Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt
https://moien.lu/dating-gunpowder/ oldest dating youngest

https://moien.lu/best-dating-advice-blogs/

De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, huet en Donneschdeg am Bezuch

wordfeud dating app
https://moien.lu/dating-gunpowder/ oldest dating youngest

Den éischten Mikro-Computer zu Tours ënnert dem Hummer

Am Schlass vun Artigny bei Tours (F) kënnt haut den

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?
https://moien.lu/dating-gunpowder/ oldest dating youngest

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?

Beetebuerg kennt all Kand – ënnert anerem wéinst dem Mäerchepark.

D-Day Zeremonie an der Normandie

Harmonie beim Optrëtt vum franséischen an amerikanesche President

D-Day Zeremonie an der Normandie

De franséische President Emmanuel Macron, huet gëschter bei der grousser Gedenkzeremonie um Militärkierfecht vu Colleville-sur-Mer, zesumme mam US-President Donald Trump, op déi grouss Verbonnenheet vun hire Länner higewisen Déi Alliéiert waren de 6. Juni an der Normandie gelant an un vill vun den heroeschen Aktiounen ass sech erënnert ginn.

Um Kierfecht huet de franséische President géintiwwer dem Trump gemengt: „Amerika ass ëmmer dann am gréissten, wann et fit d‘Fräiheet vun deenen anere gekämpft huet. (…) Mir dierfen ni domatter ophalen, d‘Bündnis vun de fräien Natioune mat Liewen ze fëllen“. Frankräich wier sech Bewosst wat et de Männer vun deemools ze verdanken huet, esou den Emmanuel Macron.

Normandie

Natierlech huet och den Donald Trump déi grouss Affer, déi jonk Amerikaner bereet waren ze maachen, gewierdegt. „Si hunn net einfach eng Schluecht oder e Krich gewonnen, si hu mat hirem Asaz d‘Iwwerliewe vun der Zivilisatioun geséchert“, esou den US-President un d‘Adress vun de Veteranen. Hien ass och op d‘Allianz vun de Natiounen agaangen, déi de Krich ervirbruecht hat.

Eng gutt Figur ofginn

Et wier eng Allianz déi sech am Kampf erginn an am Krich bewäert hätt. Si huet de Weltfridden hiergestallt an wann dem US-President nogeet, bleift dëst Bündnis an all Éiwegkeeten erhalen. D‘Zaldote vun deemools wieren duerch d‘Hell gaangen, ugedriwwe vun engem Patriotismus wéi en nëmme vun engem fräien, houfregen a souveräne Vollek kann empfonnt ginn. Eng Fro vu Kontext.

Normandie

„Zu all de Männer déi hannert mir sëtzen an zu de Bouwen déi um Feld viru mir leien: äert Beispill wäert ni vergoen. Är Legend wäert ni verblatzen an äre Geescht (…) ni stierwen“, esou den Donald Trump bei sengem groussen Optrëtt am Kontext vun de Feierlechkeeten zum Gedenke vum 75. Jubiläum vum Debarquement an der Normandie de 6. Juni 1944. © Team Trump (Official)

Eleng un der Gedenkfeier zu Colleville-sur-Mer sollen eng 12.000 Leit deel geholl hunn an et sollen iwwer 160 Veteranen op der Éierentribün vertruede gewiescht sinn. Et ass eng vu vill Gedenkplazen déi et an der Normandie gëtt, an op dësem amerikanesche Militärkierfecht hunn 9.380 GI‘s hir lescht Heemescht fonnt. Fir déi gefalen, ass dee „längsten Dag“ zu enger Éiwegkeet ginn.

E minimum Diplomatie

Béid Presidenten hunn dëst zesummekommen och genotzt, fir iwwert aktuell Themen ze beroden. Zu Caen, wou dat Véierae-Gespréich stattfonnt huet, soll den US-President seng Bezéiung zum Emmanuel Macron a Frankräich als „beschtens“ bezeechent hunn. Verständlech, well engersäits sollen d‘Fransousen déi amerikanesch Iran-Politik ënnerstëtzen an anersäits ass US-Wahlkampf.

Am Fall vum Iran hu béid Staatsmänner sech „enger Meenung“ gewisen. Also zumindest esouwäit et d‘Ausso betrëfft: „den Iran dierf keng Atomwaffe besëtzen“. Iwwert d‘Aart a Weis wéi een dem Iran esou Gedanken ausdreift, ginn d‘Usiichten dann nees ausenaner. Net ze vergiessen, datt dem Donald Trump seng eesäiteg Opkënnegung vum Atomofkommes fir zolidd Spannung suergt.

Normandie

De franséische President huet am Kontext vun de Gedenkfeieren och déi britesch Premierministesch getraff. Virum Meeting mam Trump, huet den Emmanuel Macron mam Theresa May de Grondstee fir eng britesch Gedenkplaz geluecht. Uschléissend ass zu Ver-sur-Mer nach e Kranz zu Éieren vun de Verstuerwene briteschen Zaldoten néiergeluecht ginn.

mat indymedia/lil

Foto: De franséische President Emmanuel Macron huet mam Donald Trump zu Colleville-sur-Mer un déi heroesch Dote vun den amerikaneschen Zaldoten erënnert, déi de 6. Juni 1944 mat vill Courage an der Normandie géint den däitsche Besatzer virgaange sinn, an do de Grondstee fir d‘Befreiung vun Europa aus dem faschistesche Wiergegrëff ze leeën. © Team Trump (Official)

Ähnlech Sujeten 6 Juni 1944, D-Day, Debarquement, Donald Trump, Emmanuel Macron, Normandie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel