Search

You may also like

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model
International Neiegkeeten

Europa: d‘Fuerderung no engem neien industrielle Model

D‘Decisioun vum Grupp Daimler sech vu sengem Standuert vun Hambach

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten
International Neiegkeeten

Italien imposéiert Konditioune fir d‘Opnam vu Migranten

D‘EU huet aktuell en zolitte Problem mat der Entscheedung vun

CGDIS: Feier an Eefamilljenhaus zu Biergem
International Neiegkeeten

CGDIS: Feier an Eefamilljenhaus zu Biergem

Gëschter am spéiden Nomëtteg goung beim 112 een Appell eran,

Cyberkriminalitéit: Twitter geréit an d‘Schleideren

Cyberkriminalitéit: Twitter geréit an d‘Schleideren

Um Mëttwochowend ass de Kuerznoriichtendéngscht Twitter Affer vun engem breet ugeluechten Hacker-Ugrëff ginn. Honnerte Konte vu „renomméierten“ User si gehackt ginn, an zu de Betraffene gehéiere Gréisste wéi de Bill Gates (Microsoft), Elon Musk (Tesla/SpaceX) mee och de fréieren US-President Barack Obama. Twitter huet den Ugrëff bestätegt a sicht nom „Feeler“.

Wourëms et geet: Op de Konte vun de Räichen a Prominenten „Affer“ goufe Spendenopriff verëffentlecht, an deene versprach ginn ass, all Spend ze verduebelen. Esou war beispillsweis um Account vum Bill Gates folgende Message gepost ginn:

„Jidderee bitt mech ëmmer eppes zréckzeginn an elo ass d‘Zäit dofir komm. Ech verduebelen all Payement, deen an den nächsten 30 Minutten u meng Bitcoin-Adress geschéckt ginn. Dir schéckt mir 1.000 US-Dollar, ech schécken iech der 2.000 zréck“.

TwitterDéi selwecht Message gouf et zäitgläich och op anere „prominenten“ Accounts, wéi deem vum Joe Biden, US-Presidentschaftskandidat. Datt den ugebuedenen Zäitraum fir sengem Goss lass ze ginn, brutal kuerz bemooss war, hätt eigentlech sämtlech Alarmklacken zum laude misse bréngen, mee de Mënsch huet et net esou mam Nodenken, an esou ass masseg Geld gefloss, wann och nëmme kuerz.

D‘Netz ass reaktiv

Esou hat „Hallo Krypto“ (eng Mark vun der däitscher QualitiKs GmbH) déi am Bitcoin-Business matmëscht séier reagéiert an informéiert, datt et sech bei dëse Posts ëm Bedruch handelt an een ëm Gotteswëllen d‘Fanger soll dovunner loossen. Si hunn drop higewisen, datt wuel net domadder ze rechnen ass, datt ee vu Milliardäre Geld géif geschenkt kréien, jiddefalls net iwwert dëse Wee.

TwitterOch bei Twitter huet een de Problem relativ zäitno erkannt an aus Virsiicht emol all déi betraffe Konte gespaart. Nodeems dat grondsätzlecht gekläert war, sinn dës Accounts dann nees online gaangen, selbstverständlech ouni déi kriminell Messagen. Elo heescht et fir d‘Entreprise de Feeler, a méiglechst och d‘Täter hannert dësem Hacker-Ugrëff, séier ze fannen.

Twitter ass natierlech ee gutt Zil fir d‘Cyberkriminalitéit an hat schon an der Vergaangenheet ëmmer nees Problemer mat „Account-Piraten“, allerdéngs nach ni an esou engem Ausmooss a scho guer net mat esou enger prominenter Clientèle. Éischten Erkenntnisser no, hat et gëschter géint 23.30 Auer (Lokal) iwwer 5.000 Transaktioune fir ee Wäert vun ëm déi 10 Milliounen US-Dollar ginn.

mat indymedia/sfo

Related topics Bedruch, Bitcoin, Cyberkriminalitéit, Hacker, Twitter
Next post Previous post