Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng App fir eis Gesondheet
Kultur Neiegkeeten

what does radioactive dating measure

Mat der Ëmsetzung vun der europäescher Dateschutzdirektiv GDPR an der

https://moien.lu/gong-yoo-dating-lee-dong-wook/
Kultur Neiegkeeten

D’Europäesch Ausseministere huelen sech der Verdeedegungsunioun un

Noen a mëttleren Osten, Nordkorea a Venezuela – dat si

Esch-Uelzecht huet elo e koordinéiert Verkéiersreglement
Kultur Neiegkeeten

Esch-Uelzecht huet elo e koordinéiert Verkéiersreglement

Um Freideg huet zu Esch-Uelzecht eng aussergewéinlech Gemengerotssëtzung ginn, nodeem

Däischter Wolleken iwwert der Kulturhaaptstad 2022

Däischter Wolleken iwwert der Kulturhaaptstad 2022

Onbezuelte Paien a Rechnunge bei der ASBL Esch 2022, wéineg Versteesdemech fir d‘Equippe, déi de Projet ausgeschafft huet a koordinéiere soll. Dat ass an engem Saz zesummegefaasst, wéi et mam Projet Esch 2022 – europäesch Kulturhaaptstad, am Ament ausgesäit.

An de jonken Escher Buergermeeschter hat och ni en Heel dorausser gemaach, wat hie vum Projet a senger aktueller Versioun hält. Hien ass och net eleng, dem Kulturschäffen, deen och den Tresorier vun der ASBL ass, kann dann och alles, ausser Enthusiasmus, virgeworf ginn.

E leschten Héichpunkt am „Dossier Esch 2022“ hat e Mëttwoch ginn. Do huet de Georges Mischo (CSV) am Tageblatt missen e kuerze „mea culpa“ maachen. Dat nodeems hien dem Duo Janina Strötgen an Andreas Wagner mat hefteger Kritik begéint war. De Buergermeeschter a President vun der ASBL hat sech goe gelooss, a béid Coordinateure carrement geschleeft.

Dat alles werft kee gutt Bild op e Projet, deem sech och nach weider Südgemenge wéi Diddeleng an Déifferdeng sollen uschléissen. De Premier- a Kulturminister Xavier Bettel hält sech zréck, an iwwerléisst de Volet „Dialog“, sengem Staatssekretär Guy Arendt (DP).

Et sollt een wësse wouhinner et geet

Et ass eng Bosseg, datt de Kulturministère och nach grad am „Hotel Terres Rouges“ ënnerbruecht ass, wou sech d‘Polemik ëm Esch als Kulturhaaptstad seng Plaz an de Geschichtsbicher mécht. Esou gëtt dann och behaapt, datt de Staatssekretär fir d‘Kultur am Bild wier, d‘Problemer also kennt, awer d‘Hänn soll an de Schouss geluecht hunn.

Dat et och schonn emol méi Engagement um Kulturministère ginn huet, ass déi eng Saach. Woubäi et hei net d‘Kultur am ganzen, mee de Projet Esch 2022 ass, dee vun de Liberalen net wäertgeschätzt gëtt. Anescht ausgedréckt, d‘Kandidatur mam Thema „Remix“ huet déi europäesch d‘Jury iwwerzeegt, net awer déi Lëtzebuerger Decideuren.

Wat dann elo awer dozou féiert, datt et vill Spekulatiounen an nach méi Rumeure gëtt, wéi esou e Projet eigentlech aushale kann. Hält ee sech un d‘Bistrosgespréicher, da wier ee mol d‘Vera Spautz (LSAP) schold, déi aner Kéier sinn et d‘Coordinateure.

Richteg ass, datt nodeems Esch den Zouschlag erhalen huet, de Kulturschäffe Pim Knaff (DP) d‘Konten agefruer huet. Doduerch si Rechnungen „leie“ bliwwen, wat der Kredibilitéit vun der ASBL Esch 2022 schuede muss. Och dat déi zwee Coordinateure säit Februar keng Pai méi kritt haten, léisst déif blécken.

Ob emol ass dann nees alles anescht

Wat de finanzielle Volet betrëfft, esou gesäit hei besser aus, zanter d‘Konventioun tëscht der Gemeng an der ASBL ënnerschriwwen ass, a Geld konnt fräigesat ginn. Gutt et soll es net genuch sinn, mee d‘Paie kënne bezuelt ginn. Eng gutt Viraussetzung fir d‘Presentatioun vum Projet, déi um Mëttwochowend am Escher Theater stattfonnt huet.

An der Mëttegstonn, virun der Presentatioun um Owend, hat sech de Verwaltungsrot vun Esch 2022 awer nach emol zesummegesat. Hei soll den Escher Buergermeeschter nach emol zolidd mam Bräiläffel op den Dësch geschloen hunn.

Et wier vu Kritik bis zu Beschëllegungen alles derbäi gewiescht. D‘Coordinateure sollen als „Schüler déi vun näischt eng Ahnung hunn“ bezeechent gi sinn. Esou mécht een et dem Dialog schwéier sech op den eigentlechen Optrag vun der ASBL ze konzentréieren.

A wéi et ka goen, dat huet de Georges Mischo dann och direkt um eegene Leif dierfe spieren. Dem President vun der ASBL Esch 2022 seng „Eskapaden“ si vun de Memberen aus dem Verwaltungsrot net gutt opgeholl ginn. Dem Escher Buergermeeschter seng Partner, dorënner vill Buergermeeschter vun der CSV (Paul Weimerskirch, Schëffleng a Laurent Zeimet, Beetebuerg) deelen seng Usicht net.

Et huet opgehale mat Reenen, mee d‘Sonn weist sech nach net

Um Mëttwochowend am Escher Theater, hat sech jidderee méi oder wéineger berouegt. No bausse wëll oder muss een eng gutt Figur maachen, zumindest wann de Projet net ofgeblose gëtt. Déi um Projet bedeelegt Lokalpolitiker hunn dann och ëffentlech d‘Aarbecht vun de Coordinateure gelueft.

Den Escher Marc Baum, Conseiller am Gemengerot an Deputéierten, huet d‘Geleeënheet dann awer genotzt, an dem Buergermeeschter eng Erklärung ofverlaangt. De Georges Mischo huet als Äntwert ugefouert, mat de Coordinateure e Gespréich gefouert ze hunn, ass awer net an de Detail gaangen.

Elo unzehuelen, datt et sech ëm eng kuerz „Schauer“ gehandelt huet, an d‘Differenzen elo vum Dësch sinn, wier e grousse Feeler. Engem deen de Projet Esch 2022, zumindest an der proposéierter Form, nach ëmmer net wëll gefalen, dat ass de Pim Knaff. Dee muss sech wuel agestoen, datt den Interview am Tageblatt net déi gewënschte Wierkung hat.

Wat den Ëmgang mam Koordinatiounsduo ugeet, do ass nach vill Loft no uewen. Sécher, hinnen ass um Mëttwoch méi oder manner zougesot ginn, de Projet weiderzeféieren, mee d‘Bedenke konnten net aus dem Wee geraumt ginn. Sollten sech d‘Janina Strötgen an den Andreas Wagner dozou entscheeden d‘Bengele bei d‘Tromm ze geheien, kéint een hinnen et net verdenken.

Ähnlech Sujeten Andreas Wagner, Esch 2022, Georges Mischo, Janina Strötgen, Kulturhaaptstad, Pim Knaff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel