Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?
Kultur Neiegkeeten

Kriss du an dësem Lëtzebuergesch-Test de perfekte Score?

All Woch duerchkämme mer d’Noriichten no interessanten a komplizéierte Wierder.

Tacheles: d’CGFP iwwert de Koalitiounsaccord
Kultur Neiegkeeten

Tacheles: d’CGFP iwwert de Koalitiounsaccord

D’Wierfele sinn also gefall: Lëtzebuerg huet gewielt, a säit wéinegen

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser
Kultur Neiegkeeten

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Freideg véier Recommandatioune presentéiert,

Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!

Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
© Robbesscheier
Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
© Robbesscheier
Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
© Robbesscheier
Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
© Robbesscheier
Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
© Robbesscheier
Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
© Robbesscheier
Fir déi ganz Famill: Den Dag vum Ardennerpäerd um 19. Mee!
© Robbesscheier

Scho fir eng 30. Editioun gëtt den „Dag vum Ardennerpäerd“ am Naturzentrum vun der Robbesscheier organiséiert. Dat traditionellt Fest bitt ee räichhaltegen déieresche Programm fir Grouss a Kleng un!

Unhand vun attraktiven Atelieren, Animatiounen a Presentatioune ginn zukunftsweisend Themen a Léisungsusätz fir den Ëmweltschutz duergestallt. An natierlech huet een nieft dem offiziellen Deel och un de Spaass fir d’Kanner geduecht. Mee net nëmmen dat, och déi gastronomesch Offer, mat regionale Produite vun der „Marque Nationale“ oder och Eegeprodukter vun der Robbesscheier wäerten Iech gefalen.

Ardenner

De Programm

Zum Aarbechtspäerd

• Pressekonferenz zum Projet „Kompetenzzentrum Aarbechtspäerd“
Duerch dëse Projet, dee vum Tourist Center Clervaux Asbl, an am Optrag vum Lëtzebuerger Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung initiéiert ginn ass, soll engersäits d’Grondlag fir d’Weiderentwécklung vun der moderner Päerdsaarbecht, mee och déi laangfristeg Nofro fir Aarbechtsusätz mam Päerd gefërdert an ausgebaut ginn.Ziel ass et, d’Wirtschaftlechkeet fir verschidden Usätz mam Päerd ze analyséieren a Richtlinne fir d’Ausféierung vu ssënnvollen Aarbechte fest ze leeën. Och déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht mat auslännesche Kompetenzpartner an d’Ariichtung vun engem Formatiounszentrum stinn um Plang.Éischt Aktiounen am Kader vum Projet sinn:

• D’Internetplattform www.horsepower.lu
• Éischt Fleegeaarbechten op Vëlos- a Wanderweeër, sou wéi vu Gréngflächen Ufank Juni
• Zwee Theme ginn mat Experten ausgeschafft. Dozou gehéiert d’Holzrécken mat Päerd an d’Fleeg vun Naturschutzflächen.
• Demonstratioun vu verschiddenen Aarbechtsusätz
• Interaktiv Atelieren
• Ausstellung vu modernem Geschir
• Presentatioun vum „Ardenner Studbook“
• Méiglechkeete vum Asaz mat Päerd bei physesch an/oder psychesch ageschrenkte Persounen
• Presentatioun an Defilé vun historesche Kutschen
• Show- an Dressuralagen mat Päerd

Zum Schof
• Schieren a Fleeg vum Déieresche
• D’Schof u sech, säin Notzen an d’Produiten
• Kreeslafwirtschaft um Beispill vum Schof
• D’Eegenschafte vun der WollBastel- a Filzatelier

Weideres
• Kutsch fueren
• Kannerkarussell
• Baken am Holzuewen
• Ieselreiden
• Grouss Spillplaz

Gastronomie
Bei dëser Offer gëtt besonnesche Wäert op Lëtzebuerger Produite gesat. Doduerch fannt Dir hei „Marque Nationale“ an Eegeproduiten vun der Robbesscheier erëm. Ze iesse gëtt et:• Hamburger „Robbesscheier“
• Vegetaresche Burger
• Schwéngshax vum Grill
• Bifana vum Rand
• Grillwurscht a Mettwurscht
• Fritten
• Verschidden Uebsttaarten mat Wëllkuer-Deeg

Weider Informatiounen zum Evenement

Den Dag vum Ardennerpäerd gëtt den 19. Mee 2019 vun 10:00 bis 18:00 Auer am Naturerliefniszentrum Robbesscheier zu Munzen (1, Frummeschgaass, 9766 Munzen) organiséiert. Den Entrée kascht 5 € pro Persoun, Kanner ënner 12 Joer komme gratis eran.

Nächsten Artikel Virrechten Artikel