Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem US-President säi schwaarze Freideg
speed dating norwich uk

Dem US-President säi schwaarze Freideg

Groussen „Halli-Galli“ am US-Kongress um Freideg: Zu Washington, während der

kostenlose dating apps iphone
online dating profile creator
speed dating norwich uk

how to bomb dating site

Déi diplomatesch Bezéiungen tëscht Däitschland an der Tierkei sinn am

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!
speed dating norwich uk

Rock’n’Classics Beefort – E puer Changementer am Programm!

Dësen August verzaubert de Rock’n’Classics nees mat engem kulturellen a

Der CSV hir Meenung zum Koalitiounsaccord

Vill schéi Wierder, wéineg Konsistentes...

Der CSV hir Meenung zum Koalitiounsaccord

Nodeems de Premier Xavier Bettel (DP), en Dënschdeg an der Chamber en ausgibege Resumé vum Koalitiounsaccord ofgeliwwert huet, war et gëschter un der gréisster Oppositiounspartei dergéint ze halen. An déi nei CSV-Fraktiounscheffin, Martine Hansen, huet sech net lappe gelooss.

D‘Feindbild ass kloer definéiert, an d‘Martine Hansen decidéiert et dëser Regierung net ganz esou einfach ze maachen, wéi et den Uschäin an der virechter Legislaturperiod kéint gehat hunn. Si huet dem Premier a senge Ministere, am Bezuch op d‘Ëmsetzung vum Koalitiounsaccord „vill Gléck“ gewënscht an kee vun de politesche Géigner ausgelooss.

Et wäert elo also endlech eppes méi Kritik an der Chamber zum Ausdrock bruecht ginn. Wat de Regierungsprogramm ugeet, esou resuméiert d‘Martine Hansen dat an e puer Sätz mat: „e Programm vu de schéine Wierder“, oder „e Moossnamekatalog ouni roude Fuedem“, an „e Programm ouni Präisschëld“. D‘Richtung schéngt kloer…

A fir dem Regierungschef däitlech ze maachen, datt et an dëser Legislaturperiod zu enger lieweger Oppositioun kënnt, huet si däitlech gemaach, datt et keng „Zukunft op lëtzebuergesch“ ka ginn, wann et an der DP keng global Zukunftsvisioun gëtt. D‘Kritik déi Martine Hansen hei virbruecht huet, kann een duerchaus als „konstruktiv“ bezeechnen, och wann den Toun „haart“ war.

246 Säite „waarm Loft“?

Fir unzefänken, huet d‘CSV-Fraktiounscheffin festgestallt, datt et am „Programm“ näischt gëtt, wat op e qualitative Wirtschaftswuesstem hiweist, deen sech awer ugesiichts de villen Aussoe vun der Regierung eigentlech als „roude Fuedem“ duerch déi 246 Säite vum Koalitiounsaccord hätt misse presentéieren. Rieds ass dogéint vun engem dem BIP ugepasste quantitative Wuesstem…

Bedauert gëtt och, datt de Fokus op déi finanziell Avantage fir d‘Bierger geluecht gëtt, wou et dach awer esou wichteg wier, eng méi breet opgestallten Approche an d‘A ze faassen. Wann d‘Martine Hansen d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport net direkt diskreditéiert huet, esou wéisst ee gäre wéi dat finanzéiert soll ginn. Si kennt d‘Äntwert: mat der Reduktioun vum Deplacement-Forfait.

Dorops intervenéiert de François Bausch burschikos: „Säit elo enger Woch sot dir Onwourechten (…) d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport gëtt net iwwert dëse Wee finanzéiert“. De Konter vum Martine Hansen ass awer net vun der Hand ze weisen: „(…) wann déi zwou Moossnamen an engem Paragraf optauchen, da kann dat net dorunner geleeën hunn, datt d‘Reduktioun vum Deplacement-Forfait geduecht ass d‘Baisse vun der TVA op Dammen-Hygiènesartikel ze finanzéieren“.

Verbal attackéiert goufen och d‘Ministere Claude Meisch (DP) a Claude Turmes (déi gréng). Deen éischte wéinst senger onverständlecher Educatiounspolitik, deen zweete wéinst dem Mangel u Courage am Kontext vum „Tanktourismus“, de „Moossname beim Diesel“ mee och dem Wëllen de Konsum vu rekreative Cannabis zu engem legale Kader ze verhëllefen.

Wann d‘Fronten esou bleiwe wéi se sech den Ament ofzeechnen, da versprécht dës Legislaturperiod tatsächlech méi interessant ze gi wéi déi Virecht. Sécher ass awer schonn emol, datt et eppes méi kontrovers Debatten dierft ginn, zemools wou jo och d‘ADR an d‘Piraten, duerch hiren technesche Grupp eppes méi Riednerzäit hunn, an och nach eng Meenung vertrieden.

Ähnlech Sujeten Chamber, CSV, Koalitiounsaccord, Krautmaart, Martine Hansen, Oppositioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel