Search

You may also like

Gléck am Ongléck
Neiegkeeten

Gléck am Ongléck

Groussbritannien huet um Freidegmoien op e neits mussen en Attentat

Däitschland: Eng „lénk“ Beweegung géint d‘Migratioun?
Neiegkeeten

Däitschland: Eng „lénk“ Beweegung géint d‘Migratioun?

Eng nei politesch Beweegung déi dem lénke Spektrum zougeschriwwe gëtt,

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss
Neiegkeeten

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss

Zu Denver (Colorado) ass den 18 järege Schüler Devon Erickson

Denke virum klicken: De Mount vun der Cybersécherheet

Denke virum klicken: De Mount vun der Cybersécherheet

Vum 19. bis den 29. Oktober 2020 hëlt och Lëtzebuerg un der 8. Editioun vum europäesche Mount vun der Cybersécherheet (ECSM) deel. Bei der Sensibiliséierungscampagne, déi um europäeschen Niveau haut ugefaangen huet, steet e responsabelen Ëmgang mam Internet am Virdergrond.

Datt d’Cybersécherheet keen individuelle Problem, mee eng kollektiv Erausfuerderung aus, huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot däitlech ënnerstrach. Dofir fënnt bei eis déi sougenannt Cybersecurity Week Luxembourg statt. Presentéiert ginn d’Offeren vun enger 30 Entreprisen, Associatiounen an Institutiounen.

Virun allem steet d’Resilienz an d’Stäerkung vum Ekosystem a Saache Sécherheet am Fokus. D’Digitaliséierung bitt nämlech e bedeitend Mëttel an Erausfuerderung zugläich. Wärend Teletravail an Online-Servicer d’Liewe vereinfachen an zu all Ament ofruffbar sinn, gëtt ënnert anerem Fläch fir Cyberkriminalitéit a –mobbing, oder och zur Verbreedung vun Angscht gebueden.

Cybersécherheet

D’Täter profitéieren eben vun der Situatioun. An dësem Kader sief drun erënnert, datt ee virum Klick och nodenke soll. Bedruch lauert souwuel um Computer, wéi och um Smartphone, op de soziale Medie, an den E-Mailen oder och bei Online-Iwwerweisungen.

Ënnerstëtzt gëtt d’Cybersecurity Week zu Lëtzebuerg vun der ABBL (Associatioun vun de Banken a Bänker), BEE Secure, der Fondatioun Restena, der Police an der Uni.lu. Déi international Sensibiliséierungscampagne gëtt lancéiert vun der europäescher Agence fir Cybersécherheet (ENISA), der europäescher Kommissioun a senge Memberlänner.

Related topics ABBL, Bee Secure, Cyberkriminalitéit, Cybermobbing, Cybersecurity Week Luxembourg, Digitaliséierung, ECSM, europäesche Mount vun der Cybersécherheet, Festena, Police, Resilienz, Sensibiliséierungscampagne, Ugrëffsfläch
Next post Previous post