Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Et reent… Konfetti!
dating site screen name examples

Et reent… Konfetti!

Frënn vun der Sonn an der gudder Laun, et gëtt

https://moien.lu/who-is-tekno-dating/
dating site screen name examples

NASA: Feierowend fir de Kepler-Weltraumteleskop

D‘Missioun vum Weltraumteleskop Kepler ass no néng Joer am Sonnen-Orbit,

Be active: Deng Zukunft – Däi Wee! Infofoire fir Jonker an Elteren
dating site screen name examples

Be active: Deng Zukunft – Däi Wee! Infofoire fir Jonker an Elteren

En Donneschden, de 25. Abrëll luet d’Nordstadjugend a.s.b.l. zesumme mat der

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vu Mëtt bis Enn August

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vu Mëtt bis Enn August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt mat senge Partner fir eng 22. Kéier d’Campagne „En Dag an der Natur“. Zil ass et, de Mënschen d’Méiglechkeet ze ginn, déi heemesch Landschaft, Déieren- a Planzewelt op spannend a lieweg Aart a Weis méi no kennenzeléieren an eis Natur als eppes Wäertvolles a Schützenswäertes ze erliewen.

D’Editioun vun dësem Joer besteet aus 330 Aktivitéiten, déi vu méi wéi 100 Organisateuren zesummegedroe goufen. De ganze Programm ka bei natur&ëmwelt bestellt ginn (Tel.: 29 04 04-1) oder och HEI, sou wéi op www.naturemwelt.lu erofgeluede ginn. Folgend Aktivitéite stinn deemnächst un:

  • 4 Joreszäiten – Kraiderwanderung
    Méindes, den 19. August vu 14:00 bis 18:00 Auer am Naturschutzzentrum A Wiewesch, Manternach
    Mir erkennen a sammelen déi iessbar Wëllplanzen, verschaffen an iessen ze zesummen. Loosst Iech iwwerrasche vun der Villsäitegkeet vun eise Wëllplanzen. De Präis läit bei 12 € op de Kapp.
    Sprooch: Lëtzebuergesch, däitsch
    Umeldung: bis de 17. August
    Nächsten Arrêt: Manternach, Gare
    Organisatioun: Centre Nature et Forêt A Wiewesch
    Kontakt: Christina Kuhn, 26 71 67, awiewesch@anf.etat.lu

 

  • Beréngungscamp
    Mëttwochs, den 21. August a Freides, den 23. August ab 15:00 Auer bei der Jugendherberg zu Rëmerschen (31, Wäistrooss)
    Ee Camp fir Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer ronderëm d’Thema „Villercher“, woubäi een d’Villercher an d’Naturschutzgebitt vum Haff Réimech besser kenneléiert. Dobäi gëtt een och gewuer, wéi een d’Vulle richteg bestëmmt.:
    Umeldung: bis den 19. August
    Nächsten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    Organisatioun:natur&ëmwelt Jugendgrupp (www.naturemwelt.lu)
    Kontakt: Valerie Klein, 29 04 04 329, jugend@naturemwelt.lu

 

  • Faarweg Diversitéit an der Steppe
    Mëttwochs, den 21. August vun 18:00 bis 19:30 Auer an der Entrée vum Park um Kierchbierg (Boulevard Pierre Werner)
    De Sand-Moerwues am Landschaftspark Klosegrënnchen um Kierchbierg bitt eng ganz Rei vu seelene Planzenaarten neie Liewensraumn. Begleet de Biolog Thierry Helminger op engem botanesche Spadséiergank duerch den aussergewéinleche Park.
    Nächsten Arrêt: Kirchberg, Pierre Werner
    Organisatioun:Naturmusée (www.mnhn.lu)
    Kontakt: Thierry Helminger, 46 22 33 406, arboretum@mnhn.lu

 

  • Nuetswanderung an der Stad Lëtzebuerg
    Freides, den 23. August vun 20:00 bis 23:00 Auer bei der Jugendherberg Lëtzebuerg-Pafendall (2, rue du Fort Olisy)
    Geféiert Wanderung bei Nuecht vun zirka 4,7 km am Pafendall. Fir Erwuessener a Kanner ab 9 Joer gëeegent. Nom Tour gëtt et ee klenge Snack an der Jugendherberg. De Präis läit bei 9 € fir Kanner bis 12 Joer an 13 € fir Erwuessener.
    Umeldung: Bis de 15. August
    Nächsten Arrêt: Clausen, Plateau Altmünster
    Organisatioun:Lëtzebuerger Jugendherbergen (www.youthhostels.lu)
    Kontakt: 26 27 66 200, animation@youthhostels.lu

 

  • FLMP Vollekswanderung
    Samschdes, de 24. August vu 7:00 bis 17:00 Auer an der Hal „An der Koll“ zu Brouch bei Miersch
    Startzäiten: 6 oder 12 km → 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km → 7:00 bis 12:00 Auer, Zilschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis deelhuelen.
    Nächsten Arrêt: Brouch/Mersch, Kiercheplaz
    Organisatioun:Wanderfrënn Brouch Asbl (www.wf-brouch.lu)
    Kontakt: Wanderfrënn Brouch, 621 576 910, info@wf-brouch.lu

 

  • 2000 m² Weess
    Samschdes, de 24. August vu 14:00 bis 18:00 Auer am Haus vun der Natur op der Kockelscheier (5, route de Luxembourg)
    Hei gitt Dir méi zum 2000 m² Projet gewuer, méint an drescht de Weess a verschafft e weider bis zum Miel. Duerno gëtt doraus Brout gebak.
    Sprooch: Däitsch
    Nächsten Arrêt: Kockelscheuer, Patinoire
    Organisatioun:natur&ëmwelt, IBLA, Co-labor (www.naturemwelt.lu)
    Kontakt: Elisabeth Kirsch, 29 04 04 1, secretariat@naturemwelt.lu

 

  • FLMP Vollekswanderung
    Sonndes, de 25. August vu 7:00 bis 17:00 Auer am Centre Polyvalent Kuerzwénkel zu Konsdref
    Startzäiten: 6 oder 12 km → 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km → 7:00 bis 13:00 Auer, Zilschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis deelhuelen.
    Nächsten Arrêt: Consdorf, Haenricht
    Organisatioun: The World Runners Consdorf Asbl (www.worldrunners.lu)
    Kontakt: Martine Heinen, 621 284 267, heinenmar2@gmail.com

 

  • FLMP Vollekswanderung
    Samschdes, de 24. August vu 7:00 bis 17:00 Auer an der Hal „An der Koll“ zu Brouch bei Miersch
    Startzäiten: 6 oder 12 km → 7:00 bis 14:00 Auer, 20 km → 7:00 bis 12:00 Auer, Zilschluss: 17:00 Auer. De Start kascht 1,50 €, Kanner bis 14 Joer kënne gratis deelhuelen.
    Nächsten Arrêt: Brouch/Mersch, Kiercheplaz
    Organisatioun:Wanderfrënn Brouch Asbl (www.wf-brouch.lu)
    Kontakt: Wanderfrënn Brouch, 621 576 910, info@wf-brouch.lu

 

  • D’Millen un der Sauer
    Sonndes, de 25. August vun 9:00 bis 12:00 Auer zu Bauschelt
    Entdeckt déi vum Mënsch gepräägt Landschaft ronderëm d’Uewersauer an d’Geschicht vun der fantastescher Regioun. Vergiesst Är Wanderschong net fir dësen interessanten Tour vu 6 km. De Schwieregkeetsgrad ass mëttel an net gëeegent fir Kannerkutschen. Famille mat Kanner ab 7 Joer si wëllkomm. D’Wanderung fënnt bei enger Zuel u Participanten tëscht 5 a 15 Persoune statt.
    Sprooch: Franséisch
    Umeldung: bis de 16. August
    Organisatioun: Centre Nature et Forêt A Wiewesch
    Kontakt: Federspiel Michèle, 691 721 211, burfelt@anf.etat.lu

 

  • Vëlostour zum Thema Gaardebau
    Samschdes, den 31. August vun 8:00 bis 17:00 Auer bei der Stater Gare
    Bei dësem Vëlostour ginn déi verschidde Gaardebau-Projete besicht. Mir fuere vun der Stad eraus op Mamer bei den Zalotebauer Hugo Krijnse-Locker, ier et da weider op Biekerech bei de Geméisgaart geet. Ënnerwee gëtt picknickt. Zeréck geet et mam Zuch ab Klengbetten.
    Umeldung: bis den 29. August
    Nächsten Arrêt: Luxembourg, Gare
    Organisatioun:etika Asbl (www.etika.lu)
    Kontakt: Ekkehart Schmidt, 29 83 53, velotour@etika.lu

 

  • Wanderung fir Grouss a Kleng
    Samschdes, den 31. August vu 14:00 bis 16:00 Auer am Naturschutzzentrum Biodiversum zu Rëmerschen
    Déieren am Mäerche sinn de Mënschen oft ähnlech. Si denken, schwätzen, hëllefen, kënne geféierlech sinn an hunn iwwernatierlech Fäegkeeten. D’Aktivitéit ass gratis.
    Sprooch: Lëtzebuergesch, däitsch
    Nächsten Arrêt: Remerschen, Al Schoul
    Organisatioun:Centre Nature et Forêt Biodiversum
    Kontakt: Muriel Nossem, 23 60 90 61, biodiversum@anf.etat.lu
Ähnlech Sujeten Aktivitéiten, August, En Dag an der Natur, Natur, natur&ëmwelt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel