Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Jane Austen, erkläert
Neiegkeeten

D’Jane Austen, erkläert

Haut, de 18. Juli 2017, ass den 200. Doudesdag vun

geek
De Marvel Cinematic Universe, erkläert
Neiegkeeten

De Marvel Cinematic Universe, erkläert

Ween och nëmmen geleeëntlech e Bléck op de Kinosprogramm werft,

10 Lëtzebuergesch Bicher, déi s de gelies muss hunn
Neiegkeeten

10 Lëtzebuergesch Bicher, déi s de gelies muss hunn

Gutt Literatur ass net nëmmen am Ausland ze fannen, heiansdo

Den 22. September: Dag vum Timber zu Käl-Téiteng

Den 22. September: Dag vum Timber zu Käl-Téiteng

2018 fënnt den Dag vum Timber an der Schongfabrick zu Käl-Téiteng statt, dee vum „Cercle Philatique Tétange“ organiséiert gëtt. Hei gëtt dann och gläichzäiteg 60 Joer Bestoe gefeiert.

D’Minettsgéigend, déi och als Land vum roude Buedem bekannt ass, ass gekennzeechent vum grousse Quantitéiten un Eisenäerz, wat ab Mëtt vum 19- Joerhonnert ofgebaut gouf. Duerch d’Gewënnung vum Eisenäerz ass eng komplett nei Industrie entstane, déi dann och de Bau an d’Entwécklung vun de néidegen Hëllefsmëttel gefuerdert huet.

Ee Beispill fir eng Ariichtung ass de Bremsbierg „Téiteng Quäschebierg“. D’Eisenäerz misst all Dag vun der Ofbauhéicht bis bei d’Eisebunn ënnen am Dall transportéiert ginn. Duerch d’Gerwiicht vun de volle Buggien, déi erof an den Dall gerullt sinn, goufen déi eidel Weenercher op de Bierg erop gezunn. Op zwou parallel verlafende Schinne war also ëmmer Beweegung ze gesinn.

Fir dësen dynamesche Virgang ze kontrolléiere goufe Bremsstatiounen ageriicht. Eng dovunner ass op dem uewen ofgebiilten Timber ze gesinn.

Weider Erklärungen zu de verschiddene Timberen aus der spezieller Kollektioun fannt dir hei:

Philatélux

Ähnlech Sujeten Cercle Philatique Tétange, Dag vum Timber, Käl-Téiteng, Post Philately
Nächsten Artikel Virrechten Artikel