Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Séi um Kierchbierg, Gläichstellung bei de Steieren a Schoulfräi kréie fir d’Sprangprëssessioun
online dating dumped

E Séi um Kierchbierg, Gläichstellung bei de Steieren a Schoulfräi kréie fir d’Sprangprëssessioun

Et ass erëm esou wäit: Nei Petitioune si fräigeschalt a

what to expect when dating a man with adhd
online dating dumped

https://moien.lu/hook-up-breaker/

Nodeems déi gréissten Oppositiounspartei an der Chamber d‘Relève vun den

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“
online dating dumped

Haus vum Horror: D‘Eltere vun de Kanner plädéieren „Net Schëlleg!“

Déi a Kalifornien verhafte Koppel David a Louise Turpin, hunn

CSV-President Frank Engel stellt seng Truppen op

CSV-President Frank Engel stellt seng Truppen op

Beim aussergewéinleche Kongress vun de Konservativen ass d‘Regierungskoalitioun net geschount ginn. Et wier eng arrogant Band an stänneg géif et nei Skandaler, mee et wier ee gewëllt eng Hand unzepaken, fir datt ee sech – zumindest an der Chamber – nees op déi eigentlech politesch Aarbecht ka konzentréieren. A falls d‘Majoritéit et wéilt, wier een och bereet Virschléi op den Dësch ze leeën.

Et war ee wichtege wann och aussergewéinleche Kongress fir eng Partei déi op der Sich no enger Zukunft ass, an där si nees bestëmmen dierfen. Mam Frank Engel huet sech d‘CSV e streideregen a wéineg conciliante President geleescht, an huet sech an der Chamber och virgeholl eng wiesentlech méi proaktiv Oppositiounsroll anzehuelen. E Samschdeg ass dat nach emol iwwerdäitlech ginn.

An d‘Fraktiounscheffin Martine Hansen rifft hir Leit op nach méi no un d‘Vollek erunzetrieden. Et hätt een déi grouss Vakanz genotzt fir de Leit nozelauschteren, mee et misst ee sech fir de politesche Changement asetzen. Ee vun de Changementer huet d‘CSV jo elo och schonn hikritt: si ass endlech zerguttst an der Oppositioun ukomm. Mat konstruktiver Kritik awer huet et séier wéineg ze dinn.

Et gëtt nëmmen eng Vollekspartei

Un Diskussiounsthemen huet et zu Rodange och net gefeelt an no gefillten dräi Deeg huet de Frank Engel endlech seng „Message“ an de Sall gehäit: „Et soll kee méi kommen a behaapten d‘CSV hätt keng Virschléi déi hir eege sinn!“. Dräi Sätz Virdrun hat hien nach de Koalitiounsparteien d‘Hand gereecht, firwat och direkt mat enger erstaunlecher Vehemenz betount gouf: „Et ass keng Offer!“.

Eng u sech iwwerflësseg Ausso, déi sech op de Fait bezitt, datt eng Wochenzeitung erausfonnt huet, datt d‘CSV bei der DP an der LSAP soll ugeklappt hunn, fir Gambia „ze sprengen“. Vu Koalitioun war awer e Samschdeg net méi rieds, just nach datt „ee bereet ass eng Hand mat unzepaken“. An och dës Ausso muss ee leider relativiséieren, ugesiichts den erhuewene Virwërf géint d‘Regierung.

Déi huet d‘Martine Hansen zortéiert an opgelëscht. Et geet ëm d‘Datebanke bei Police a Justiz, dat ominéist Gaardenhaischen, eng Millen zu Iechternach, de „Film Fund“ an eng asazfreedeg Familljeministesch. Net wierklech dat, wat een ugesiichts der Aart a Weis wéi eis Gesellschaft sech iwwert déi lescht 60 Joer entwéckelt huet, als Contraire zu eise Geflogenheete kann denoncéieren.

D‘CSV lieft!

Wann et sécherlech net oninteressant war, wéi den CSV-Kongress déi politesch Landschaft am Land gesäit, esou ass dann hei och ëm méi „Grondsätzleches“ gaangen. Esou war et fir d‘Parteileedung wichteg iwwert eng Resolutioun zu 3 prioritären Dossieren ofstëmmen ze loossen, déi anscheinend d‘Bierger am Land am meeschte „beschäftegen“ an d‘Regierung net schéngt an de Grëff ze kréien.

Do wier de Logement, de Klimawandel an de Wuesstem. Datt d‘CSV, déi gefillt honnert Joer un der Muecht war, fir all dës „Problemer“ duerch hir jorelaang Politik d‘Grondlage selwer geschafen huet hu se vergiess ze ernimmen, firwat bis op eng Enthalung alles am Sall de Resolutiounstext ugeholl huet. Et hat och Virschléi zu Amendementer ginn, wouraus ze enthuelen ass, datt d‘Partei lieft…

Interessant zudeem, datt een am Verlaf vum Kongress ëmmer méi iwwerzeegt konnt sinn, datt ee bei der CSV weess, fir nees un d‘Muecht ze kommen, brauch et entweder e liberalen oder e soziale Partner. Esou schéisst sech d‘CSV op déi gréng an, wat strategesch absolut Sënn mécht. Déi sinn de Moment net grad a beschter Verfassung, astellen duerch hire Beholl déi eegen Zukunft a Fro.

Féck de Klima?

Datt d‘CSV de Klima muss an dat politescht Programmheft ophuelen ass kloer, datt sech elo d‘CSV awer als de „Messias“ fir de Klimawandel presentéiert, zimlech gewot. Mee de Frank Engel, ee Mann deen iwwerzeegt ass datt de Victor Orban en Demokrat ass, seet: „Et ass un eis den Toun bei der Klimapolitik unzeginn, well déi gréng sinn net an der Lag dat ze maachen“. Keen huet gelaacht.

Elo ass och nach de Logement e Ressort an den Hänn vun déi gréng, also laut CSV Siicht an deene falschen Hänn. Si wëllen de Bauperimeter erweideren, eng Spekulatiounssteier a villes méi, wat si, wéi si an der Regierung waren ëmmer ze verhënnere woussten. Firwat si an deene Gemenge wou si d‘Soen hunn net méi Sozialwunnenge bauen oder bestoend Gesetzer uwenne bleift onbeäntwert.

Positiv de Gedanken, datt sech d‘CSV fir ee wiesentlech méi ekologesch orientéierte Wuesstem wëll asetzen. Nei Betriber an/oder Entreprisen déi op Lëtzebuerg komme sollten esou eng Rei ekologesch Kritären erfëllen. Dat ass eng kloer Ofso u Google a Fage a stellt eigentlech och déi bestoend Industrie zumindest eppes a Fro. Bon esou eescht gemengt ass dat dann elo awer och net.

Illustratioun: Succo / Pixabay

Ähnlech Sujeten CSV, CSV-Fraktioun, CSV-Kongress, Frank Engel, Klima, Logement, Martine Hansen, Oppositioun, Wuesstem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel