Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Handelskrich suergt beim Weltwährungsfong fir Kappzerbrieches
i'm not a hookup girl

pass dating

Mam Handelskrich tëscht den USA a China, hunn sech däischter

allison harvard dating
i'm not a hookup girl

Iechternach: Nostalgesch verdreemt an eng alternativ Zukunft kucken.

Och dëst Joer war et den Weekend vum 4. August

De City Night Bus: Och op Halloween!
i'm not a hookup girl

De City Night Bus: Och op Halloween!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt de City Night Bus fir Halloween,

CSV-Kongress: Fir méi Liewensqualitéit an eng besser Mobilitéit

CSV-Kongress: Fir méi Liewensqualitéit an eng besser Mobilitéit

Si „hunn e Plang“. Dat zumindest steet op alle Wahlplakater, an gëtt engem och ëmmer nees vun de CSV-Kandidaten esou virgehalen. Um Samschdeg, beim Nationalkongress, huet de Spëtzekandidat verséchert, datt ee gewëllt bis zur leschter Minutt de Wieler vun dësem „Plang“ ze iwwerzeegen.

Beim Nationalkongress huet de Claude Wiseler net direkt missen iwwerzeegen. Mee och hei am „Alvisse“ Parkhotel, wollten d‘Sympathisante vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei, eppes méi gewuer ginn, zu dësem Programm deen hinnen an dräi Etappe virgestallt ginn ass. An den Dirigent vum CSV-Wahlkampf, Marc Glesener, huet sech als Moderator vum Ronndëschgespréich sichtlech wuel gefillt. Interessant: et sinn déi moderat, zentristesch Kandidaten, déi d‘Wuert hunn.

Eng „Kloerstellung“, wann se dann néideg wier, déi den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet, der Audienz mat de Wierder: „Den Zentrum ass am Sall“ presentéiert huet. D‘CSV als „Mëtt vun der Gesellschaft, als Mëtt vun der Politik“, ass net wierklech nei, mee bei Wahle wichteg ëmmer nees betount ze ginn. De Buergermeeschter vu Beetebuerg ass zudeem iwwerzeegt, datt et kengem am Land kann a wäert geléngen, der CSV dës Plaz, dësen Usproch ofzeknäppen.

Wou sinn d‘Prioritéiten?

Datt de Spëtzekandidat, Claude Wiseler, den Usproch op d‘Mandat als Premierminister stellt, ass gewosst, a wéi et ausgesäit, wëll hien dat Zil och ze erreechen. Um Samschdeg ware keng Tëscheriff ze erwaarden, wéi hien sech enger éischter Prioritéit ugeholl huet. Dat ass d‘Familljepolitik, an déi soll nees gi wéi se emol war: konservativ. Et soll esouguer nees eng „Familljenzoulag“ ginn, fir déi Fraen, déi d‘Wiel getraff hunn hir Kanner eleng doheem opzezéien.

Zweet Prioritéit: d‘Schoul. Hei hält d‘CSV fest, datt d‘Méisproochegkeet muss erhale bleiwen, also d‘Schoul seng Sproochemethodik iwwerschaffe muss. Hausaufgabenhëllef soll gratis sinn, an d‘Kanner sollten sech vum jéngsten Alter un, mam Unternehmertum ausenanersetzen. D‘Martine Hansen gesäit am Handwierk eng grouss Zukunft.

Eng weider CSV-Prioritéit: de Logement. Grad ewéi déi gréng, wëll och d‘CSV sech dofir asetzen, datt jidderengem en Daach iwwert dem Kapp sollt sécher sinn. De Marc Spautz huet sech bewosst net op e Réckbléck agelooss, mee huet erkannt, datt déi Aart a Weis wéi zu Lëtzebuerg gebaut gëtt, sech verännere muss. Laut him, sinn déi Zäite wou ee sech en Eefamilljenhaus mat Gaart gebaut huet eriwwer, et muss an d‘Héicht gebaut ginn, et muss een zesummeréckelen.

Als virleefeg leschte Punkt op der Prioritéitelëscht: d‘Mobilitéit. E Punkt deen dem Claude Wiseler um Häerz läit, an deen der Usiicht ass, datt ee „schonn haut dat plange muss, wat e muer wëll bauen“. An et feelt der CSV an dësem Punkt och net un Inhalt. Esou ass ee gewëllt den Tram bis Contern an Nidderaanwen rullen ze loossen, et solle méi Contournementer a méi Stroosse gebaut ginn. D‘CSV huet e Konzept fir d‘Mobilitéit a wëll dëst konkretiséiere wann ee si léisst.

Wou ass de Plang?

Hire Slogan „mir hunn e Plang“ verlaangt no Op- an Erklärung, an déi liwwert de Spëtzekandidat mat senger Ofschlossried. De Claude Wiseler, deen entgéint de Koalitiounsparteien e Samschdeg nach iwwerzeegt war, datt d‘CSV iwwer fënnef Joer eng ganz gutt Oppositiounsaarbecht geleescht huet, huet sech bereet gesot, e neie Start hinzeleeën. E „Neistart“ bedeit Verännerung, an de Changement fänkt domatter un, datt een – de wuel noutwennege – Wuesstem am Grëff huet.

De Claude Wiseler, wann hie bis Premierminister ass, wëll mat senger Regierung e kontrolléierten, selektive Wuesstem. En Zil dat hien als erreechbar betruecht, wann een de Steiersaz fir Betriber an Entreprisen, bannent de nächste fënnef bis siwe Joer op 20% erofsetzt. Et géif d‘Land fir vill nei Entreprisen attraktiv maachen, an engem erméiglechen, ënnert dësen, déi bescht, respektiv am bescht gëeegenten, auszewielen.

Hie verséchert och, datt sech ënnert senger Regierung, keng Ministeren an der Ëffentlechkeet un den Hals ginn, wëll een ënnerschiddlecher Opfaassung ass, wann et ëm d‘Opnam vun engem Produktiounsbetrib geet. Dat war dann eng däitlech Allusioun un den Dissens, deen et tëscht der LSAP an den déi gréng ginn huet, wéi d‘Steewollfabrick Knauf sollt op Suessem kommen.

Op eng „knaschteg“ Industrie, hunn se bei de CSV och keng Loscht. Hire Choix läit eendeiteg bei Entreprisen aus dem Finanz- an Assurancësecteur, den Informatiounstechnologien, der Biotechnologie, der Logistik an der zirkulärer Ekonomie. Am Plang vun der CSV, ass esouguer eng Plaz fir den ausgeglachene Budget, well, esou de Claude Wiseler, et der Koalitiounsregierung gelonge wier, trotz Wuesstem a gudder Konjunktur, den Defizit ze vergréisseren.

Kuerz notéiert

Bei der CSV huet ee wéineg Versteesdemech fir d‘Gebretz vun der Koalitiounsregierung. Déi huet sech kierzlech iwwert e stabillen „Tripple A“ gefreet, mee, wann een tëscht den Zeile liest, ass et net der Regierung hire Verdéngscht, mee der Gesondheet an der Innovatiounskraaft vun eisen Entreprisen a Betriber geschëlt. Richteg wier et op d‘Zesummespill vu Politik a Wirtschaft hinzeweisen, mee da wier een net am Wahlkampf.

Interessant och, datt d‘CSV beim Thema Pensiounen eng kloer Linn bäibehält. Déi missten, wann een net mam Kapp riicht ewech an d‘Rentemauer knuppe wëll, reforméiert ginn. Eng Fuerderung déi esou reegelméisseg vu Patronatsverbänn, Denkfabricken a soss Kapital-Lobbyiste gestallt gëtt, sech awer kengesfalls ouni d‘Zoustëmmung vun de Gewerkschafte realiséiere léisst.

Last not least“ geet de Claude Wiseler op de Sujet: Integratioun a Kohäsioun an. An dësem Kontext erënnert de CSV-Spëtzekandidat drun, datt de Lëtzebuerger ass wéi hien nu emol ass. A wann et sécherlech net verkéiert ass ze behaapten, datt d‘Auslänner zu Lëtzebuerg wëllkomm sinn, esou missten déi awer och verstoen, datt de Lëtzebuerger sech seng Identitéit erhale wëll.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Claude Wiseler, CSV, Laurent Zeimet, Marc Spautz, Martine Hansen, Nationalkongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel