Bolivien: Haftbefehl géint den Evo Morales
Den éischten indigene President vun engem südamerikanesche Land, war am
Den éischten indigene President vun engem südamerikanesche Land, war am
Wéi eng Plaz huet Lëtzebuerg an der Weltgemeinschaft? Datt ass
Dem selwer ernannte „Krichspresident“ Donald Trump feelt et net Feindbiller,
De jonke Kloter-Club “D-Summit” vun Diddeleng huet den 27. Januar seng éischt Competitioun fir lizenzéiert Sport-Kloteren am Lead, dem Virklotern, organiséiert. Bei dëser Competitioun hunn net manner wéi 64 Athleten aus Lëtzebuerg an der Groussregioun sech an den 9 Kategorie gemooss.
Mueres huet et mat den Qualifikatiounen an den eenzele Kategorien ugefaangen. Am Nomëtteg gouf et da fir d ‘Athleten, déi d’Qualifikatioun gepaakt hunn eng kleng Paus an der “Isolatioun”. Wärend dëser Paus sinn an der Kloterhal néi Voie opgemaach ginn. Virun der Final hat nach all Athlet 6 Minutten Zäit sech alles genee unzekucken an sech dann an der Isolatioun ob säi Versuch virzebereeden.
Et gouf sech näischt geschenkt. Jiddereen huet säi Bescht ginn an esou zu engem immens spannende Wettkampf bäigedroen. Besonnesch déi Meedercher vun der Kategorie Junior hunn bis zum Schluss ëm all Punkt gekämpft. Si hunn sech dunn nach emol an enger Superfinal gemooss, wou sech d’Gwendoline Joris virum Johanna Beining duerchgesat huet.
Folgend Resultater goufen erziilt: