Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LISER: Beweege mir eis genuch am Alter?
https://moien.lu/hobbies-dating/

LISER: Beweege mir eis genuch am Alter?

De Manktem u Beweegung ass laut WHO de véiert gréisste

red flags to look for when online dating
https://moien.lu/hobbies-dating/

funny dating bio quotes

Bei der 7. an 8. Manche vum Porsche Carrera Cup

Ass ArcelorMittal bereet op de Site Diddeleng ze verzichten?
https://moien.lu/hobbies-dating/

Ass ArcelorMittal bereet op de Site Diddeleng ze verzichten?

E Freideg huet ArcelorMittal op senger Internetsäit matgedeelt, bereet ze

D‘CSV huet en neie President an der Persoun vum Frank Engel

CSV-Kongress: Ass eng Erneierung mat ale Grondsätz méiglech?

D‘CSV huet en neie President an der Persoun vum Frank Engel

Zwee Kandidaten, ee Mandat. Dat war et wat beim CSV-Kongress fir grouss Spannungen an zum Deel och Erwaardunge geniert hat. Wien tëscht dem 43 järegen Europa-Deputéierten, Frank Engel, an dem 37 Joer jonken Deputéierten, Serge Wilmes, soll d‘Partei an d‘Zukunft féieren?

E Samschdeg gouf et beim CSV-Kongress dorops eng Äntwert: mat 287 Stëmmen – géintiwwer 245 – hunn sech déi ronn 600 stëmmberechtegt Delegéiert fir de Frank Engel entscheet. Et huet awer net nëmmen e Wiessel un der Parteispëtzt ginn. Zil vum Kongress war et sech en Neistart ze gënnen. En neie President, en neie Generalsekretär, an en neien Nationalcomité.

Op dëser Plaz dann déi kuerz Remark, datt sech béid Kandidate fir d‘Mandat vum Parteipresident, bei de Bezierkskongresser, am Virfeld vum Nationalkongress, den Delegéierte konnte virstellen, an dësen erklär hunn firwat si déi beschte Wiel sinn. Vun dësen Debatte konnt net bericht ginn, wëll d‘CSV entscheet hat, all d‘Bezierkskongresser hanner geschlossen Dieren ofzehalen.

Iwwerdroe kann ee folglech nëmme wat sech esou „um Gank erzielt gëtt“, an dëse Rumeuren ass ze enthuelen, datt sech de Serge Wilmes wéi e „Beamten“ den Delegéierte presentéiert huet. De Frank Angel dogéint, wier als „politesch Kampfmaschinn“ opgetrueden. Hien hätt a ville Käpp den Androck hannerlooss, et mat enger ganzer Regierung an esouguer Bréissel ophuelen ze kënnen.

Charismatesch wéi de Juncker?

Et dierf een trotz de Rumeuren dovunner ausgoen, datt et um Samschdeg zu Mutfert nach genuch Delegéierter ginn huet, déi sech net ganz sécher waren, wien um Enn de beschter Choix wier. An d‘Wahlresultat bestätegt dës Feststellung. Woubäi een unerkenne muss, datt op der Tribün, de Frank Engel déi bëssegst Ried geschmass, an zimlech konkret Proposen an de Raum geworf huet.

Fir de neie President ass et entscheedend, datt ee sech nees eegen a kloer politesch Ziler setzt. Wann een op d‘Oppositiounsbänk verdrängt gouf, muss ee sech och behuele wéi eng Oppositiounspartei, esou de Frank Engel. De Serge Wilmes, deem säi Kredo um Dialog an dem federéiere vun allen an der Partei aktive geleeën huet, hat vläicht déi besser Argumenter, net awer de bëssegen Toun getraff.

An da war do de Geescht vun engem Jean-Claude Juncker, deen iwwert villen Delegéiertekäpp geschwieft ass. Datt et der gëtt, déi am Frank Engel ähnlech charismatesch Charakterzich wéi beim EU-Kommissiounspresident wëllen erkannt hunn, an dat hire Choix beaflosst huet, verwonnert. Si wëlle jo en Neiufank, ee mat neien Iddien an méi ideologesch onofhängegem Inhalt begeeschteren.

Partiell kann een et verstoen, zumindest wann ee sech op déi „Riichteraus“ Aart a Weis vum Jott-zé-Jott bezitt, déi och dem Frank Engel zougeschwat gëtt. Net ze vergiessen, datt de Frank Engel och e Member vum elitär-konservative „Cercle Bech“ ass. Dat ass net d‘Fundament fir eppes wat ee wëll als Erneierung verkafen, mee hien huet sech zu Stroossbuerg och en Numm als Humanist gemaach.

„Mir sinn déi cool Partei“

Wouhinner soll dann elo mam neie President déi politesch Rees vun der CSV higoen? Als éischt, esou de Frank Engel, muss ee sech op d‘Kärgeschäft vun der Partei besënnen, an d‘Jugend (CSJ) besser abannen. Op et der CSV allerdéngs soll geléngen, esou wéi hie sech dat wënscht „esou eng cool Bewegung wéi déi jonk Piraten oder jonk gréng“ op d‘Been ze stellen, bleift ze beweisen.

De Frank Engel wëll zudeem iwwert d‘Parteigrenzen ewech begeeschteren. Am Géigesaz zum Serge Wilmes, deen d‘CSV-Memberen an hirem Ensembel, also och mat der CSJ, federéiere wëll, huet de neie President net nëmmen eng Partei vun a fir d‘Membere sinn. Et muss ee méi Presenz an der Zivilgesellschaft a innerhalb de Gewerkschaften demonstréieren. Esou wier ee Volleksno…

Fir den „Neien“ ass et wichteg, sech esou ze positionéieren, datt d‘CSV weder ze vill Akademesch, nach ze vill intellektuell eriwwerkënnt. Et muss eng däitlech, onverkennbar Sprooch geschwat ginn. Et muss sech vir méi Steiergerechtegkeet agesat ginn, betount de Frank Engel am Bezuch op eng europäesch Steierpolitik. Mee Gerechtegkeet gëtt et zu Bréissel seelen am Sënn vum Bierger…

A leider mécht eis och e Frank Engel vir, wéi wichteg EU-Politik am verglach zur nationaler Politik ass. Wann een dovunner iwwerzeegt ass, als Parteipresident méi EU-Politik bedreiwen ze kënnen, wéi als Europa-Deputéierten, muss et erlaabt sinn ze froe wat hie am EU-Parlament gemaach huet? Eigentlech huet hie vill Opweises, firwat ee bedaueren dierf, datt hien do elo keng Roll méi spillt.

Wa sech déi „al“ zréckzeien

Dat awer ass säi perséinleche Choix, an elo heescht et mat der neier Equipp d‘Zukunft vun der CSV an dréchen Dicher ze bréngen. Zill muss ganz kloer nees d‘Regierungsmandat sinn, och wann et elo emol drëms wäert goen, esouvill Kandidate wéi méiglech bei den Europawahle mat engem Mandat auszestafféieren. Wéi eng politesch Strategie um Krautmaart Uwennung fanne wäert, a voir…

Fir den austriedende President Marc Spautz, war et keen einfachen Ofschloss. Woubäi hien och op Erfolleger zréckblécke kann: e gutt Ofschneide bei de leschten EU-Wahlen, déi grouss Victoire bei de Gemengewahlen. Leedeglech bei de Chamberwahlen, war et schwiereg, woubäi gewosst war, datt déi bestoend Koalitioun drop hi geschafft hat, fir nach emol an d‘Verantwortung ze kommen.

Beim CSV-Kongress ass och d‘Mandat vum Generalsekretär Laurent Zeimet weidergereecht ginn. Dëse Parteiposte gëtt elo vum Felix Eischen ausgefëllt, deen ouni Géigner fir d‘Mandat opgestallt war. D‘Iwwerraschunge sinn, wann ee sech op déi sëllechen „Interventiounen“ vun Experten a politesch erfuere Kollege bezitt, zu gudder Lescht ausbliwwen. Elo sollt ee sech nees eraushalen.

Ähnlech Sujeten CSV, CSV-Kongress, Erneierung, Europawahlen 2019, Frank Engel, Laurent Zeimet, Marc Spautz, Serge Wilmes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel