Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport
Meenung Neiegkeeten

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport

Déi 7. Weltspiller am Militärsport, déi vum 18. Oktober bis

Giel Gileten: Paräis bereet sech op d‘Revolutioun vir
Meenung Neiegkeeten

Giel Gileten: Paräis bereet sech op d‘Revolutioun vir

Um Virowend zum „Akt IV“ vun der Mobilisatioun vun de

money
Waffestëllstand fir de chinesesch-amerikaneschen Handelskrich
Meenung Neiegkeeten

Waffestëllstand fir de chinesesch-amerikaneschen Handelskrich

Am Sträit tëscht China an dem Donald Trump gëtt et,

Eng kloer Exit-Roadmap mat mënschleche Perspektiven

12 CSV-Virschléi fir ee méiglechst séchert an normaalt Liewe mam Virus

Eng kloer Exit-Roadmap mat mënschleche Perspektiven

Zënter siwe Woche befanne sech d’Land an d’Leit am Corona-Ausnamezoustand. D’Beweegungsfräiheet ass staark ageschränkt. Déi biergerlech Fräiheeten och. Ëmsou méi grouss ass d’Solidaritéit vun de Mënschen. Mir begréissen dës ausdrécklech. De Lockdown weist Wierkung.

Elo musse mir léieren, mam Virus ze liewen. D’Land muss zeréck an eng Form vu gesellschaftlecher Normalitéit fannen. Virsiichteg a verantwortbar. An awer bestëmmt. Déi scho feststellbar Wirtschaftskris muss méiglechst ofgefiedert ginn. Eng schwéier Rezessioun mat Sozialkris muss verhënnert ginn.

D’Balance tëscht Sécherheet a Fräiheet muss ee Mëttelwee vum gesonde Mënscheverstand sinn. D’Moossname musse verhältnisméisseg an zilféierend sinn. D’Land muss beschtméiglech op d’Zukunft virbereet sinn. Mat enger Exit-Strategie mat intelligenten Direktmoossnamen fir ee méiglechst séchert Liewe mam Virus. A mat engem Neistart-Agenda, deen elo virbereet muss ginn, fir datt d’Kris net zum Dauerstëllstand gëtt.

Konkret schloe mir dofir vir:

  1. Exit-Roadmap mat Kohärenz, Kloerheet a Gläichberechtegung

    D’Bierger brauchen eng kohärent an novollzéibar Roadmap an Exit-Strategie a Richtung méi Normalitéit. Natierlech mat der noutwenneger Flexibilitéit. Mee dëst dierf keng Ausried fir eng onkloer Kommunikatioun oder ontransparent Kritäre sinn. D’Kommunikatioun muss méi explizit sinn. Oppe Froe musse kloer benannt ginn. Zudeem mussen d’Bierger gläich behandelt ginn. Just dann gëtt d’Strategie akzeptéiert an och ëmgesat.
  2. Méi Beweegungsfräiheet duerch Kontroll vun der Infektiounsketten

    Mam Virus liewen, heescht och méi Beweegungsfräiheet. Dëse Méi un Normalitéit geet a Corona-Zäiten just mat enger besserer Kontroll vun der Infektiounsketten. Mir brauchen hei ee vernënftege Mëttelwee tëscht Gesondheets- an Dateschutz. Dëst gëllt souwuel fir déi géigewäerteg analog Réckverfolgung, wéi och fir eng méiglechst digital Tracing-App.Als CSV verschléisse mir eis net virun esou enger Tracing-App als digitaalt Hëllefsmëttel. Wëll wann d’Infektiounszuelen nees klammen, kéint déi analog Method schnell un hir Grenze stoussen. Allerdéngs muss esou eng App d’Prinzipie vu Fräiwëllegkeet, Anonymitéit, Dateschutz, Datesécherheet an Transparenz respektéieren. D’Datespäicherung muss dezentral gemaach ginn. Ee gemeinsamt EU-Tracing-Konzept muss weiderhin ugestrieft ginn.

    Deel vun der Exit-Strategie muss donieft och eng flächendeckend Test-Praxis, sou wéi een ambitionéierte Masken- a Preventiounsplang sinn. Mat enger staatlecher Maskeversuergung, klore Richtlinnen an enger zentraler Akafs-, Produktiouns- a Verdeelungsstrategie.

  3. Europäesch Beweegungsfräiheet: Oppe Grenzen an der Groussregioun

    Ouni oppe Grenzen hu weder Europa, nach eis Groussregioun eng Zukunft. D’Groussregioun gouf an de vergaangene Joren vernoléissegt. Mir mussen hir nees méi politescht Gewiicht ginn. Kuerzfristeg fuerdere mir nees eng Groussregioun mat oppene Grenzen. Beweegungsfräiheet, wéi mir se verstinn, ka just ënnerhalb vun der Groussregioun geduecht a praktizéiert ginn. Dëst gëllt fir Entreprisen. Dëst gëllt och fir Famillen a Frënn.
  4. Virbildlech Gemengen: Kloer Richtlinnen, méi Ënnerstëtzung, méi Mëttel

    D’Erfolleger an der Coronakris wieren ouni de virbildlechen Asaz vun eise Gemengen an dem Gemengesyndikat SYVICOL onméiglech gewiescht. Laang Zäit huet hei den noutwennege Réckewand aus dem Inneministère gefeelt. Dëst musse mir änneren. D’Gemengen brauche kee Tuteur, mee si musse méi staark abezu ginn. Mat klore Richtlinnen, besserer administrativer Ënnerstëtzung a méi finanzielle Mëttel. Gemengen dierfen op Grond vun der Coronakris net an eng finanziell Schiflag geroden.
  5. D’Wirtschaftskris offiederen: Zukünfteg Hëllefen a Planungssécherheet

    Scho laang ass aus der sanitärer och eng wirtschaftlech Kris ginn. Elo muss d’Wirtschaftskris ofgefiedert ginn. Fir datt eis Entreprise keng bleiwend Schied erleiden. Déi beschlossen Direkthëllefe mussen dofir schnell an onbürokratesch bei de Betriber ukommen. Ongerechtegkeeten musse vermeit ginn. Mir stinn als CSV fir eng Gläichbehandlung vu groussen a klengen Entreprisen. Virun allem kleng Betriber dierfen mir net am Reen stoe loossen. D’Kris dierf net méi zu engem Concours féieren.Mir hunn als CSV scho wäitreechend Virschléi ënnerbreet: steierlech Begënschtegunge fir privat Proprietären, déi op hire Loyer verzichten; d’Méiglechkeet vun enger Besteierung op zwee Joer nom „carry back, carry forward“-Prinzip; weider Bäihëllefen fir kleng Betriber an Onofhängeger; Ëmdenke bei der Insolvenzlegislatioun.

    Virun allem brauchen d’Entreprisen elo Planungssécherheet a Perspektiven. D’Bedéngungen an den Zäitraum vun der Erëffnung musse kloer kommunizéiert ginn. Zudeem braucht et ee Gesamt-Pak mat Wäitsiicht, sou wéi eng Iwwersiicht iwwert all secteurspezifesch Bäihëllefen. Laangfristeg brauche mir eng méi strategesch Standuertpolitik. Lëtzebuerg an Europa musse méi onofhängeg ginn. Bei Medikamenter a Schutzmaterial. Awer och mat enger konsequenter Reindustrialiséierung.

  6. D’Sozialkris ofwieren: Sozialdialog a sozialen Zesummenhalt

    Ënnert kengen Ëmstänn dierf aus der sanitärer a wirtschaftlecher Kris eng Sozialkris ginn. D’Schéier tëscht Aarm a Räich dierf net nach méi grouss ginn. Dat selwecht gëllt fir de Chômage, virun deem Lëtzebuerg net verschount ass. Hei muss – opbauend op der bemierkenswäerter Solidaritéitswell an der Gesellschaft – verstäerkt sozialpolitesch géigegesteiert ginn. Eventuell muss d’Sozialnetz verstäerkt ginn, fir d’Mënsche besser opfänken ze kënnen.De fir eis zentrale sozialen Zesummenhalt vun der Zukunft wäert dovun ofhänken, wéi mir déi sozial Auswierkunge vun der Kris meeschteren. Zudeem muss d’Exit-Strategie zesumme mat alle Sozialpartner ausgeschafft ginn. Consulting-Entreprise kënne kee Sozialdialog ersetzen.
  7. Landwirtschaft a Wäibau: Liewensmëttelsécherheet méi regional denken

    Och d’Landwirtschaft ass vu strategescher Bedeitung fir d’Zukunft vun eisem Land. Och si ass systemrelevant. Ouni eng zukunftsfäeg Landwirtschaft kann et keng Liewensmëttelsécherheet ginn. Dofir mussen all Direkthëllefen a familljepolitesch Moossnamen och op d’Landwirtschaft, de Wäibau a Gaardebau uwennbar sinn. Regionalitéit muss méi staark gefërdert ginn. De Staat muss hei mat guddem Beispill virgoen.D’Landwirtschaft soll sech zudeem weider diversifizéieren: Méi Geméisubau, méi Uebstproduktioun, méi Gefliggelzucht, aner Alternativen. Déi national Politik muss hei déi entspriechend Kaderbedéngunge setzen.
  8. Prioritéit Gesondheet: Patient am Mëttelpunkt, Fleege- a Gesondheetsberuffer opwäerten

    D’Gesondheetspolitik ass an der Vergaangenheet staark vernoléissegt ginn. Si muss nees zur éischter politescher Prioritéit ginn. Eise Gesondheetssystem muss méi patientenorientéiert, onbürokratesch a manner wirtschaftlech ausgeriicht ginn. D’Fleeg muss mat méi Häerz a manner Stoppaueren ëmgesat ginn. Heivir sinn Upassungen an der Fleegeversécherung an dem Spidolsplang noutwenneg.Mir brauchen zudeem eng laangfristeg Opwäertung vu Gesondheets- a Fleegeberuffer, sou wéi eng Neigestaltung vun der Ausbildung. Gläichzäiteg muss eise Gesondheetssystem méi krisefest ginn. Eis Spideeler brauchen eenheetlech Standarden. D’Nomenclature muss schnell iwwerschafft ginn An och déi psychesch Gesondheet an déi medezinesch Virsuerg dierfen net méi laang vernoléissegt ginn.
  9. Schutz vun eisen eeleren a vulnerabele Mënsche mat méi Aemooss

    Virun allem eeler a schwaach Mënsche mécht de Lockdown immens ze schafen. Och hei musse mir léieren, mam Virus ze liewen. An den Altersheemer, Fleegeheemer a Spideeler muss ee Wee zu méi Normalitéit fonnt ginn. Sécherheetsvirkéierunge bleiwe vu besonnescher Bedeitung. De sanitäre Schutz vun eisen eeleren a schwaache Matbierger bleift richteg.Mir hunn an enger Motioun, déi eestëmmeg ugeholl gouf, d’Regierung opgefuerdert, national Richtlinnen fir eng physesch Stierfbegleedung auszeschaffen. Mir fuerderen verbindlech national Richtlinnen fir eng Erweiderung vum Visiteursrecht bei eeleren a kranke Mënschen. Déi noutwenneg Mëttel mussen hei zur Verfügung gestallt ginn. Krank Mënschen dierfe mat hiren Ängscht net eleng gelooss ginn. Och dëst ass eng Fro vu Mënschlechtkeet.
  10. Schoul vum Wesentlechen: Bildungsnoutstand duerch d’Coronakris verhënneren

    Mir begréissen d’Schoulnormalitéit an Etappen. Mee d’Rentrée muss besser virbereet ginn. Schüler, Elteren a Schoulmeeschteren hunn d’Recht op kloer Richtlinnen. Besonnesch a Saache Sécherheetsvirkéierungen a Betreiung ausserhalb vun der Schoul („Maisons Relais“). Dat noutwennegt Material zur Anhalung vun de Sécherheetsvirkéierunge muss de Schoulen zur Verfügung gestallt ginn. D’Responsabilitéit dierf net op Gemengen an Direktiounen ofgewälzt ginn. De Cours fir d’Ofschlossklasse soll eng fakultativ Offer sinn, als spezifesch Hëllef bei Besoin.Kee Schüler dierf op Grond vu Corona ee bleiwende Bildungsréckstand behalen. Den Afloss vum sozioekonomeschen hannergrond op de Bildungserfolleg dierf net verstäerkt ginn. D’Chancëgläichheet muss vill méi verbessert ginn. D’Schüler mussen dofir mat dem noutwennegen IT-Material versuergt ginn. Schüler mat Wëssenslücken mussen onbürokratesch a gratis Nohëllef kréien. Dës Méiglechkeet soll ab elo fakultativ offréiert ginn. Eventuell Wëssenslücke solle bis zur Rentrée am September esou gutt wéi méiglech eliminéiert ginn.

    D’Schoule solle sech och no der Kris verstäerkt op déi wiesentlech Punkte vum Léierstoff konzentréieren. D’Programme mussen entschlackt ginn. De Cours muss fächeriwwergräifend, kompetenz- a projetsorientéiert gemaach ginn. Trotzdeem dierfe Beweegung a sportlech Aktivitéiten net aus dem Schoulalldag verschwannen. Hei sollen Aktivitéitspläng ënnert Anhalung vum erfuerderleche Sécherheetsofstand als Virschlag ausgeschafft ginn. Schliisslech dierf d’Regierung dës Kris net dozou notzen, den Elteren eng Friembetreiung vun hire Kanner virzeschreiwen! D’CSV steet och an der Kris fir de fräie Choix vun den Elteren.

  11. Digitaliséierung an Teletravail: D’Kris als Gamechanger

    Home-Schooling an Home-Office gehéieren an der Coronakris fir vill Mënschen zum neien Alldag. Mir hunn eis schonn an der Vergaangenheet fir Teletravail an Home-Office staark gemaach. Elo hu mir aus der Nout eng Tugend gemaach. Och an der neier Normalitéit no der Kris muss den Home-Office eng gréisser Roll spille, wéi virun der Kris.Mir brauche zudeem méi Rechtssécherheet fir Salariéen a Patronen. Virun allem d’Recht op d’Ofschalte muss garantéiert ginn. Mir mussen eis zudeem fir laangfristeg steierlech Léisungen a Saachen Teletravail mat eisen Nopeschlänner ausschaffen. D’Infrastrukture vun der Digitaliséierung musse verstäerkt ginn. Eng no Opwäertung vum Teletravail ass erfuerderlech. No der Kris muss den Home-Office a begrenzter Form erhale bleiwen. Souwuel aus familljepoliteschen, wéi och aus ekologesche Grënn. Och hei muss de richtege Mëttelwee fonnt ginn.
  12. Keng Kriseverlängerung duerch d’Hannerdier: Een equilibréiert Covid-19-Gesetz

    Eng Verlängerung vum Krisenzoustand ass fir eis keng Optioun. D’Regierung muss dofir esou schnell wéi méiglech een equilibréiert a situatiounsbezunnent Covid-19-Gesetz virleeën. Dës Gesetzesvirlag muss sanitär, gesellschaftlech, wirtschaftlech, sozial an och verfassungsrechtlech equilibréiert sinn. Eng Verlängerung vum Krisenzoustand duerch déi parlamentaresch Hannerdier lehne mir of. Dat selwecht gëllt fir onnéideg Aschränkungen vun der Fräiheet.

Nei Normalitéit an een Neistart duerch Perspektive vun der Hoffnung

Déi sanitär Kris ass nach laang net iwwerstanen. D’Wirtschafts- a Sozialkris och net. Mee mir dierfen eist Liewen net dem Virus iwwerloossen. Mir mussen eis Zukunft nees selwer an d’Hand huelen. An ënnert den erfuerderleche Sécherheetsvirkéierungen vun eiser oppener Gesellschaft och politesch, wirtschaftlech a mënschlech nees opmaachen.

Mat enger kuerzfristeger Exit-Strategie vun der neier Normalitéit. Mat engem kloren a fir d’Bierger an Entreprise verlässleche Roadmap. Mit engem nohaltegen Neistart no der Kris, deen net einfach een Zeréck zum „Business as usual“ ka sinn. Virun allem awer mat Perspektive fir d’Mënschen an hiert Wuelbefannen. Wëll just mat Perspektive vun der Hoffnung wäerte mir gemeinsam d’Coronakris iwwerwanne kënnen.

Matgedeelt vun der CSV-Fraktioun

Opmaacherbild: © David Anderson / Unsplash

Ähnlech Sujeten Bildung, CSV-Fraktioun, Deconfinement, Europäesch Unioun, Exit-Roadmap, Exit-Strategie, Fleeg, Fuerderungen, Landwirtschaft, Normalitéit, Oppe Grenzen, Teletravail, vulnerabel Persounen, Wäibau
Nächsten Artikel Virrechten Artikel