Search

You may also like

Europa-Wahl op der „Insel“
Neiegkeeten

Europa-Wahl op der „Insel“

Et sinn Europa-Wahlen an entgéint allen Erwaardungen (an dësem Fall

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill European Hillrace 2019

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Am Januar kruten 84 Persounen de Status vum Refugié zougeschprach
Neiegkeeten

Am Januar kruten 84 Persounen de Status vum Refugié zougeschprach

Insgesamt gouf et am Januar 2018 175 Ufroen zu Lëtzebuerg.

D‘CSV wëll sech en „update“ gënnen

De Kongress vun der gréisster Oppositiounspartei war net exklusiv op dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun ausgeriicht ginn

D‘CSV wëll sech en „update“ gënnen

Um Samschdeg huet d‘CSV zu Zolwer säin Nationalkongress ofgehalen, an dee war, wéinst der politescher a sanitärer Aktualitéit, verständlecherweis op déi vun der Regierung getätegt Verklärung vun der Lag am Land ausgeriicht. Iwwerraschunge sinn awer ausbliwwen…

De CSV-Parteipresident Frank Engel, dee jo rezent eppes tëscht Fronte gerode war, well hien net wéi et emol Traditioun war, senge Gedanken am Lëtzebuerger Wort fräie Laf gelooss huet, mee et tatsächlech gewot der journalistescher Onlineplattform „reporter.lu“ d‘Primeur ze vergënnen, war éierlech beméit nees Rou an dat Ganzt ze bréngen an erwaart vu senge Leit, d‘Wäsch am eegene Gaart opzehänken.

Et soll et jo am Land „Stëmme“ ginn, déi doruechter behaapten, de chrëschtlech soziale géif d‘Loft ausgoen… Dat ass net wierklech nei an déi Leit sollten de CSV-President net ënnerschätzen. Hie ka wuel emol eppes ëmstridde sinn, mee huet de Bléck an d‘Zukunft geriicht. Eng Zukunft déi et awer net wäert zum Nulltarif ginn, an fir déi all d‘Käpp an der Partei gebraucht ginn. Et heescht also och, dat Basis sech Gedankenaustausch bedeelegt.

Wann et ëm esou essentiell Theme wéi de Logement an de Gesondheetssecteur geet, muss d‘Basis sech abréngen. Dat virzuchsweis konstruktiv-kritesch, well et jo net eemol esou bäileefeg wichteg ass, datt sech d‘CSV nei opstellt a positionéiert. D‘Gesellschaft ass am Wandel, an et dierf hei net vergiess ginn datt d‘CSV déi politesch Landschaft iwwer Joerzéngte gepräägt huet. Dofir heescht et net den Uschloss verléieren.

Retter vun de Witfraen a Weesekanner

Der CSV-Fraktiounspresidentin an der Chamber, Martine Hansen, ass et hirersäits gelongen ënner Beweis ze stellen, datt si mam Parteipresident op der gläicher Schinn fiert. Déi chrëschtlech-sozial Vollekspartei, huet et dann och op d‘Stëmme vum der sozialer Mëttelschicht ofgesinn, déi muer schonn déi „nei Aarm“ am Land wäerte sinn. Dat well dës Regierung erwisenermoossen net emol méi an der Lag déi am Land ze logéieren.

Et huet awer fir d‘CSV iergendwéi manner domadder ze dinn, datt et u Wunnraum feelt, wéi datt dëse schlicht net ze finanzéieren ass. Dat hätt mat der eklatanter Steierongerechtegkeet ze dinn (un där allerdéngs och de fréiere CSV-Finanzminister a Copain vum Grousskapital, Luc Frieden, ee gehéieregen Undeel huet – NvdR) an de Xavier Bettel (DP) hätt a senger Ried zur Lag vun der Natioun dëse Mënsche keng Perspektive gebueden.

D‘Martine Hansen ass dann nach emol op déi divers Aussoe vu sech selwer an hire männleche Fraktiounskollegen agaangen, déi am Debat vun der Ried zu Lag vun der Natioun, mee och bei der Presentatioun vum Budget 2021 gemaach goufen. Et kann een et esou resuméieren, datt ausser eppes „bon sens“ am Kontext vun der sanitärer Kris, dës Regierung net wierklech vill Opweises hätt. Dat ganz besonnesch do wou d‘Leit Äntwerte fuerderen.

Illustratioun: cc by-sa2.0

Related topics CSV, Erneierung, Frank Engel, Logement, Martine Hansen, Nationalkongress, Steiergerechtegkeet, Update
Next post Previous post