Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: Eng onofhängeg Enquête iwwer d‘Pedophilie an der Kierch?
Neiegkeeten

Frankräich: Eng onofhängeg Enquête iwwer d‘Pedophilie an der Kierch?

E Grupp vu Perséinlechkeeten, dorënner reliéis Würdenträger, ex-Politiker, Affekoten an

dating a taurus man long distance
dating site recommendations
Neiegkeeten

Och de Guatemala wëll seng Ambassade op Jerusalem plënneren

De Jimmy Morales, President vum Guatemala mécht et dem staarke

An eisen Häerze lieft hie weider…
Neiegkeeten

An eisen Häerze lieft hie weider…

Et gëtt vill Journalisten am Tageblatt, mee et huet nëmmen

Den Daachverband vun den Quartier-Syndikater bleift Determinéiert

Den Daachverband vun den Quartier-Syndikater bleift Determinéiert

Bei der Generalversammlung vun der USILL (Union des Syndicats d‘Interêts Locaux de la Ville de Luxembourg – Daachverband vun den Quartier-Syndikater) ass däitlech gemaach ginn, datt sech un de Fuerderungen näischt geännert huet, an een determinéiert ass och weiderhin dofir ze streiden.

Nom de Tour iwwert d‘Aktivitéiten an duerch de Bilan vun der Sessioun 2017/18, huet d‘USILL-Presidentin, Rita Hermann d‘Wuert ergraff an esou muench engem Politiker d‘Lewitte gelies. Gutt vun deene war um Dënschdegowend séier wéineg ze gesinn, uwiesend war just wien senge Verflichtungen nozekommen hat. Dat verhënnert net, datt si Verantwortung iwwerhuele mussen.

An d‘Rita Hermann stellt dann och emol direkt kloer, datt a 40 Joer wou d‘USILL elo besteet, sech d‘Suergen a Wënsch vun de Leit nëmme wéineg verännert hunn. Si hätten sech wuel am verlaf vun der Zäit de gesellschaftleche Verännerungen ugepasst, mee den onkontrolléierte Wuesstem an de Verloscht vu Liewensqualitéit sinn a bleiwen déi grouss Themen, déi d‘Leit beschäftegen.

De Memorandum vun 2017 bleift aktuell

Sécher, esou d‘Presidentin, „muss och eng USILL sech a Gedold faassen“, an et verlaangt och richteg Iwwerzeegung fir de „Ball um Rullen“ ze behalen. D‘Politik dovunner ze iwwerzeegen datt d‘Problemer no Léisunge verlaangen ass déi eng Saach, déi Léisungen erbäizeféieren, verlaangt e laangen Otem. Dat bréngt mat sech, datt de Memorandum vun 2017 ëmmer nach aktuell ass.

A vun deem wat do alles gefuerdert gëtt, ee puer Beispiller: déi ganz Froen ëm an ronderëm de Fluchhafen, mam Bezuch och Fluchbewegungen an d‘Nuisancen duerch de Kaméidi. Säit enger gefillter Éiwegkeet stäipt ee sech géint déi sëlleche Verstéiss vum Nuetsfluchverbuet. Keng Regierung hätt sech jeemools dësem Problem mam noutwennegen Eescht ugeholl.

Mee d‘Rita Hermann schwätzt och vum ëffentlechen Transport. Hei gëtt vun der USILL verlaangt, datt et méi Garen an der Peripherie muss ginn. Den ëffentlechen Transport misst net nëmme verbessert mee och besser organiséiert ginn, dat am beschten an Zesummenaarbecht mat de Vertrieder aus de Quartieren, déi d‘Situatioun gutt anzeschätze wéissten.

Esou fuerdert d‘USILL beispillsweis, datt déi kompetent Autoritéiten sech zu de Projet vum Reamenagement vun de Buslinnen äusseren. Besonnesch fir d‘Autobusser déi tëscht de Quartieren zirkuléieren, an am Kontext vum Tram deen duerch de Stadzentrum fuere soll, wier dat net vu Muttwëll. Fir beim Tram ze bleiwen: et géif ee gären un Lafende gehalen, wat den Ausbau betrëfft.

D‘Prioritéite fir 2018/19

Am Memorandum ginn nach weider Punkten opgezielt: esou d‘Sécherheet, déi Urban Entwécklung, déi politesch Bedeelegung vun den Awunner an hei besonnesch der Jugend. Fir dëst Joer leet d‘USILL de Schwéierpunkt op zwee Haaptthemen: 1) Infrastrukturen; 2) Schaffen a Wunnen. Hei besteet grad an der Stad Lëtzebuerg vill Klärungsbedarf.

D‘USILL eng offensiv Strategie bei den Infrastrukturprojeten. „D‘Infrastruktur an dësem Land ass net op der Héicht vu sengem wirtschaftleche Wuesstem. An der Stad Lëtzebuerg an am Land muss d‘Infrastruktur entwéckelt ginn, fir d‘Liewensqualitéit an der Stad ze erhalen an ze schützen“, erkläert d‘Rita Hermann. Dozou gehéiert dee Verkéier aus der Stad ze halen, deen do net muss sinn.

An am Daachverband hätt en dann och ee sëlleche Pisten opgemaach, déi dem Land kéinten hëllefen aus der stänneger Iwwerbelaaschtung duerch de Verkéier ze entkommen. Wat d‘Relatioun tëscht den Awunner an deene Leit déi „nëmmen“ an der Stad schaffen ubelaangt, esou kann et wéi bis ewell net weider goen. Et misst een erreechen, datt op eng Aarbechtsplaz 2,5 Awunner kommen.

Dat ass an der Stad awer grad ëmgedréint, an et gesäit och net wierklech duerno aus, datt et de politesche Wëlle gëtt, dorunner eppes ze veränneren. D‘Rita Hermann fuerdert dann och net manner, wéi déi am neie PAG definéiert „Zones Mixtes“ als reng Wunnzonen ëmklasséiert solle ginn. Eng Fuerderung déi politesch net ëmzesetzen ass, an net de Wuesstemsziler entsprécht.

Fir eng besser international Schinneverbindung

Am Kontext vum „Verkéier“ ass d‘USILL-Presidentin dann och nach op de Persounentransport iwwert d‘Schinn ze sprieche komm. Si verlaangt vun de politesche Verantwortlechen, datt si sech hei asetze fir: engersäits déi international Verbindungen am Schinnenetz ze erhalen, an anersäits nei Verbindungen auszehandelen. Dat kéim esouwuel den Awunner, wéi de Pendler entgéint.

Hei dierft et dann och nach zu Diskussioune mam Stater Schäfferot kommen. Lëtzebuerg wier e staarke Member am Stiedeverbond „Quattropole“ wou si mat den anere Stied op d‘Ministesch fir d‘Groussregioun kéinten Drock ausüben, fir dat et nees zu enger uerdentlecher Verbindung „Lëtzebuerg-Metz-Stroossbuerg“, der Haaptstad vun der Regioun „Grand-Est“ komme kann.

D‘Rita Hermann ass dann awer och gewëllt, de politeschen Acteuren zouzegestoen, datt villes ënnerholl ginn ass, fir ze dezentraliséieren. Och säitens der Regierung kritt een den Androck vermëttelt, datt ee sech de (bekannte) Problemer unhëlt. Am grousse Ganzen awer, muss ee feststellen, datt all déi vill Efforten (nach) net derzou bäidroen d‘Tendenz ëmzedréinen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Liewensqualitéit, Quartier-Syndikater, Rita Hermann, Stad Lëtzebuerg, USILL, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel