Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Realitéit an eise Schoulen ass de Beweis dofir, wéi komplex d‘Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wierklech ass
Meenung Neiegkeeten

D‘Realitéit an eise Schoulen ass de Beweis dofir, wéi komplex d‘Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg wierklech ass

D’plurilingual Erzéiung ass alles anescht, wéi e liichten Dossier. Kaum

Däitschland wëll de System vun der Organspend reforméieren
Meenung Neiegkeeten

Däitschland wëll de System vun der Organspend reforméieren

Et gëtt net genuch Organspenden a déi nächst Woch soll

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?
Meenung Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Autobunnen?

Iwwert d’Autobunn op d’Aarbecht: Dat ass vir vill all Dag

Och en CSV-Parteipresident dierf eng Meenung hunn (Analys)

Och en CSV-Parteipresident dierf eng Meenung hunn (Analys)

Datt de President vun der gréisster Lëtzebuerger Vollekspartei zuweilen eege Gedanken huet an dës dann och ausdréckt, sollt een him streng geholl net zum Virworf maachen, zumindest net wann een net Member an der Partei ass.

An d‘Partei huet sech gëschter dann och zu de Reaktiounen op dem Frank Engel säin Interview mat reporter.lu an zwee knappe Sätz positionéiert:

„Fir d‘CSV gëllt weiderhin dee vum CSV-Nationalkongress beschlosse Wahlprogramm vun 2018, deen a Saache Steieren onmëssverständlech Positioun bezitt. Mir (d‘CSV) soen nee zur Aféierung vun der Verméigenssteier fir Privatpersounen. Eng Ierfschaftssteier an direkter Linn ass fir d‘CSV keen Thema“.

Elo dierft et richteg sinn, datt wann dem Frank Engel seng Ausso géintiwwer dem Christoph Bumb net vun „aneren“ opgegraff gi wier, wat zu enger Rei Commentairen an de Medie gefouert huet, dat ganzt wéineg Opmierksamkeet erhalen hätt. An et dierf ee sech dann och froen, wou hei e Gedanke sollt zu engem parteiinterne Sträit misst féieren. De CSV-President huet sech fir ee soziale Profil vu senger Partei staark gemaach, wat jo elo emol grondsätzlech kee Feeler muss sinn.

Zitat aus dem Onlineartikel: „Mir brauchen eng Politik zu Gonschte vun deene Bierger, déi eng Ënnerstëtzung am néidegsten hunn“. An datt de Frank Engel erkennt, datt fir de Leit déi Hëllef, déi si aktuell oder no der Kris brauchen – wann et net soll zur sozialer Katastroph ausaarten – och kënnen zoukommen ze loossen, de Staat sech d‘Geld bei déi muss siche goen déi et hunn, ass jo wuel éischter de richtege Gedanken. Dat heescht net datt ee muss averstane sinn.

A wat ass dann och elo Falsch un der Ausso, datt „de wierkleche Räichtum am Land ze niddreg besteiert gëtt“? Näischt well dat war schonn ëmmer esou, och zu Zäite vum Jean-Claude Juncker, firwat et eigentlech éischter couragéiert ass, dësen Debat an der Gesellschaft ze relancéieren. Et huet jo och eise Premierminister drop higewisen, datt et mat der Covid19-Pandemie wäert a muss zu gesellschaftleche Verännerunge kommen. An et brauch de Wandel…

Méi wéi nëmmen e philosophesche Gedanken

Op dëser Plaz sollt een sech dann nach emol bewosst ginn, datt de Coronavirus an déi dorausser entstane Krisen (sanitär a wirtschaftlech) net déi eenzeg däitlech Krittär sinn, déi d‘Mënschheet insgesamt virun onerwaarten Erausfuerderunge stellt. Eng wesentlech gréisser a leider nach ëmmer vu ville verleegent Gefor wäert d‘Weltbevëlkerung zum ëmdenke beim Handelen, Konsum an Solidaritéit zwéngen. D‘Fakten ignoréieren an ee weider esou geet net méi.

Et ginn eng ganz Rëtsch u steierleche Mesuren, déi d‘Regierung längst hätt missen ergräifen, fir d‘sozial Kohesioun am Land ze stäerken an aneren EU-Memberen e Virbild ze sinn. Firwat sollten sech 3,5% vun der europäescher Bevëlkerung iwwer 90% vum reelle Räichtum ënnert sech dierfen opdeelen, ouni dobäi iwwert d‘Besteierung déi vum Staat erwaarte Sozialleeschtunge mat ze finanzéieren? Déi loossen sech, esou wéi d‘Lag sech entwéckelt, net iwwert d‘Lounsteier decken.

Illustratioun: © Bamagal / unsplash

Ähnlech Sujeten CSV, Frank Engel, Kompass, Politik, reporter.lu, Steiererhéijungen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel