Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence
International Neiegkeeten Stories

Regierungsrot: Prioritéite vun der Benelux-Presidence

Ënnert der Presidence vum Premierminister Xavier Bettel, huet dëse Freideg

Golanhéichten ënner beschoss
International Neiegkeeten Stories

Golanhéichten ënner beschoss

D‘IDF huet seng Loftwaff op verschidde militäresch Ziler lassgelooss. De

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn
International Neiegkeeten Stories

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn

Um Mëttwoch, de 27. November 2019 ass d’Foto-Ausstellung Krik et

Däitsch EU-Rotspresidence: Et wäert net einfach ginn!

Pandemie, Hëllefspak, Asylrecht, Green Deal, Wirtschaftskris a Brexit, elo heescht et schaffen...

Däitsch EU-Rotspresidence: Et wäert net einfach ginn!

D‘Presidence vun de Kroate geet op Enn wéi se ugefaangen huet, onbemierkt. Dat wäert eisen däitschen Noperen net geschéien, an déi hunn sech jo och zolidd eppes virgeholl. Woubäi net alles konnten si sech hei eraussichen, an eigentlech gëtt et keen Dossier, deen ee liichtfankeg kann an Ugrëff huelen.

Ab haut huet Däitschland d‘EU-Rotspresidence um Bockel a ee Bléck an de Programm léisst erkennen, si hunn sech vill virgeholl. Alles an allem konzentréiert sech déi däitsch Presidence op sechs Haaptberäicher:

  • déi dauerhaft Iwwerwannung vun der sanitärer Kris, wéi och déi wirtschaftlech a sozial Erhuelung;
  • ee méi staarkt an innovatiivt Europa;
  • ee gerecht Europa;
  • en nohaltegt Europa;
  • en Europa vun der Sécherheet an de gemeinsame Wäerter;
  • ee staarkt Europa an der Welt.

Déi wirtschaftlech Relance, an hei an éischter Linn d‘Fro vum Hëllefspak fir déi am schlëmmste vun der Covid19-Pandemie, dierft de gréisste Chantier vun der Presidence ginn, well heirobber stëtzen sech déi ganz aner Punkten. An dësem Kontext stellen sech vill Froen, ganz ofgesi vum Budget deen sech d‘EU fir dëse Chantier geneemege wëll. 500 oder awer 750 Milliarden Euro?

Eng Fro déi, wa se da bis beäntwert ass nei Froen opwerft: Wéi, u wien a firwat gëtt dëst Geld verdeelt? Soll ee kontrolléiere wat d‘Länner mam Geld maachen a falls jo wien? Gett et Kreditter oder Subventiounen, vläicht vu béidem eppes? Kann ee Länner Reforme géint Hëllef operleeën? Einfach ass anescht an vu Konsens war an de leschte Joren an der Unioun wéineg ze gesinn.

A wien elo mengt, datt dat schonn net einfach ass, deem muss een dann elo och nach erklären, datt dat alles och nach mam pluriannuelle Budget vun der EU muss verbonne ginn. Hei gëtt sech zanter Méint éischter gestridden, wéi datt ee vu konstruktive Gespréicher schwätze kéint. An dann ass jo och nach festzehalen, datt Däitschland laang net esou beléift ass, wéi datt bei eis gären ugeholl gëtt.

Demokratie a rechtsstaatlech Grondsätz

Wann ee dierft iwwerzeegt sinn, datt sech d‘Länner beim Hëllefspak wuel oder iwwel séier mussen eenegen, esou dierft de pluriannuelle Budget 2021/28 méi schwiereg ze bewierkstellegen ass. Datt huet och domadder ze sinn, datt vill Länner déi europäesch Subventiounen un déi demokratesch a rechtsstaatlech Grondsätz vun der europäescher Unioun banne wëllen, wat Plazeweis kritiséiert gëtt.

Besonnesch Polen an Ungarn, déi sech vu Verfaren zu Verfare schleefen a wéineg Asiicht un den Dag leeën. Et sinn awer och si, déi massiv op d‘Geld aus Bréissel ugewise sinn, wann si dann hir Ekonomie nees un d‘Lafe brénge wëllen. An dann ass do de Volet „Asylrecht“. Hei hat den Horst Seehofer um 7. Juli ugekënnegt, datt hien d‘Presidence notze wëll, fir Reformen duerchzesetzen.

Dat den EU-Asylsystem dréngend muss reforméiert ginn, ass esou zimmlech dat eenzegt wat all d‘Acteuren eenegt. Et ass beim „wéi“ wou sech d‘Geeschter scheeden. Eng gerecht Verdeelung no engem „Schlëssel“ wier eigentlech d‘Zil dat ugestrieft soll ginn. Dat awer wëlle weder d‘Polen nach d‘Slowaken an Ungarn schonn emol guer net. Eng vernënfteg Alternativ hunn se allerdéngs och net.

Klimaschutz an den „green deal“

Wann ee ka Versteesdemech dofir hunn, datt matten an der sanitärer Kris de Klimaschutz eppes an den Hannergrond geroden ass, esou d‘Klimakris nach ëmmer do a muss an Ugrëff geholl ginn, dat och besonnesch am Kontext vun der ugestriefter wirtschaftlecher Relance. Net ze vergiessen, datt sech d‘EU drop verstännegt huet, bis 2050 „Klimaneutral“ ze ginn. Mee och do gëtt et Widderstand.

Et mussen awer Etappenziler gesat a bestoender erweidert ginn, wann déi ugepeilte Reduktioun vu 40% bei den Zäregaser bis 2030 sollt agehale ginn. Kuckt ee sech de Programm vun der Presidence un, wëll Berlin dat op bis zu 55% eropschrauwen. Eng Iddi déi weder zu Warschau nach zu Prag op Zoustëmmung stéisst. Si halen sech un der Kuel fest, a fäerte wirtschaftlech benodeelegt ze ginn.

An dann ass do och nach de Programm „Farm2Fork“ bei deem et ëm d‘Produktioun vu méi nohaltege Liewensmëttel geet, an d‘Agrarlobbyisten op d‘Palm dreift. Biolandwirtschaft an Déiereschutz bréngen net déiselwecht Profitmargen, wéi déi konventionell oder industriell geleete Landwirtschaft. Generell hält een an der Wirtschaft och vum Aarteschutz wéineg…

Déi brittesch Scheedung

Net ze ënnerschätzen ass och den Impakt deen de Brexit mat sech bréngt. D‘Scheedung ass zanter dem 31. Januar vollzunn an eigentlech wieren d‘Britte gutt beroden, sech séier fir en Ofkommes mat der EU anzesetzen, besonnesch bezunn op de Fait, datt de Boris Johnson – deem Bréissel jo eng Verlängerung wéinst der Covid19-Kris ugebueden hat – decidéiert huet um Termin festzehalen.

Elo stiechen awer d‘Gespréicher, déi en Handelsofkommes tëscht Groussbritannien an der EU solle méiglech maachen an enger Sakgaass. London gëtt Bréissel d‘Schold an de Premier gëtt es sech net midd ze betounen, datt Europa ze vill verlaangt. Dat et hien ass dee mat zwee Féiss op der Brems steet, wahrscheinlech wëll hie mengt datt d‘EU méi ze verléieren hätt, kënnt der Wourecht méi no.

Nieft dem wirtschaftlechen Aspekt spille jo hei och d‘Rechter vun den EU-Bierger op der Insel, wéi d‘Rechter vun de Britten an der EU eng Roll. Den Ament jiddefalls gesäit alles no engem haarde Brexit aus, an et ass net gewosst, wat ënnert der däitscher EU-Rotspresidence soll d‘Gespréicher besser maachen. Dat huet och mat de bilaterale Bezéiungen tëscht Berlin a London ze dinn.

Wie wëll un der Auer dréinen

E weidere Punkt, wuel éischter niewesächlech, bezunn op déi grouss wirtschaftlech wéi klimatesch Erausfuerderungen, ass d‘Enn vun der Zäitëmstellung. Datt de Bierger an Europa dat Gedeessems mat Summer- a Wanterzäit gehéierlech op de Nerv geet, dat ass net nei. Déi haten sech viru gutt 2 Joer fir d‘Ofschafe vun der Zäitëmstellung ausgeschwat an d‘EU-Kommissioun wëll et maachen.

Déi gëtt, an dat ass seele genuch, an dësem Punkt och vum Europaparlament gestäipt. Esouguer d‘Memberlänner sinn net dergéint, kréien sech awer naturgeméiss net drop verstännegt, ob dann elo d‘Summer- oder d‘Wanterzäit als Reegel gëlle soll. Woubäi et och nees därer gëtt, déi alles beim ale loosse wëllen. Keng vun de virechte véier Rotspresidencen huet sech un de Sujet erugetraut.

Ugesiichts de (verständleche) Prioritéiten, déi sech Däitschland an de Presidence-Programm geschriwwen huet, wäert et dëst Joer net méi zu enger Decisioun hisichtlech der Zäitëmstellung kommen. Zudeem misst den ëmstriddene Verkéiersminister Andi Scheuer (dat ass dee mat der Maut) dat an Ugrëff huelen. Vläicht ass et besser, wann dëse Punkt nach emol weidergereecht gëtt.

mam Johanna an dem Pierre-Eric, IM-Bréissel

Illustratioun: eu2020de

Ähnlech Sujeten Brexit, Däitschland, EU2020DE, Klimaschutz, Nohaltegkeet, Relance, Rotspresidence, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel