Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Onstëmmegkeeten tëscht OGBL an ArcelorMittal
Quiz

Onstëmmegkeeten tëscht OGBL an ArcelorMittal

Den OGBL ass de Majoritéitsvertrieder am Secteur vun der Siderurgie

Russland verännert sech
Quiz

Russland verännert sech

Dat russescht Parlament (Duma) muss sech an der zweeter an

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil
Quiz

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil

Vergaangene Freideg gouf den éischte Lifestyle Magazin vu Lëtzebuerg virgestallt:

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?

D’19. Joerhonnert war fir Lëtzebuerg immens wichteg. Mee weess du och, firwat?

D'Lëtzebuerger Geschicht vum 19. Joerhonnert


D'Lëtzebuerger Geschicht vum 19. Joerhonnert

Question 1 of 10.

Wéi laang huet d'Schleefe vun der Festung gedauert?

1. 16 Joer
2. 2 Joer
3. 10 Joer

Si huet 16 Joer gedauert.

Question 2 of 10.

Wéini gëtt sech Lëtzebuerg eng éischt Verfassung?

1. 1867
2. 1848
3. 1839

Dat ass 1848 de Fall.

Question 3 of 10.

Wouduerch goufen déi aktuell Grenzen vum Groussherzogtum festgeluecht?

1. Den zweete Londoner Traité.
2. Den éischten Londoner Traité.
3. De Wiener Kongress.

Dat war am éischten Londoner Traité geschitt.

Question 4 of 10.

A wéi engem Joer kritt Lëtzebuerg seng eegen Dynastie?

1. 1839
2. 1815
3. 1890

Dat ass 1890 de Fall.

Question 5 of 10.

Wéini trëtt Lëtzebuerg der Zollunioun bäi?

1. 1898
2. 1819
3. 1842

Dat ass 1842 de Fall.

Question 6 of 10.

1848 krut Lëtzebuerg seng éischt Regierung. Wie war um Kapp vun dëser Regierung ze fannen?

1. Jean-Jacques-Madelaine Willmar
2. Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine
3. Charles-Mathias Simons

Dat war de Gaspard-Théodore-Ignace de la Fontaine.

Question 7 of 10.

Duerch wéi een Traité sinn déi Preisesch Truppen aus der Festung ofgezunn?

1. Dem Wiener Kongress
2. Den zweete Londoner Traité
3. Den éischte Londoner Traité

Dëst ass mam zweeten Londoner Traité 1867 geschitt.

Question 8 of 10.

Wéini gouf Ons Heemecht déi éischte Kéier ëffentlech opgefouert?

1. 1864
2. 1819
3. 1835

Dat war 1864.

Question 9 of 10.

1815 huet de Wiener Kongress stattfonnt. Wat gouf do mat Hibléck op Lëtzebuerg decidéiert?

1. Lëtzebuerg gëtt zum Departement des Forêts gemaach.
2. De Groussherzogtum Lëtzebuerg gouf gegrënnt.
3. D'Festung gëtt geschleeft.

De Groussherzogtum Lëtzebuerg gouf um Wiener Kongress gegrënnt.

Question 10 of 10.

Wéini gouf zu Lëtzebuerg dat éischt Eisebunnsgesetz gestëmmt?

1. 1855
2. 1844
3. 1872

Dat war 1855.

Next question 1 of 10

All 10 questions completed!


Share results:

D'Lëtzebuerger Geschicht vum 19. Joerhonnert

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

Vill wichteg Saache sinn zu Lëtzebuerg am 19. Joerhonnert geschitt. Evenementer, deenen hir Auswierkunge bis haut ze spiere sinn. Weess du dann och, wat genee lass war? Fann et eraus an eisem Quiz!

Ähnlech Sujeten Geschicht, Lëtzebuerg, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel