Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House
International Neiegkeeten

Iwwernam vun ArcelorMittal Diddeleng duerch Liberty House

Eng Delegatioun vum OGBL, an der Personaldelegatioun vun ArcelorMittal Diddeleng,

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch
International Neiegkeeten

Staatsbeamten: 80/80/90 Reegelung endgülteg vum Dësch

Am Juni 2018, hatt sech d‘CGFP mat der Regierung op

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case
International Neiegkeeten

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case

En Dënschdeg hunn déi Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique

De Wanter huet déi däitsch-éisträichesch Alpen am Grëff

Bundeswehr léisst de militäresche Katastrophenalarm aus

De Wanter huet déi däitsch-éisträichesch Alpen am Grëff

Well d‘Situatioun duerch déi onmoosseg Schnéimassen an den däitsch-éisträichesch Alpen am Begrëff ass, zu enger eescht ze huelender Bedreeung fir d‘Mënschen ze ginn, huet d‘Bundeswehr de militäresche Katastrophenalarm ausgeléist. Ronn 340 „Gebirgsjäger“ sinn am Asaz.

Fir d‘Zaldoten eng ustrengend Missioun: an éischter Linn gëtt de Schnéi vun de Diecher geholl, déi dreeën ënnert dem Gewiicht vum Schnéi anzebriechen. Si versuergen d‘Leit déi am Schnéi gefaange sinn mam noutwennegsten, vu Liewensmëttel bis hin zu Medikamenter, iwwerhuelen Transport a medezinesch Versuergung. 300 weider Zaldote sinn e Freideg a Bereetschaft gesat ginn.

Den Asaz vun der Bundeswehr ass am eegene Land méiglech, well sech op den éischten Ofsaz vum Artikel 35 Grondgesetz bezitt. Doranner ass eng technesch-logistesch Hëllef, beispillsweis am Fall vun enger Naturkatastroph oder ganz schwéieren Onglécksfäll, virgesinn. Dës Hëllef muss vun den zoustännegen Administratiounen, der Police oder de Pompjeeën ugefuerdert ginn.

Esou wéi sech d‘Lag derzäit presentéiert, ass entscheet gi weider Eenheeten a Bereetschaft ze versetzen: de Landeskommando vu Bayern, d‘Transporthelikopterstaffel zu Niederstetten, d‘Militärpolice (Feldjäger), d‘Verfleegungsamt zu Oldenburg, Sanitätereenheeten a Logistiker. Alles an allem sinn 12 Servicer a Verbänn an Alarmbereetschaft versat ginn, an dat ass néideg.

Schonn um haidege Samschdeg soll et op e neits zu massiv schneien. Den däitsche Wiederdéngscht (DWD) mellt, datt et vun e Samschdeg bis zum Dënschdeg a Bayern, Neischnéi bis zu enger Héicht vun engem Meter kéint ginn. Den DWD huet zudeem confirméiert, datt déi mëttel Schnéihéicht tëscht dem 2. an dem 11. Januar, vun 23 op 136 Zentimeter ugewuess ass.

Bayern huet de Katastrophefall ausgeruff

A fënnef bayresche Bezierker ass de Katastrophefall ausgeruff ginn. Nom Landkrees „Bad Tölz-Wolfsratshausen“ um Donneschdegowend, huet gëschter och Garmisch-Partenkirchen de Noutstand ausgeruff. An iwwer 20 Landkreesser waren um Freideg d‘Schoulen zou, verschiddentlech soll datt och esou bis wéinstens nächste Mëttwoch bleiwen. Dës Gebaier sollen op Sécherheet gepréift ginn.

Alpen

Iwwerhaapt sinn et d‘Schnéimassen déi op den Diecher leien, déi den Autoritéiten dat gréisste Kappzerbrieches bereeden. Sämtlech ëffentlech Gebaier an Infrastrukture mussen iwwerpréift ginn. Et gëtt staark ofgeroden den Ament an e Bësch ze goen, do géif Liewensgefor bestoen. An datt dat eescht gemengt ass, erkennt een dorunner, datt net emol méi d‘Fieschter an de Bësch wëllen.

Vun enger Regierungsspriecherin war gewuer ze ginn, datt sech d‘Bundeskanzlerin, Angela „Mutti“ Merkel fortlafend um Courant hält. En Donneschdeg war e Bouf vu grad emol 9 Joer zu München, vun engem Bam, deen ënnert senger Schnéilaascht zesummegebrach ass, erschloe ginn. E Chauffer vun engem Schnéiplou ass an eng Baach gefall. Hie sollt seng Verletzungen net iwwerliewen…

Op de Stroossen a bei der Eisebunn gesäit et och net gutt aus. Op der A8 ass zäitweis guer näischt méi gerullt, an d‘Rettungsdéngschter hunn déi „gefaangen“ Mënschen an hire Gefierer mat waarme Gedrénks an Decke versuergt. No enger Serie vun Accidenter war d‘Autobunn gespaart ginn, vill Camione sinn och trotzt Wanterausrëschtung net méi vun der Plaz komm. Esou gesäit Chaos aus.

Eng Otempaus fir den éisträicheschen Noper

An Éisträich, wou net manner Schnéi gefall ass an nach fale wäert, huet d‘Wieder de Mënschen eng Otempaus gegënnt. Déi gëtt genotzt fir ze raumen an ze sécheren. Zudeem konnte 66 Schüler, déi Vakanz um Kasberg (Grünau) gemaach hunn, vun Helikopter befreit ginn. D‘Kanner wollten hei eigentlech Schifuere léieren. An Nidderéisträich hunn eng Rei Schigebidder missen zou bleiwen.

Alpen

Och am Tirol sinn d‘Autoritéite besuergt. Wéinst de vum Wiederdéngscht gemellte Schnéimassen, bleift d‘Fernpassstrooss B179 tëscht den Uertschafte Bichlbach a Lermoos, op mannst bis en Dënschdegowend 19 Auer fir all Verkéier gespaart. Dat bedeit fir vill Touristen (et ass eng vun den haapt Reesstrecken) a Pendler, datt et alternative brauch, an dat ass meeschten e risegen Ëmwee.

D‘Éisträicher wäerten sech awer nëmmen eng kuerz Paus gënne kënnen. D‘Wiederprevisioune sinn net berouegend. Schonn ab Méindeg-Dënschdeg soll et nees neie Schnéi ginn. Jee no Regioun gëtt mat engem Néierschlag vu bis zu 120 Zentimeter gerechent. Wie seng Vakanz an den däitschen oder éisträicheschen Alpen geplangt huet, sollt sech gutt informéieren iert hie seng Rees untrëtt.

Foto: (cc) der-alles-seher

mam Alex Heinen, München

Ähnlech Sujeten Alpen, Arméi, Däitschland, Éisträich, Naturkatastroph, Schnéi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel