Search

You may also like

Nei Regierung: Si hunn den Eed ofgeluecht
Neiegkeeten

Nei Regierung: Si hunn den Eed ofgeluecht

E Mëttwoch ass déi nei Regierung vum Groussherzog vereedegt ginn,

Superjhemp: Grouss Ausstellung am Nationale Literaturzenter zu Miersch
Neiegkeeten

Superjhemp: Grouss Ausstellung am Nationale Literaturzenter zu Miersch

“OH, KUCK! DO UEWEN! AS ËT E VULL? AS ËT

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!
Neiegkeeten

Faits Divers: D’Impro Comedy Show feiert 20 Joer!

Um Samschdeg, den 11. Mee 2019 sidd Dir häerzlech op

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an

D‘CSV setzt sech weiderhi fir eng Tracing-App an

Nodeems um Mëttwoch de Premierminister an d‘Gesondheetsministesch hir „Deklaratioun zur sanitärer Kris“ gemaach haten, war et en Donneschdeg un den Deputéierten, sech zu de gemaachten Aussoen ze positionéieren. An dësem Kontext huet d‘CSV nach emol op de méiglechen Notze vum digitalen Tracing higewisen. D‘Regierung an d‘Majoritéit vun den Deputéierte wëllen dat awer net.

D‘Revendicatioun vun der CSV, sech dach elo awer eng Tracing-App ze gënnen, fir den Tracing vun op de Covid19 positiv Geteste Mënschen ze assuréieren, kënnt an de leschte Wochen ëmmer nees op den Dësch, an esouguer d‘Jugendorganisatioun ass iwwerzeegt, datt een d‘Kritikpunkten, déi esou enger App entgéintgestallt ginn, léise kann. D‘CSJ ass vun der däitscher App iwwerzeegt.

Et war dann nom Claude Wiseler an der Fraktiounspresidentin Martine Hansen, en Donneschdeg déi fréier EU-Kommissärin Viviane Reding, de Sujet nach emol de Leescht ze huelen. Si huet drop higewisen, datt ugesiichts der Zounam vun Neiinfektiounen, den analogen Tracing ganz séier u seng Grenze wäert stoussen, firwat sech den numereschen Tracing elo zu Lëtzebuerg géif imposéieren.

Un dëser vun der CSV gefuerderter Aktualitéitsstonn hu ganzer 6 vun den 21 CSV-Deputéierten deelgeholl, an de Premier huet der Initiativ och zügeg de Stecker gezunn. A senger Deklaratioun zur sanitärer Kris hat de Xavier Bettel scho betount, datt esou eng App weder effikass nach fiabel ass. Hien huet a sengem Konter op déi ersiichtlech Mësserfolleger higewisen, déi d‘Länner domat hunn.

Wéineg bis kaum Zousproch

Esou erkläert de Premier, datt bei eise franséischen Noperen 2,7% vun de Residenten d‘App op hiren Handy erofgelueden an d‘Halschent dovunner d‘Applikatioun nees geläscht hunn. Éisträich (7,6%), Italien (6%), Norwegen (10%) an d‘Schwäiz (12%) kënnen sech och net op en Erfolleg stäipen. Dat ass hei elo irrelevant, wëll d‘CSV baséiert hir Argumentatioun op déi däitsch App.

Déi gëtt jo gären als „Success-Story“ duergestallt, well eng 15 Milliounen Downloads enregistréiert goufen. Hei ass et esou, datt esouguer wann een dovunner sollt ausgoen, datt dës alleguerte vun den Notzer aktivéiert sinn, da stellt datt leedeglech 20% vun der Bevëlkerung duer. Et bréicht awer op d‘mannst engt Participatioun vu 60%, fir datt esou eng Tracing-App och wierklech en Notzen huet.

Interessant am Echange Reding/Bettel, de Fait, datt déi engagéiert Politikerin sech den Argumenter vum Premier – bezunn op déi franséisch wéi och déi brittesch App – ugeschloss huet. Si huet der Regierung och zougestanen, datt den digitalen Tracing net all d‘Problemer léise kann, firwat een och beim Asaz vun den neien Technologien, net kéint op den analoge Kontakt-Tracing verzichten.

Fir de Sven Clement (Piraten) war et onverständlech, datt d‘CSV – déi jo awer mëttlerweil sollt matkritt hunn, datt si do ganz eleng sinn – alt nees eng Aktualitéitsstonn zur Tracing-App gefuerdert a kritt huet. Et géif net een eenzegt neit Element, dat esou en Debat géif rechtfäerdegen an hien erënnert drun, datt déi gréissten Oppositiounspartei am Mee seng Motioun matgestëmmt hat.

Si ware schonn emol besser…

Et war ee sech eens, datt eng Tracing-App fir Lëtzebuerg net géif a Fro kommen, och wann een net kéint ausschléissen, datt et hei zu enger europäescher Initiativ komme kann. Fir deem virzegräifen, an net nodréiglech an d‘Bredouille ze kommen, sollt d‘Justizministesch Sam Tanson, dozou en entspriechend Gesetz ausschaffen, an zwar nach iert d‘EU-Kommissioun eng Direktiv virleet.

Och déi lénk waren éischter verwonnert, datt obwuel och an de Reie vun der CSV keen dovunner ausgeet, datt de Rescht vun der Chamber an d‘Regierung souwisou, sech géif ëmstëmme loossen, hei onnéidegen Opwand gedriwwe gëtt. Datt et mat der Proximitéit zur däitscher „Schwëster“ CDU kéint ze dinn hunn, déi hir App an Europa implementéiere wëll, ass dem Marc Baum entgaangen.

Säitens der ADR, war et dem Roy Reding vergënnt sech iwwert d‘CSV ze iergeren. Hie wier vum CSV-Engagement reegelrecht erschreckt. Dat besonnesch wou d‘CSV mam Gilles Roth an dem Laurent Mosar zwee grouss Dateschützer an den eegene Reie sëtzen hätten. D‘Koalitiounsparteien hunn naturgeméiss och d‘Argumenter vun der CSV zréckgewisen a verweisen och op d‘Motioun.

De Premier huet allerdéngs bestätegt, datt een a Kontakt mat Berlin steet fir, de Fall gesat et géif engem aus anere Grënn eng Tracing-App imposéiert, déi däitsch Applikatioun de Lëtzebuerger Ufuerderungen unzepassen, woubäi d‘Viraussetzung d‘Interoperabilitéit muss sinn. Hien huet dann och nach emol confirméiert, datt un engem Text, wéi an der Motioun gefuerdert, geschafft gëtt.

Foto: D‘Koalitiounsparteien DP, LSAP an déi gréng si wéineg begeeschtert, datt d‘CSV ëmmer nees den digitalen Tracing zur Aussprooch bréngt, wou dach d‘Positioun vun der Regierung an enger grousser Majoritéit an der Chamber bekannt ass. © Chamber/flickr

Related topics Chamber, CSV, Oppositioun, Regierung, Tracing-App, Viviane Reding
Next post Previous post