Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
D‘Cargolux verdéift seng Relatioune mat chinesesche Banken
Neiegkeeten

elettra lamborghini dating

Am Kader vun enger Wirtschaftsmissioun déi vum Minister Pierre Gramegna

traduction en français de speed dating
dating a russian american
Neiegkeeten

Orkan „Irma“ verbreet Angscht a Schrecken

Déi franséisch Insele Saint-Barthélémy a Saint-Martin sinn op Alarm „Mof“

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter
Neiegkeeten

London: EU-Bierger a Briten ginn op d’Strooss fir hir Rechter

Honnerten europäesch Bierger déi a Groussbritannien liewen hunn um Mëttwoch

D‘ADR mat enger Analys zu de Chamberwahlen

D‘ADR mat enger Analys zu de Chamberwahlen

Enn vum Mount ginn déi Kandidaten déi e Mandat bei Chamberwahlen erhalen hunn, vereedegt a well dohinner nach eppes Zäit ass, huet d‘ADR seng Analys vun de Chamberwahle virgeluecht. Et ass queesch duerch de Gaart gaangen, an d‘Samett-Händchen hu se op der Säit gelooss.

Als éischt huet den ADR-President Jean Schoos, sech nach emol iwwert dat gutt Resultat vun der Partei gefreet, fir sech uschléissend direkt nees iwwert de bestoende Wahlsystem ze iergeren. Jo et wier ee frou, datt mam Jeff Engelen e wiedere Kandidat am Norden um Krautmaart anzitt, mee am Osten – an dat wier dann eisem Wahlsystem geschëlt – hätt een op 63 Stëmmen e Mandat verpasst.

Zefridden ass d‘ADR och mam „Detail“. Esou hunn hir jonk Kandidaten (Michel Lemaire, Alex Penning a Fred Keup – fir de Wee 2050 -) sech gutt presentéiert, an och d‘Damme vun der ADR hätten ee ganz respektabelt Resultat Opweises. Woubäi de Jean Schoos agesteet, datt am Ensembel hir Fraen déi allgemeng Tendenz bestätegen. Den „Zwang zur Quot“ ass beim Wieler net ukomm.

Et hätt vill Diskussioune ginn, dunn e Gesetz, mat deem eng Quot fir Fraen op de Wielerlëschte festgeluecht gouf. Resultat: et sinn ewell nach manner Fraen an der Chamber wéi virdrun. An a apropos Quoten, de Jean Schoos stellt fest, ugesiichts der Iwwerzuel u männleche Journaliste bei der Pressekonferenz, datt et ee bei de Medien och nach wäit vun der Paritéit ewech ass.

De CSV-Debakel

Wie mat sech am rengen ass, kann sech eng Bemierkung iwwert de politesche „Géigner“ gënnen. Et wier een eppes verwonnert doriwwer, datt sech d‘CSV aktuell eppes „beschwéiert“ datt si net zu Koalitiounsgespréicher ageluede gi sinn. Wéi een sech als Partei do „fillt“ dat kann ee bei der ADR ganz gutt novollzéien, ëmmerhin hat d‘CSV Gespréicher mat der ADR vu vireran ausgeschloss.

Eng Ausso, esou den ADR-President, deen sech op d‘Wahlverhalen ausgewierkt hätt. Vill Leit wiere veronséchert gewiescht. Sech virun de Wahlen esou festzeleeën, hätt derzou gefouert, datt keen de méigleche Koalitiounspartner vun der CSV gesinn, hätt. Do si béidersäits Stëmme verluer gaangen, an aus Gespréicher mat e puer CSV-Kollegen, dierft ee behaapten, net eleng dës Meenung ze hunn.

D‘Notznéisser wieren d‘Pirate gewiescht, eng wéi de Jean Schoos mengt „Protestpartei“, déi hire Programm a wäiten Deeler „à la carte“ mat Iddie vun „Aneren“ zesummegestallt hätt. „Gambia“ geet an eng 2. Ronn, an d‘CSV muss sech un d‘Oppositiounsbänk gewinnen. D‘Oppositioun muss Alternativen opweisen, an dat wäert d‘ADR maachen, op mat oder ouni d‘CSV.

Onfair Interpretatioun

Bei der ADR, huet ee sech am Kontext mat der Wahlanalys awer net eleng mat de politeschen Acteuren ofginn, nee och wéi d‘Medien am Verlaf vun der Wahlcampagne bericht hunn, huet sech d‘ADR zu Gemitt gezunn, a ka bedauerlecherweis keng zefriddestellend Conclusioune virleeën. „Esou wéi mir duergestallt goufen, kéint ee menge mir géife kleng Kanner iessen!“

Esou ass der ADR opgefall, datt et bei e sëlleche Kollegen opfälleg vill „Interpretatiounsspillraum“ ginn, an nach méi „Kommentare“ an/oder „Carte Blanche“ ginn huet, déi entspriechend haart an d‘Geriicht mat der ADR gaange sinn. Et wier deels geflunkert ginn, et hätt ee Saachen aus dem Kontext gerappt an der Partei e „Populismus“ ënnerstallt, deen et esou faktesch net gëtt.

De Jean Schoos stellt dann op neits kloer, datt d‘ADR weder „populistesch nach rietsextrem“ ass, et keng „Bezéiungen“ zur däitscher AfD gëtt. Mat esou enger „Presseaarbecht“ wonnert ee sech och net méi iwwert de Beholl deen esou eppes an de sozialen Netzwierker ausléist. Et wier een dofir da mat de Kandidaten zefridden, déi sech „dëser alternativer Campagne“ net higinn hunn.

Erstaunt iwwert „déi gréng“

Mat engem „grousse Sprong an der Wielergonscht“ hätten déi gréng (nieft de Piraten) fir eng zolidd Iwwerraschung gesuergt. 3 zousätzlech Mandater, déi mat zimlecher Wahrscheinlechkeet der LSAP verluer gaange sinn (d‘ADR geet dovunner aus, datt déi 2 Mandater vun de Piraten, aus dem CSV-Lager eriwwergewénkt goufen), verweisen op eng differenzéiert politesch Landschaft hin.

Elo huet ee bei der ADR den Androck, datt déi gréng Ideologie wéi eng Relioun behandelt gëtt. Et géif een hir Politik net méi a Fro stellemn, obwuel och bei déi gréng net ersiichtlech ass, datt si déi Léisungen hätten déi gebraucht ginn. Zudeem ass ee bei der ADR esou virwëtzeg wéi an de Medien, wann et drëms geet erauszefannen op si hir Fuerderungen an der Koalitioun duerchgesat kréien.

Op d‘Kausa „Robert Mehlen“ ass d‘ADR och agaangen. Hie geet bei senger Reklamatioun un d‘Chamber (mir hate bericht: Chamberwahlen: d‘ADR stéiert sech um Wahlsystem). Den Éierepresident huet d‘Initiativ ergraff, d‘Wahlresultat ze kontestéieren, wouranner hie vun der Partei ënnerstëtzt gëtt. Et géif een et begréissen, wann et zu engem „ëmdenken“ kéint bäidroen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten adr, Chamberwahlen 2018, CSV, déi gréng, Fraequot, Gambia, LSAP, Piraten, Robert Mehlen, Verfassung, Wahlsystem
Nächsten Artikel Virrechten Artikel