Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass
https://moien.lu/most-exclusive-dating/

Ritter an Draache waren zu Useldeng lass

Leschte Weekend war zu Useldeng eng weider lass. Iwwer zwee

https://moien.lu/hookup-4-securesaferoute/
dating after divorce age 50
https://moien.lu/most-exclusive-dating/

Wa Lëtzebuerg seng Kompetitivitéit wëll stäerken, muss sech eppes doen

D‘Handelskummer huet sech mat der Editioun 2018 vum „World Competitiveness

„Null Offall Lëtzebuerg“ – kann dës Strategie klappen?
https://moien.lu/most-exclusive-dating/

„Null Offall Lëtzebuerg“ – kann dës Strategie klappen?

Gëschter huet d’Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung Carole

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?

D‘Chance fir eng Damm un der Parteispëtzt stinn net schlecht

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?

Säit Mëtt-Dezember kënnen sech d‘Membere vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei (CSV) als Kandidat fir de Posten als Parteipresident mellen. Wéi et heescht ass bis ewell nach keng (offiziell) Kandidatur agereecht ginn, wat net bedeit, datt et keen Interessi un dësem Mandat géif ginn.

Et ass bei der CSV net besser wéi anzwousch anescht, och hei dierft bis op de leschte Stëppel gewaart ginn. Nach bis den 9. Januar kann ee sech mellen. Interessant ass d‘Feststellung, datt den aktuelle President, Marc Spautz, schonn emol säi Büro „geraumt“ huet, well esou séchergestallt ass, datt hien net méi fir dës Aufgab zur Verfügung steet. Et gëtt awer nach méi…

Kandidaten déi duerchaus en Usproch kéinten erhiewen, hunn sech bis ewell bedeckt gehalen. Esou de Serge Wilmes, 1. Schäffe vun der Stad, an eigentleche Gewënner vun de Gemengewahlen, oder den Europadeputéierte Frank Engel – deen hat am Dezember duerchblécke gelooss um Posten interesséiert ze sinn – hunn allebéid nach keng offiziell Kandidatur eraginn.

An och am Gespréich ass d‘Diane Adehm. Dës energesch Politikerin hätt mat Gewëssheet hir Chancen, sech eng Plaz – ganz uewen – am CSV-Directoire ze sécheren. A wann et net fir d‘Mandat als Parteipresidentin wier, kéint de Posten als Generalsekretärin nach ëmmer eng valabel Optioun sinn. De Laurent Zeimet, Buergermeeschter vu Beetebuerg, dierf sech net méi opstellen.

Et dierf spekuléiert ginn

Apropos „Generalsekretär“. Och hei leien eisen Informatiounen no, keng Kandidature vir, mee et géif awer „Interessi“. Ënner „Experten“ gëtt de fréiere RTL-Mataarbechter, Felix Eischen, als potentielle Kandidat fir dëst politescht Mandat gehandelt. Deen huet sech bis ewell weder bei der Partei als Kandidat ugebueden, nach wëll hie sech dozou äusseren.

Et wier zudeem, wéi et aus „Héiere-Soen“ Kreesser verbreet gëtt, e Mandat datt dem Serge Wilmes gutt zu Gesiicht géif stoen, well et Parteiintern awer Bedenke gëtt, esou eng jonk Persoun zum Parteipresident ze maachen. Bis de 9. Januar dierf also nach lëschteg spekuléiert ginn, duerno muss d‘CSV Faarf bekennen, an dem Land matdeelen, wien sech „gemellt“ huet.

De Marc Spautz, dee wéi et schéngt aus der Wahlcampagne fir d‘Chamber seng Léiere gezunn huet, wëll dann och, wann d‘Kandidate bis bekannt sinn, déi an alle véier Bezierker den CSV-Membere virstellen. D‘Kandidate sollen sech presentéieren an sech de Froe vun de Parteimembere stellen. Dat ganzt hanner zouen Dieren, zumindest wat d‘Press betrëfft, well déi ass net agelueden…

CSV-Kongress Enn Januar

Dat ass nei, a kann op dëser Plaz net bewäert ginn. Et dierf een sech allerdéngs d‘Fro stellen, op dëst Mësstraue géintiwwer de Medien e generellt ass? Sécher ass elo schonn, datt et och hei wäert zu Spekulatioune kommen, vun „Héiere-Soen“ bericht gëtt. Et sollt een elo awer d‘Entscheedung vun der CSV respektéieren, hire Wonsch no Erneierung sollt net un de Medie scheiteren.

Zu Zäite wou d‘CSV an der Regierung de Senior-Partner gestallt huet, war dat nach eppes anescht. „Deemools“ hunn d‘Kandidaten, op fir de Posten als Generalsekretär oder President, sech nach um Kongress mat enger Ried den Delegéierte virgestallt. Den „neie System“ huet awer eppes Gutts: esou hunn d‘Kandidaten Zäit de Parteimemberen hire Projet ausféierlech ze presentéieren.

Beim Kongress de 26. Januar sollt ee sech dann emol wéinstens op dräi Kandidaten astellen, wat net verhënnert, datt et hei zu Iwwerraschunge komme kéint. Esou eng hat jo scho beim Kongress vun de chrëschtlech soziale Frae ginn. D‘Stéphanie Weydert (Bezierk Osten – 1. Schäffin vun der Gemeng Rouspert-Mompech) hat als héich favoriséiert Kandidatin, géint d‘Buergermeeschtesch vu Buerschent, Annie Nickels-Theis, net behaapte kënnen.

An do sinn nach d‘Europawahlen

Iwwert de ganzen Dezember ewech huet d‘CSV eng Rei Kongresser organiséiert, well d‘Erneierung muss bei der Basis ufänken, also an de Sektiounen. Bei deene jonken ass et den Alex Donnersbach vu Walfer deen d‘Elisabeth Margue un der Spëtzt vun der CSJ ofléist. An och an de Bezierker huet sech villes verännert, esou datt zumindest hei vun engem „Renouveau“ ka rieds sinn.

Am Bezierk „Zentrum“ huet sech d‘Buergermeeschtesch vun der Fiels, Nathalie Silva, androcksvoll géint den Abby Toussaint duerchgesat. Am Oste setzt sech de Buergermeeschter vu Wuermer, Max Engel, géint de Léon Gloden, Buergermeeschter vu Gréiwemaacher, duerch. Am Norden iwwerhëlt den Europadeputéierte Christophe Hansen, d‘Mandat vum Martine Hansen. Am Südbezierk geet d‘Presidence un de Jean-Marie Wirth, fréiere Buergermeeschter vu Stengefort.

Spekulatioune gëtt et der och am Bezuch op d‘Europawahlen. Déi scho genannten „Experten“ gesinn och hei däischter Wolleken um CSV-Himmel. Dat wëll zwee ganz prominent Kandidaten hir Reverenz zéien: d‘Viviane Reding an de Georges Bach. An elo géif ee sech bei der CSV d‘Fro stellen, op si hir dräi EU-Mandater behale kann. Op wat berout dës Spekulatioun?

Engersäits wier den Zwang eng paritéitesch Lëscht ze presentéieren, firwat d‘Experten d‘Nancy Kemp-Arendt als Kandidatin ausgemaach hunn. Dat ass net verkéiert, a gutt Chancen hätt d‘CSV-Deputéiert och. Et géif zudeem dem Laurent Zeimet an d‘Kaarte spillen, well dësen dann nees an d‘Chamber géif noréckelen. Mee bis dohinner ass et nach en Ament, a keng Zopp gëtt esou waarm giess ewéi se gekacht gëtt.

Foto: (v.l.n.r.) Laurent Zeimet, Generalsekretär; Claude Wiseler, fréiere Fraktiounspresident; Marc Spautz, Parteipresident. No de Chamberwahlen, aus där d‘CSV als stäerkste politesch Kraaft ervirgaangen ass, awer op e neits der fréierer Koalitioun op d‘Oppositiounsbänk verwise gouf, war et kloer, datt et zu enger Erneierung vun der Partei komme muss. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CSV, Diane Adehm, Erneierung, Europawahlen 2019, Felix Eischen, Laurent Zeimet, Marc Spautz, Serge Wilmes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel