Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren
Meenung Neiegkeeten

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren

Um 18. Juni 2019 stellt d’Fabienne Gilbertz de Verlag Lochness

Konscht mat der BOX: De Laurent Turping baut an d’Héicht!
Meenung Neiegkeeten

Konscht mat der BOX: De Laurent Turping baut an d’Héicht!

Um Freideg, de 15. November ass den urbane Konschtprojet BOX,

75 Joer Hiroshima
Meenung Neiegkeeten

75 Joer Hiroshima

De 6ten August 1945 brécht den amerikanesche B-29 Bomber “Enola Gay”

CSV-President a politeschen Turbulenzen (Kommentar)

Dat seet de Frank Engel emol eppes Gescheites an dann ass et dat och nees allen eppes ze vill

CSV-President a politeschen Turbulenzen (Kommentar)

Politik, datt gëtt vu ville Mënschen als déi Konscht verstanen, mat där een et alle gerecht mécht oder zumindest et esou ausgesi léist. Datt et natierlech net esou einfach ass, an net alles wat an engem Wahlprogramm erëmzefannen ass, och net a Stee gemeesselt ass, sollt een als opgekläerte Wieler jo och mëttlerweil verënnerlecht hunn. Mee wéi esou oft, muss direkt kregéilt ginn…

De leschte Weekend huet den eppes ëmstriddene CSV-President Frank Engel dem Christoph Bumb (reporter.lu) en Interview accordéiert, dee wahrscheinlech an den Anale vum Covid19-Summer zu Lëtzebuerg éischter als Randnotiz hänke bliwwe wier. Mee d‘ADR, déi bei reporter.lu en Abo huet, hat mat engem Communiqué de Kaffisbiz mat der Sensatioun ëmgehäit an du goung et awer lass.

Als éischt huet emol d‘Partei selwer zimmlech séier awer nach ëmmer zeréckhalend op dat ganzt reagéiert. Mee wéi dat esou ass, hunn sech ëmmer méi Stëmmen zu Wuert gemellt, firwat ee Sujet, deen duerchaus en ëffentlechen Debat wäert ass, an seng Bestanddeeler zerluecht an zur Polemik gereecht huet. An esou gëtt sech, statt déi ugeschwaten Themen opzehuelen, elo gestridden.

Sécher, dem Frank Engel seng Bezéiung zur CSV-Fraktioun war an ass eppes ugespaant, mee och eng CSV lieft vun der interner Sträitkultur. Zudeem sollt een dem CSV-President seng am Interview getätegt Aussoen net als „Uerder“ verstoen. Et muss een him awer zougestoen, datt ugesiichts de wirtschaftleche Folge vun der sanitärer Kris (Covid19) en Ëmdenken duerchaus erfuerderlech ass.

Mir sinn am Begrëff eis enger Rezessioun (déi zu enger Wirtschaftskris féiere muss) an enger sozialer Kris stellen ze mussen. Et dierft jidderengem aliichten, datt de Staat dat alles net iwwert den Ëmwee vun enger Verscholdung gereegelt kritt, firwat et sënnvoll a vernënfteg ass, sech elo ze iwwerleeën, wou de Staat nach seng Finanzmëttel besuerge kann. Beim Salariat jiddefalls net.

Als Méiglechkeeten huet de Frank Engel, nieft enger Finanztransaktiounssteier, der Ofschafung vun de „spezialiséierten Investitiounsfongen“ (FIS) een sech och muss Gedanken iwwert eng Verméigenssteier an d‘Ierfschaftssteier maachen. Et wier dann och elo all Mënsch gutt beroden nees vum héije Päerd erofzeklammen, an dat ganzt Sachlech ouni Gejäiz a Gejéimers ze diskutéieren.

Gutt et ass ëmmer wesentlech méi einfach d‘Kand mam Waasser auszeschëdden, well vill Gebläers bréngt engem Opmierksamkeet an. Dat awer ass kloer de falsche Wee, an jidderee géif gutt dorunner doen, besonnesch all déi an der Politik aktiv Mënschen, déi opgeworfe Froen an Iddie besonnen ze diskutéieren. Wien eng besser Propose huet kann déi jo op den Dësch leeën.

Eng besser Propose ass awer den Ament néierewou ze héieren. Zudeem, an esouvill sollt een dem Frank Engel dann awer schonn nach zoutrauen, geet et dem CSV-President net drëms bei der Verméigenssteier an/oder Ierfschaftssteier, de „Klengen“ de leschte Cent aus de Rëppen ze krazen. Nee hie geséich et gären, wann déi méi privilegiéiert an der Gesellschaft hire Pak ze droen hätten.

Natierlech dierf een och der Usiicht sinn, datt d‘Ausenanerräisse vun der sozialer „Schéier“ dee bessere Wee ass. Datt nach méi Aarmut awer net wierklech kann d‘Léisung sinn, misst jo elo och net nach extra betount ginn. Statt also elo hei mat Steng no enger couragéierter Ausso ze werfen, sollten d‘Parteien an d‘Zivilgesellschaft dat ganzt ophuelen an en ëffentlechen Debat erméiglechen.

Ähnlech Sujeten CSV, CSV-Fraktioun, CSV-President, CSV-Wahlprogramm, Frank Engel, Martine Hansen, Sträitkultur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel