Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frevel un der Uelzecht: Waasserverschmotzung fuerdert seng Affer
International Neiegkeeten

Frevel un der Uelzecht: Waasserverschmotzung fuerdert seng Affer

Um Samschdeg, de 14. September gouf d’Waasserverwaltung mat engem schlëmme

money
Fantastesch Entwécklung am Logement
International Neiegkeeten

Fantastesch Entwécklung am Logement

Gëschter huet de Statec sech zur Lag vun der Präisentwécklung

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un
International Neiegkeeten

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

Si hu geziddert, geléiert a geschweesst. A vir déi meescht

Internationalen Dag vum Multilateralismus

Internationalen Dag vum Multilateralismus

Ob Aluedung vun der schwedescher Ministesch fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Ann Linde, an der „Global Challenges Foundation“, huet de lëtzebuergeschen Ausseminister Jean Asselborn eng Ried via Visiokonferenz – am Kader vum internationalen Dag vum Multilateralismus – gehalen.

D‘Visiokonferenz déi vu Schweden organiséiert ginn ass, huet sech op d‘Zukunft vun de Vereenten Natiounen (UNO) ënnert dem Titel „Déi Zukunft déi mir wëllen – déi UN déi mir wëllen“ baséiert. Si huet sech an de 75. Anniversaire vun der Organisatioun vun de Vereenten Natiounen ageschriwwen, wärend d‘Welt vun transnationale Bedreeungen, wéi de Klimawandel an d‘Covid19-Pandemie – eng sanitär Kris déi et esou nach net ginn huet an där hir wirtschaftlech a sozial Repercussiounen déi ganz Welt betreffen.

A senger Interventioun huet de lëtzebuergeschen Ausseminister nach emol ervirgehuewen, datt d‘Covid19-Pandemie net nëmmen eng weltwäit Kris vun der ëffentlecher Gesondheet ass. Et handelt sech heibäi ëm eng „weesentlech méi fundamental systemesch Kris“, well se mat der Klimakris interagéiert, dem Honger an der Aarmut an der Welt, d‘Konflikter an déi geféierlech Tendenz zur Ofschafung vun de Mënscherechter, dem Rechtsstaat am der internationaler Uerdnung déi sech op Reegele stëtzt.

An dësem Kontext huet déi Lëtzebuerger Diplomatie déi permanent Representante vum Katar a Schweden bei de Vereenten Natiounen zitéiert, déi beoptraagt sinn, d‘Verhandlungen tëscht de Regierungen zur Deklaratioun fir d‘Commemoratioun vum 75. Anniversaire vun de Vereenten Natiounen: „Mir sinn mat enger gemeinsamer Bedreeung confrontéiert déi keng Grenze kennt. Ni virdrun hu mir esouvill Multilateralismus an international Zesummenaarbecht gebraucht. Loosst eis dës Geleeënheet notzen an d‘Zesummenaarbecht wéi och d‘Roll als Leader vun de Vereenten Natioune stäerken“.

Den Ausseminister huet dem Personal an de Verantwortleche vun de Vereenten Natiounen, déi hiert Liewen am Dénscght vum Fridden an der Sécherheet verluer hunn, dorënner den zweeten UN-Generalsekretär, de Schwed Dag Hammerskjöld, eng Hommage ausgeschwat. Hien huet och gewarnt, datt „d‘Covid19-Pandemie d‘Potential huet d‘Konflikter ze verschlëmmeren an esou eng direkt Bedreeung vum Fridden an der Sécherheet“ duerstellt. Hie bedauert dann och, datt den UN-Sécherheetsrot nach net an der Lag war, sech konkret zu enger Äntwert op d‘Pandemie deuerch ze réngen.

Am Kontext vum 75. Anniversaire vun der UNO, huet de Chef vun der lëtzebuergescher Diplomatie ënnerstrach, datt de „Moment komm ass zesummenzeschaffe fir déi Vereenten Natiounen ze stäerken déi mir haut hunn, fir zu deene Vereenten Natiounen ze kommen déi mir muer brauchen“. Den Ausseminister huet notamment plaidéiert fir d‘Weltgesondheetsorganisatioun WHO ze ënnerstëtzen an de System vun de Vereenten Natiounen an de Beräicher vun de Mënscherechter an der Entwécklung ze stäerken.

Ofschléissend huet de Jean Asselborn en Appell lancéiert, fir „sech nees zur Faveur vun der Visioun vun der Charta vun de Vereenten Natiounen ze engagéieren an nei Moyenen ze fanne fir de gudde Wëlle vun Allen ze mobiliséieren, Memberlänner, ëffentlech Entitéite mee och de Privatsecteur, fir esou Ressourcen ze generéieren déi mir brauche fir den nohaltegen Entwécklungsplang zum Horizont 2030 ze realiséieren“.

Matgedeelt vum Ausseministère/SIP; fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Den Ausseminister an de Visiokonferenz de Freideg 24. Abrëll © MAEE

Ähnlech Sujeten 75. Anniversaire UNO, Ausseministère, Jean Asselborn, Multilateralismus, UNO, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel