Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!
Neiegkeeten

Du mengs, du géings eis Verbe gutt kënnen? Da versich dech un eisem Präteritum-Quiz!

De Präteritum ass eng Raritéit: Just nach eng 30 Verben

Bitcoin: Déi zweet offiziell Währung vu Lëtzebuerg?
Neiegkeeten

Bitcoin: Déi zweet offiziell Währung vu Lëtzebuerg?

Vum Bitcoin gëtt an der Làscht vill geschwat. China huet

CHEM: Am Déngscht vum Patient
Neiegkeeten

CHEM: Am Déngscht vum Patient

Gëschter gouf zu Esch/Uelzecht de Bilan vum CHEM (Centre Hospitalier

D’CSV iwwerhëlt ADR-Fuerderung vum Verfassungsreferendum mat Detailfroen

D’CSV iwwerhëlt ADR-Fuerderung vum Verfassungsreferendum mat Detailfroen

Dat wichtegst Gesetz vun engem Land ass d’Verfassung, och Grondgesetz genannt, dat fir d’Stabilitéit vun den Institutioune suergt an de Bierger virun der Willkür vum Staat schützt.

Eng grondleeënd Reform vun der Verfassung kann duerfir nëmme mat de Bierger gemaach ginn, dat heescht, d’Bierger musse vun Ufank un, enk mat an d’Diskussioun an, an den Entscheedungsprozess agebonne ginn.

D’ADR huet dofir de Referendum vun 2015 begréisst, well do d’Vollek an enger geheimer Ofstëmmung seng Meenung zu dräi klore Froe konnt zum Ausdrock bréngen, déi dann och am neie Verfassungstext hire Nidderschlag musse fannen.

D’ADR huet dofir an hirem Walprogramm 2018 festgehalen, an op hirem Nationalkongress vun 2019 nach eng Kéier confirméiert, datt am Virfeld vun der Verfassungsreform weider punktuell Froen iwwert Artikelen oder Kapitele missten an engem Referendum vum Bierger decidéiert ginn.

Den ofschléissenden integralen Text gëtt dann de Bierger nach eemol zur Ofstëmmung virgeluecht.

De politesch Kompromëss tëschent CSV, LSAP, DP a Grénge war a Wierklechkeet näischt weider wéi e politesche Kouhandel tëschent Parteien, deen awer net onbedéngt dem Wëlle vun de Bierger entsprieche muss.

Bei der ADR-Propositioun brauchen d’Bierger net iwwert e politesche Kouhandel ofzestëmmen, mee d’Lëtzebuerger Vollek decidéiert eleng, wéi seng Verfassung ausgesäit.

D’ADR kann dës 180-Grad-Kéier nëmme begréissen an ass frou driwwer, datt d’CSV op déi 2018 an hirem Walprogramm festgehale Prozedur verzicht. Zënter gëschter schéingt d’CSV aus dem parteipolitesche Kouhandel wëllen erauszeklammen a sech der ADR-Propositioun zu 100% unzeschléissen.

Matgedeelt vun der ADR

Illustratioun: Erich Westendarp/Pixabay

Ähnlech Sujeten adr, CSV, Referendum, Verfassung, Verfassungsreform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel