Search

You may also like

ACL: Engelen am Déngscht vun der Mobilitéit
Meenung Neiegkeeten

ACL: Engelen am Déngscht vun der Mobilitéit

D’Veräinsstrategie gouf bestätegt: Op der ordinärer Generalversammlung huet den Automobil

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali
Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – 30. Doudesdag vum Salvador Dali

Mir all kennen den exzentresche Kënschtler duerch seng schmëlzend Aueren,

D‘Mierscher Kulturhaus mécht Bock op Kultur
Meenung Neiegkeeten

D‘Mierscher Kulturhaus mécht Bock op Kultur

Um Méindeg gouf am klenge Krees zu Miersch de neie

CSV: Mënschlechkeet elo!

CSV: Mënschlechkeet elo!

Zënter Mëtt Mäerz ass d’Populatioun zu Lëtzebuerg confinéiert. Dat war am Ufank néideg an dréngend: Mir hunn e Virus kenne geléiert, dee nei fir eis all war, an deem seng Presenz eist Liewen op d’Kopp gehäit huet. Vun Ufank un ware mer zesummen der Meenung, datt besonnesch krank an eeler Leit misste komplett vun dësem Virus ofgeschiermt ginn. Duerfir goufen et keng Besich méi an Altersheemer a Spideeler. De Virus hätt do kënnen eng human Katastroph uriichten.

Iwwer sechs Woche sinn elo vergaangen, bannent deenen al a krank Leit komplett eleng woren. Kee Besuch, keng Hand, déi ee konnt drécken, keng Ëmaarmung vun engem léiwe Mënsch. Leit sinn eleng gestuerwen a goufen eleng begruewen.

Mir kënnen eis als Gesellschaft net e Liewe laang virum Virus verstoppen. Al a krank Leit wëlle net méi laang total eleng sinn, hir Enkele net gesinn, kee Mënsch hunn, mat deem se kënne poteren. D’CSV wëllt net, datt si weider eleng bleiwen. Kee soll méi mussen eleng stierwen. Et gëtt Zäit, fir d’Mënschlechkeet an eis Gesellschaft zréck ze bréngen, ier de Virus eis all erkalen deet.

D’CSV huet schonn däitlech gesot a gefuerdert, datt Besich am Altersheem an am Spidol nees musse méiglech ginn. Net an engem Mount oder nom Summer, mee elo. Mir diskutéiere gären iwwer Konditiounen a Reegelen, iwwer Disziplin a Virsiicht. Mee mir verlaangen, datt mer elo als Gesellschaft eisen Eeleren, eise Schwaachen, eise Kranke nees d’Méiglechkeet ginn, en anere Mënsch bei sech ze hunn. E bësse soziale Kontakt ze kréien, eng Hand, déi ee kann halen, e puer frëndlech Aen, an déi e ka kucken. En tréischtend Wuert a Momenter vu Peng an Trauregkeet, oder an de leschten Liewenszich.

Natierlech ass de Virus net verschwonnen. Mee wëlle mer, datt virun him d’Mënschlechkeet verschwënnt? Neen.

Matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat

Opmaacherbild: © Marcelo Leal / Unsplash

Related topics Altersheem, Confinement, Covid-19, CSV, Disziplin, Eleng, Fuerderungen, Gesondheet, Hygiènesmesuren, Sécherheet, Spidol
Next post Previous post