Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch Uelzecht: En Dag an der Natur
Neiegkeeten

Esch Uelzecht: En Dag an der Natur

De Sonndeg 30. Juni ass zu Esch Uelzecht am Ellergronn

RAFTSIDE verëffentlecht „We have the sun“
Neiegkeeten

RAFTSIDE verëffentlecht „We have the sun“

Nom leschten Album Empty Start, deen 2017 erauskomm ass a

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen
Neiegkeeten

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen

Den Orkan Harvey huet op mannst ee Mënsch d’Liewe kascht

D’CSV zum Klimaschutz: Courage fir déi richteg Schrëtt

D’CSV zum Klimaschutz: Courage fir déi richteg Schrëtt

Fir Lëtzebuerg fällt den Earth Overshoot Day viraussiichtlech op de 16. Februar 2020. Earth Overshoot Day bedeit, datt all natierlech Ressourcen, déi am Laf vum Joer nowuessen, verbraucht sinn. Just Katar huet weltwäit eng méi schlecht Ekobilanz.

Fir déi schlecht Placéierung ass virun allem déi national CO2-Bilanz verantwortlech, déi duerch de Verkaf vun Diesel un auslännesch Camionen am Transitverkéier an d’Héicht gedriwwe gëtt. Säit Joren ass Lëtzebuerg a Saache Klimaschutz faktesch kee Schrëtt virukomm.

Den Dieselverkaf un auslännesch Camionen neutraliséiert all Beméiungen an anere Secteuren. Och am Entworf vum Energie- a Klimaplang, dee vun der Regierung viru wéinegen Deeg presentéiert ginn ass, fënnt keng Léisung dozou.

Just un der Präisschrauf ze dréien, geet net duer. Domat ginn eigentlech just regional Verkéiersparticipanten belaascht, déi oft keng Alternativ zum eegene Gefier hunn. Klimaschutzpolitik op Käschte vu Geréng- an Normalverdénger leent d’CSV kloer of.

Fir den Dieselverkaf un auslännesch Camionen ze reduzéieren, sollt dofir gepréift ginn, wéi den Transitverkéier begrenzt ka ginn. Et gëtt an Europa Beispiller fir esou Begrenzungen. Dobäi geet et och ëm Verkéierssécherheet. Eist Stroossen- an Autobunnsnetz ass fir de wuessende Camion-Verkéier a seng Ëmweeër net ausgeluecht. Eng Situatioun, déi vëlleg ausser Kontroll ze geroden dréit, wann an de kommende Méint mat ëmfangräichen Aarbechten um Autobunnsnetz ugefaange gëtt.

D’Eko- a Klimabilanz vun eisem Land muss drastesch verbessert ginn, d’Sécherheet op eise Stroosse kann eis net egal sinn. Mir brauche Courage fir déi richteg Schrëtt.

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten CO2-Bilanz, CSV, Diesel, Earth Overshoot Day, Klimaschutz, Klimawandel, Tanken
Nächsten Artikel Virrechten Artikel