Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch
Meenung Neiegkeeten

Lacrosse: Lycée Guillaume Kroll gewënnt Jugendturnéier an der Belsch

Déi Lëtzebuerger Lacrosse-Ekipp aus dem Lycée Guillaume Kroll (LGK) huet

De Poopst zelebréiert Chrëschtmetten
Meenung Neiegkeeten

De Poopst zelebréiert Chrëschtmetten

A senger Priedegt huet de Poopst Francis erkläert, datt eis

dislike
Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid
Meenung Neiegkeeten

Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid

Wéi Stephen O‘Brien vun der UNO et aschätzt, steet et

CSV: Keng Finanzausfäll fir d’Gemengen!

CSV: Keng Finanzausfäll fir d’Gemengen!

Duerch de Circulaire vum 8. Mee huet d’Inneministesch de Gemenge matgedeelt, datt de Finanzéierungsausfall fir dat lafen Joer wuel ronn 20 % vun de geplangte kommunale Recetten ausmaache wäert. D’Inneministesch dréckt d’Verantwortung fir den Ausgläich vun de kommunale Menagen op d’Gemengen. Vu staatlechen Zouwennungen ass an dem Circulaire net riets.

Déi ze erwaarde Schiflag vu ville kommunale Menagen ergëtt sech aus nationale politeschen Entscheedungen vun de vergaangene Méint. Et ass deemno komplett inakzeptabel, datt d’Gemengen elo eleng kucke wëllen, sou si bleiwen. All Betrib an all Privathaushalt, dee vu finanziellen Ausfäll betraff ass, ka staatlech Ënnerstëtzung ufroen. D’Gemengen hunn an der Coronakris zousätzlech Aufgaben ze meeschteren, déi erhieflech Käschte mat sech bréngen. Si ginn elo vun der Regierung am Reen stoe gelooss.

Anescht wéi vun der Inneministesch behaapt, ass déi allgemeng Finanzlag vu ville Gemenge schonn elo alles anescht wéi gutt – a si wäert sech dëst Joer dramatesch verschlechteren. D’Kris wäert och iwwer 2020 hannenaus nach finanziell Auswierkungen hunn. Op méi laang Frist riskéieren vill Gemengen, an eng Verschodlungsspiral ze geroden, déi d’Handlungsfäegkeet wäit iwwer 2020 hannenaus bedreet. Wesentlech ëffentlech Investitioune géifen esou iwwer Jore gefährt ginn.

D’Gemenge sinn ee wesentlechen Investisseur zu Lëtzebuerg. Vun hinnen hänkt d’Optragslag vu ville Betriber, virun allem klenger a mëttleren, of. D’Gemenge finanziell handlungsfäeg ze halen ass deemno souwuel wirtschaftspolitesch indispensabel, wéi och d’Offer vun nationaler Solidaritéit. De Staat kann net dauernd Aufgaben un d’Gemengen iwwerdroen a si mat héijen Oploen an de Beräicher Aarbecht, Bau an Ëmwelt beleeën, ouni endlech seng eege Leeschtungen zu Gonschte vun de Gemengen unzepassen. Si brauchen eng konsequent a laangfristeg staatlech Ënnerstëtzung.

D’CSV fuerdert deemno, datt d’Ausfäll u Steierrecetten net un d’Gemenge weidergereecht ginn. De Staat muss d’Ausfäll vun de Gemengen iwwerhuelen. Déi elo erwaarte ronn 420 Milliounen Euro Minderrecette vun de Gemenge mussen duerch staatlech Sonnerzouwendunge vollstänneg ausgeglach ginn.

Dës sollten net un déi ongerecht Opdeelungskritäre gekoppelt sinn, déi déi kommunal Ëmverdeelung normalerweis auszeechent. An dëser Situatioun soll all Bierger, a wéi enger Gemeng och ëmmer hie säi Wunnsëtz huet, als Awunner vun engem solidaresche Land déi selwecht finanziell Behandlung kréien. Deemno muss fir d’Opdeelung vu Kompensatiounszuelungen eleng de Kritär vun der Awunnerzuel vun der jeeweileger Gemeng gëllen.

Matgedeelt vun der CSV

Opmaacherbild: © David Werbrouck / Unsplash

Ähnlech Sujeten CSV, Finanzausfäll, Gemengen, Inneministesch, Kris, Pandemie, Regierung, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel