Search

You may also like

Britesche Premier bleift standhaft
Neiegkeeten

Britesche Premier bleift standhaft

Seng Entscheedung steet fest an de Boris Johnson wëll sech

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff
Neiegkeeten

Bloalgen: Elo ass och de Séi vu Wäisswampech betraff

Nodeems mir gëschter hu misse virun der Bloalge-Pescht um Stauséi

De Flamenco: Andalusesch Liewensfreed an Häerzblutt
Neiegkeeten

De Flamenco: Andalusesch Liewensfreed an Häerzblutt

Wa spuenesch Leidenschaft, immenst Temperament a rout-schwaarz Kostümer openeen treffen,

Bei der CSV maachen se elo Neel mat Käpp

De Paul Galles iwwerhëlt kommissaresch d‘Mandat vum CSV-Generalsekretär

Bei der CSV maachen se elo Neel mat Käpp

Um éischten Oktober huet zu Ettelbréck d‘Sëtzung vum CSV-Nationalrot mat ronn 80 Membere stattfonnt. Dës Sëtzung hat zum Zil sech fir d‘Zukunft nach besser opzestellen, fir sech méiglechst eng gutt Ausgangspositioun fir déi kommend Parlamentswahlen ze ginn.

Esou gouf dann elo och zu Ettelbréck decidéiert, datt sech an de kommende Méint Aarbechtsgruppe mat de wichtegen, grondsätzlechen an aktuelle politeschen Themen ze beschäftegen hunn. Si sollen den Zoustännege Gremien déi Virlagen ënnerbreeden, unhand deenen et méiglech ass ee Beschloss ze faassen.

Wéi et heescht, hunn d‘Diskussioune bannent der Partei gewisen, datt et ee grousse Wëlle gëtt, sech un der zukünfteger Ausriichtung vun der Partei ze bedeelegen. An dësem Sënn gëtt dann elo och all interesséierte Parteimember invitéiert, un dësem Prozess deelzehuelen. De CSV-Nationalrot fërdert an erméiglecht dëst Engagement.

Der CSV als gréisste Partei am Land, sollt et jo och net u gescheite Käpp feelen. An hire Reie gëtt vill Membere mat de verschiddenste Fachkompetenzen. Dat ass ee politesche Patrimoine deen een net nëmme fleege sollt, mee och mobiliséieren an notze muss. Wann et ëm d‘Wuel vum Land geet, brauch et dëst Engagement.

Nodeems den CSV-Generalsekretär Felix Eischen aus gesondheetleche Grënn säi Mandat muss roue loossen, ass zu Ettelbréck dann och de Beschloss ugeholl ginn, dem Deputéierte Paul Galles, dëst Mandat kommissaresch ze iwwerdroen. Hie soll dëst Mandat bis zum reguläre Parteikongress 2021 ausfëllen. Dëse Choix gëtt allgemeng Begréisst.

De Paul Galles ass dofir bekannt, net nëmme politesch mat béide Féiss um Buedem ze stoen, mee och ee ganz conciliante Charakter ze hunn. Hien ass keen där „streideregen“ een, setzt op Verstand a Vernonft. Wichteg Attributer fir an der CSV déi noutwenneg Rou mat der net manner wichteger Sträitkultur ënnert ee gemeinsamen Hutt ze kréien.

Illustratioun: © Fausto Marques / unsplash

Related topics Aarbechtsgruppen, CSV, CSV-Generalsekretär, CSV-Nationalrot, Felix Eischen, Paul Galles
Next post Previous post