Congé aus familiäre Grënn… Wéi geet dat?
Den Aussergewéinleche Congé aus familiäre Grënn kann op einfach Ufro,
Den Aussergewéinleche Congé aus familiäre Grënn kann op einfach Ufro,
D‘Loftschléi géint Syrien, déi um Weekend vun der Koalitioun USA-Groussbritannien-Frankräich
Am Verglach zum November 2017 huet sech am Dezember wéineg an Europa gedoen, wat d’Aarbechtslosequot ugeet. Den Euroraum läit se also weider bei 8,7%, an der EU28 bei 7,3%. Wéi mer schonn Ugangs des Mounts geschriwwen hate, sinn dës Noriichte ganz positiv.
Virun allem, wann een se mam Dezember 2016 vergläicht. E Joer laang sinn d’Zuelen erof gaangen an et ergëtt sech e ganze Prozentpunkt ënnerscheet am Verglach zum Joer virdrun. Och ass et déi niddregst Quot zënter 2009 am Euroraum. Dëst soen d’Donnéeën aus, déi den Eurostat gesammelt hunn. Déi stäerkst Réckgäng waren a Griicheland (vun 23,3% op 20,7% vun Oktober 2016 op Oktober 2017), Kroatien (12,5% op 10,0%), Portugal (10,2 op 7,8%) a Spuenien (18,5% op 16,4%). Laut Eurostat ass d’Saisonberengegt Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg op 5,6% komm. Laut Statec waren et der 5,8%.
Bei der Jugendaarbechtslosegkeet huet sech am Joresvergläich och eppes gedoen: Si ass an der EU28 vun 18% op 16,1% erof. Déi héchste Quote ginn a Griicheland (40,8% am Oktober), Spuenien (36,8%) an Italien (32,2%) registréiert.