:

CSV an CDH: Zesummenhalt weisen a géint de Virus ukämpfen

CSV an CDH: Zesummenhalt weisen a géint de Virus ukämpfen

Gëschter Moien hunn d’Parlamentarier an d’Presidente vun der zentraler Lëtzebuerger (CSV) a belscher (CDH) Partei, also de Frank Engel, de Jean-Marie Halsdorf, de Claude Wiseler, de Maxime Prevot, de Josy Arens, d’Anne-Catherine Goffinet an de Benoit Lutgen getraff.

Déi zwou Parteien, CSV an CDH, sinn un d’grenziwwerschreidend Kooperatioun an déi europäesch Wäerter ugeschloss. Déi europäesch Integratioun steet fir d’Beweegungsfräiheet, de fräie Verkéier vu Wueren a Servicer.

D’Belsch zielt haut méi wéi 50.000 Grenzgänger déi am Groussherzogtum Lëtzebuerg schaffen.

De Virus kennt keng Grenzen a soll net als Virwand gëlle fir Neier ze schafen. Ganz am Géigendeel mussen nees d’Wäerter gestäerkt ginn, déi vereenen an zesummebréngen, iwwert de Partikularismus a Selbstbezogenheit hinaus. De Virus soll kee Virwand fir d’Opspléckung sinn! Et muss also alles gemaach ginn, datt dat alldeeglecht Liewe vun de Grenzgänger vereinfacht gëtt an d’Sécherheet vu jiddwerengem garantéiert gëtt.

Déi aktuell sanitär Kris hieft grausam d’Ongläichheete beim Ëmgang tëscht de Persounen, déi an der Groussregioun liewen, ervir.

Déi zwou Parteien, CSV an CDH, bemierken, datt Gespréicher néideg gewiescht wieren, fir Problemer, wéi déi mangelnd Upassunge beim Gesetz zum Teletravail, d’Restriktioune bei der grenziwwerschreidender Mobilitéit, de Manktem u Kooperatioun bei der Gesondheetsfleeg, oder och den aneren Ëmgang a Saachen ekonomesch Aktivitéiten, sief et den Eenzelhandel oder d’HORECA, entgéint ze wierken.

D’Pandemie sollt hëllefe fir gemeinsam Aktiounen ze stäerken an de Bierger beschtméiglech ze notzen.. Et ass déi verstäerkt géigesäiteg Hëllef tëscht de Staaten, déi déi néideg Solidaritéit zur Ausrottung vum Virus schaaft.

Déi zwou Parteien, CSV an CDH, hoffen datt d’Kooperatioun sech ervirhieft, gestäerkt gëtt a sech dauerhaft duerchsetzt. Dat ass just méiglech, wann de Wëlle besteet, fir eng reell Verstännegung tëscht der Belsch an dem Groussherzogtum Lëtzebuerg duerchzesetzen, an eng gemeinsam Visioun vun der Groussregioun.

Zousätzlech hunn déi zwou Parteien, CSV an CDH, decidéiert zesumme fir d’Allgemengwuel ze schaffen iwwert eng permanent funktionell Cellule.

Matgedeelt vun der CSV an dem CDH

Opmaacherbild: © Thomas Kinto / Unsplash

Related topics Allgemengwuel, Beweegungsfräiheet, cdH, CSV, Grenzen, Grenzgänger, Kooperatioun, Pandemie, Sanitär Kris, Verstännegung
Next post Previous post