Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vëlospist PC1: Deviatioun vum 13. bis den 18. Januar 2020
International Neiegkeeten

Vëlospist PC1: Deviatioun vum 13. bis den 18. Januar 2020

Duerch Holzfällaarbechten vun der Natur- a Bëschverwaltung (ANF) um Bisserwee

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet
International Neiegkeeten

Ekosystemer duerch déi extrem Wiederkonditioune bedreet

An Australien ass d‘Stëmmung ugesiichts dem Klimawandel schlecht. Déi extrem

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?
International Neiegkeeten

Koalitiounsgespréicher: eng reng Formalitéit?

Gëschter hunn d‘Koalitiounsgespréicher, nodeems de Xavier Bettel dem Groussherzog Henri

Hal op däin Zigarettestomp einfach op de Buedem ze geheien!

Bréissel geet den onmanéierleche Beholl vu ville Fëmmerte géint de Stréch a gräift elo zolidd duerch

Hal op däin Zigarettestomp einfach op de Buedem ze geheien!

Zigarettestëmp sinn net eleng zu Bréissel eng Pescht, mee déi belsch Haaptstad a Sëtz vun der EU-Kommissioun huet es elo därmoosse bis iwwert d‘Oueren, datt entscheet gouf sech behäerzt géint déi onmanéierlech Fëmmerten, déi anscheinend der Meenung sinn, den ëffentleche Raum wier ee groussen Äschebecher, virzegoen.

Bis ewell kascht et – de Fall gesat et fënnt sech e Polizist deen d‘Gesetz uwennt – 50 Euro wann ee säin Zigarettestomp einfach esou op de Buedem gehäit. Ab 2020 soll dat da mat 200 Euro bestrooft ginn. Well een awer Gewunnechten – och schlechter – net liicht verännere kann, huet d‘Schäffin fir d‘Propretéit, Zoubida Jellab, annoncéiert, datt dës Moossnam vun enger Campagne begleet gëtt.

Eng Sensibiliséierungscampagne, d‘Verdeele vu portabelen Äschebecher an ee puer honnert fest installéiert „ëffentlech“ Äschebecher, sollen de Public zu bessere Manéiere verféieren. Wiem dat alles ze domm ass, deem sief gesot, datt d‘Stad Bréissel néng Agenten zur Kontroll vun nëmmen dësem schlechte Beholl asetzt. Op Toleranz sollt een sech net verloossen, déi maachen Eescht.

Den ëffentleche Raum: eng Poubelle

An dat aus guddem Grond: d‘Zigarettestëmp maache ronn en Drëttel vum Knascht aus, dee vun de Botzequippen eleng op den Trottoiren an aus dem Stroossekullang opgesammelt gëtt. Dobäi ass dat net emol einfach, dësen Dreck opzesammelen, a wann et naass ass, ass et nach eppes méi schlëmm. Datt se zu Bréissel dësem „Problem“ wëllen Här ginn an net nëmme „kasséieren“, mécht Sënn.

Zum enge verschandelen déi ganz Zigarettestëmp den urbane Raum an zum aneren ass et eng reell Belaaschtung fir d‘Ëmwelt. Et gëllt als erwisen, datt d‘Zigarettestëmp deen am wäitverbreetste kënschtleche Knascht ass. A well dem Mënsch ëmmer manner mat gudde Wierder op d‘Spréng ze hëllefen ass, muss een et mat deem huelen, wat him a wichtegsten ass: de Goss…

Wou d‘Pädagogik u seng Grenze stéisst

D‘Zoubida Jellab stellt dann och kloer, datt et der Stad Bréissel net drëms geet eng nei „Geldquell“ ze erschléissen. Well 50 Euro net Ofschreckung genuch sinn an och éischter net wéi iwwerhaapt „kontrolléiert“ an „taxéiert“ ginn ass, huet awer missen en Akzent gesat ginn. Een deen de Leit an d‘Gewësse schwätzt, hinne bewosst mécht wat fir en Dreck d‘Zigarettestëmp maachen.

A Kraaft triede wäert déi verännert Taxatioun méiglecherweis schonn am 1. Trimester 2020. A wie mengt sech misse mat engem „Pechert“ unzeleeën, dee sollt bedenken, datt wann d‘Police muss intervenéieren, et mat 200 Euro net duergeet. Da gëtt et eng sougenannt administrativ Sanktioun, an déi ka bis 350 Euro bedroen. Dat gouf esou bis ewell nach net ugewannt, soll sech awer änneren…

mat indymedia/bru

Foto: El Caminante / Pixabay

Ähnlech Sujeten Bréissel, Dreck, Knascht, Propper Stad, urbane Raum, Zigarettestomp
Nächsten Artikel Virrechten Artikel