Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Finanzplaz Lëtzebuerg: Wann et engem gutt geet, dann den Assurancen
Neiegkeeten

Finanzplaz Lëtzebuerg: Wann et engem gutt geet, dann den Assurancen

Den Assurancësecteur ass e wichtegt, fir net ze soe „predominant“

Hooverphonic Sängerin Luka Cruysberghs verzaubert d‘Gemidder
Neiegkeeten

Hooverphonic Sängerin Luka Cruysberghs verzaubert d‘Gemidder

Hooverphonic ass eng vun de richteg erfollegräiche Bands aus der

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen
Neiegkeeten

De Fréisenger Gemengerot beschäftegt sech mat Dateschutz, Wandmillen a villen anere Saachen

Mat enger verhältnesméisseg liichter Dagesuerdnung huet sech déi Fréisenger Gemengerotssëtzung

No de Chamberwahlen: CSV-Nationalrot beweist Zesummenhalt

De Claude Wiseler iwwerhëlt d‘Verantwortung fir de Wahlkampf

No de Chamberwahlen: CSV-Nationalrot beweist Zesummenhalt

Nom Verloscht vun zwee Mandater an der Feststellung, datt „déi Dräi“ et nach emol „Zesummen“ wëlle Probéieren, stellt sech de Bierger eng Froen: gëtt et personell Konsequenzen? Kann sech d‘Parteispëtzt behaapten? Kann de Claude Wiseler Fraktiounschef bleiwen? An dat sinn se net all…

Gëschter huet sech den CSV-Nationalrot um Belair, am Klouschter vun de Franziskanerinnen, zesummegesat, a éischt Conclusiounen zu de Chamberwahle gezunn. An déi sécherlech wichtegst Informatioun vum Dënschdegowend: „et hält een zesummen“. Dat ass gutt esou, well et geet ee schliisslech zesummen an de Wahlkampf, an et verléiert oder et gewënnt een zesummen.

Rumeure sinn net hëllefräich

Wann d‘Medien sech am grousse ganzen op e Remaniement vun der Parteispëtzt agestallt haten, esou sollten si enttäuscht ginn. D‘Enttäuschung, jo esouguer en Hauch Roserei konnt een an de Gesiichter vum Spëtzekandidat a Fraktiounschef Claude Wiseler, dem Generalsekretär Laurent Zeimet an dem President Marc Spautz, ofliesen. Verständlech, ugesiichts de „Rumeuren“.

Spekulatiounen, besonnesch wann et ëm „Personalfroe“ geet, droe sécherlech zu ville Comptoir-Debatte bäi, mee déngen „ der Saach“ a sech net. Esou ass rieds dovunner gaangen, datt de jonken engagéierte Serge Wilmes de neie CSV-President géif ginn, an datt d‘Martine Hansen de Virsëtz vun der Fraktioun iwwerhëlt. Mee esou einfach wéi et sech um Comptoir unhéiert ass et net.

Dat erkläert sech engersäits duerch zwou einfach Tatsaachen. Éischtens: Wie President an/oder Generalsekretär ass, datt bestëmmt e Nationalkongress. Zweetens: Wie Fraktiounschef ass, dat entscheeden no der Vereedegung déi Memberen, déi e Mandat an der Chamber erhalen hunn. An anersäits duerch de Fait, datt d‘CSV nach ëmmer déi stäerkste politesch Kraaft am Land ass.

Ee Schratt nom aneren

No der Sëtzung, bei där et zimlech vill Interventioune ginn huet, firwat sech d‘Journalisten eppes méi wéi üblech hu misse gedëllegen, huet sech de Claude Wiseler, ëmgi vun de Kollegen, Laurent Zeimet a Marc Spautz, mat kuerzen awer inhaltlechen Deklaratiounen zur Sëtzung un d‘Medie gewannt. Hie stellt direkt kloer, datt d‘CSV nach ëmmer bereet ass Verantwortung ze iwwerhuelen.

Gutt, de Claude Wiseler ass éierlech genuch sech anzegestoen, datt et wéineg Aussiichte gëtt e Koalitiounspartner ze fannen, woubäi d‘CSV sech kenge Gespréicher verwiert. „Eng Koalitioun ass net gemaach, bis se gemaach ass“ esou de Fraktiounschef, deen domatter op déi „schwiereg Gebuert“ vun der grousser Koalitioun (GroKo) bei eisen däitschen Noperen uspillt.

Fir datt et awer esouwäit kéint kommen, misste vill „Ëmstänn“ gläichzäiteg zesummekommen. Hale mir also fest, datt wann eng Koalitioun méiglech ass, déi nëmme mat de Sozialiste kann zustane kommen. Dat begrënnt um Fakt, datt bei der LSAP e Kongress der ugestriefter Koalitioun muss zoustëmmen. Och si hu Mandater verluer, jo esouguer eng Ministesch net méi an d‘Chamber kritt.

D‘Féiss um Buedem behalen

Elo ass et, an datt weess een och bei der CSV, onwahrscheinlech, datt d‘Sozialisten sech géint de „Gambia 2.0“ Projet wäerten opstellen. Natierlech geet et och bei dëse Koalitiounsverhandlungen dorëms sech „eens ze ginn“, an nom Sonndeg, wou déi gréng esou e gutt Resultat virgeluecht hunn, datt si Usproch op méi Verantwortung erhiewen dierfen, ass dat lescht Wuert nach net geschwat.

An dësem Kontext kann een novollzéien, datt déi „Dräi“ no der Sëtzung vum Nationalrot dann och erliichtert waren, datt net gestridde ginn ass, an hinnen – zumindest bis zum nächste Kongress am Januar – de Optrag erdeelt hunn, d‘Geschäfter weiderzeféieren. E Réckhalt deen esou wuel vun der Basis muss bestätegt ginn, awer dës grouss Vollekspartei och auszeechent. Dat dierf ee begréissen.

Gréisst Verantwortung, dat zeechent de Claude Wiseler aus: „Ech iwwerhuelen d‘Verantwortung fir de Wahlkampf, d‘Aart a Weis wei e gefouert gouf. Ech wollt eng global Campagne, bei där all d‘Theme sollten ugeschwat ginn, och déi schwiereg (…) Ech wollt eng sachlech a keng polemesch Campagne. Esou hat ech mir et gewënscht an dozou stinn ech“. Dat nennt ee Buedemhaftung.

Eng kleng Fazit

Egal wéi déi eege politesch „Tendenz“ ausgeriicht ass, op een elo zesumme mat der CSV enttäuscht ass, oder engem schlaudeet. Et sollt net vergiessen, datt d‘CSV och weiderhin eng politesch Gréisst ass, onofhängeg dovunner, datt si eventuell op e neits mussen op der Oppositiounsbänk Plaz huelen. Dofir sollt ee hinnen déi Zäit zougestoen, déi fir eng grëndlech Analys muss opgewannt ginn.

Se si wuel „ugeschloen“ mee nach net emol ageknéckt. Kloer, de politesche Revers vum leschte Sonndeg muss emol verdaut ginn. Kloer datt esou eng Néierlag – de Verloscht vun zwee Mandater huet säi Gewiicht – och intern wäert zu klenge Reiwereie féieren. Mee et ass genee dat wat een ënner Demokratie verstoe muss. An esou laang wéi konstruktiv Gestridde gëtt, geet et weider.

Mir dierfen eis also enger Saach sécher sinn, esou zerstridde wéi der eis et gäre wëlle virmaachen, ass d‘CSV net. Si huet aneres erlieft an iwwerstanen. Vläicht ass et tatsächlech un der Zäit déi jonk Garde eppes méi no vir ze bréngen, eventuell muss d‘CSV seng Positioune besser, also ouni Sametthändchen unzedoen, verdeedegen. Elo awer sollte mir hinnen Zäit ginn sech ze sammelen.

Foto: (v.l.n.r.) Laurent Zeimet (Generalsekretär), Claude Wiseler (Fraktiounschef), Marc Spautz (Parteipresident). Si hunn Emotioune gewisen, nodeem si vum Nationalrot bestätegt goufen. Wéi et weidergeet, wäert sech am Januar um Nationalkongress weisen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Claude Wiseler, CSV, Laurent Zeimet, Marc Spautz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel