Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt
International Money Neiegkeeten

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt

Säit gëschter Moie gëtt zu am Fleegeheim „An de Wisen“

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH
International Money Neiegkeeten

Iwwer 200.000 Euro fir d‘Kriibsfuerschung am LIH

Am Kader vun der Fuerschungsfërderung hunn d‘Lucienne Thommes (Direktesch) an

Een Architekt fir d’Lëtzebuerger Bio-Landwirtschaft
International Money Neiegkeeten

Een Architekt fir d’Lëtzebuerger Bio-Landwirtschaft

Eise Bezuch zu Liewensmëttel an zur Ëmwelt muss sech änneren.

money

Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm

Merkel a Macron proposéieren e wirtschaftlechen Opbau-Fonds vu 500 Milliarden Euro

Wirtschaft: Däitsch-franséischen Hëllefsprogramm

Si gesinn sech selwer als de „Motor vun der Europäescher Unioun“, a schéngen sech no hirer virtueller Entrevue op ee Programm zur wirtschaftlecher Erhuelung verstännegt ze hunn. Mat engem Opbau-Fonds an héicht vu 500 Milliarde soll déi schwéierst Kris vun der Unioun elo iwwerwonne ginn.

Hiert gemeinsaamt Zil ass et, d‘EU gestäerkt a méi solidaresch aus dëser Kris erauszeféieren. „Well sech de Coronavirus an den europäesche Memberlänner ënnerschiddlech staark ausgewierkt huet, ass den Zesummenhalt an der Unioun gefäerdet“, esou d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, no der Visiokonferenz mam franséische President Emmanuel Macron.

Fir den Zesummenhalt an d‘Solidaritéit an der Unioun ze sécheren, ass en eemolegen an duerchaus aussergewéinlech Effort noutwenneg. En Effort deen Däitschland a Frankräich bereet wieren ze leeschten. Et wier wichteg elo besonnesch d‘Investitiounen an de Beräicher: ekologesch Transitioun an digitale Wandel ze fërderen, esou déi däitsch Bundeskanzlerin.

En éischte Schratt

De franséische President huet de Programm als eng „bedeitend Etapp“ bezeechent a stellt fest: „Eng Eenegung tëscht Däitschland a Frankräich ass keng Eenegung vun de 27 Memberlänner. Mee et gëtt keng Eenegung ënnert de 27 Memberlänner, wann sech Däitschland a Frankräich net am Virfeld gëeenegt hunn“. Klengt iwwerhieflech, ass awer esou.

Laut dem franséische President, missten déi Secteuren a Regiounen ënnerstëtzt ginn, déi am stäerkste vun der Pandemie betraff sinn. Den Emmanuel Macron, dee sech widderholl fir méi Budget-Solidaritéit an der EU ausgeschwat huet, wëll elo de Memberlänner an der Kommissioun eng gemeinsam Verschëldung virschloen an geet nei Weeër.

Esou sollen d‘Hëllefen net vun deenen zréckbezuelt ginn, déi se erhalen. Säi Plang gesäit vir, datt déi vun der EU kontraktéiert Scholden, iwwert en Zäitraum vu ronn 20 Joer aus dem EU-Budget beglach solle ginn. Interessante Fakt: Däitschland leescht de gréisste Beitrag vun dësem Budget. Wéi dës Iddi vum Bundestag wäert opgeholl ass net gewosst.

Kommissioun an Zentralbank zefridden

Dee vum Angela Merkel an Emmanuel Macron proposéierten Opbau-Fonds ass vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen begréisst ginn. D‘Cheffin huet de Projet als „konstruktiv“ ëmschriwwen deen „den Ëmfang an d‘Gréisst vum der wirtschaftlechen Defi“ erkenne géif, dee wéinst der Pandemie ervirgeruff gouf.

Och d‘Christine Lagarde, d‘Patronne vun der europäescher Zentralbank, huet de Virstouss vun der Bundeskanzlerin an dem franséische President gelueft. Et wier en ambitiéise a geziilte Programm, deen ee begréisse misst, esou d‘EZB-Cheffin géintiwwer de Medien. Den EU-Rotspresident Charles Michel weist allerdéngs drop hinn, datt jidderee muss matmaachen.

Scho gëtt gebremst

Datt de „Plang“ u sech net verkéiert ass, datt ass dat eent. Datt et dofir „Eestëmmegkeet“ brauch, dat ass dat anert. An hei kënnt dann och schonn direkt Kritik aus Éisträich. De Bundeskanzler Sebastian Kurz huet schonn emol kloer gemaach, datt hie an seng Regierung eng gefestegt Meenung dozou hunn, an déi och bekannt sollt sinn.

DäitschEsou kann et keng Kaddoe ginn, an ee Kredit muss ëmmer zréckbezuelt ginn. Hei géif een de Krisestaaten onberechtegt Subventiounen zoukomme loossen an dat wier eendeiteg dat falscht Signal. Italien huet d‘Propose dogéint begréisst a den italienesche Ministerpresident Giuseppe Conte stellt sech kloer hannert dëse „Recovery Fund“.

Eng kleng Analys

De virtuellen däitsch-franséische Sommet ass ee wichtegt Signal, well béid Länner zanter längerem endlech nees gemeinsam fir de Projet Europa agetruede sinn. De wëlle vun de Fransousen „Europa aktiv ze gestalten“ war bei eisen däitschen Noperen net esou wierklech op Zousproch gestouss, mee an der Nout ass et besser zesummenzehale wéi ze streiden.

Eng europäesch „Souveränitéit“ wéi och eng Reform vum europäesche Konkurrenzrecht, sinn zwéngend, wann EU-Entreprisen sech och weiderhin um Weltmaart soll behaapte kënnen. Gréisser Fusiounen – déi vun Alstom a Siemens war un den EU-Reegele gescheitert – missten zukünfteg méiglech gemaach ginn. Och Arcelor hätt dovunner profitéiert.

Datt een de Wee vun enger gemeinsamer Verscholdung goe wëll ass ziilféierend, och wann et natierlech heescht oppassen an een dem Abus hei virgräife muss. Et besteet d‘Chance, datt d‘EU nees méi Biergerfrëndlech, an de latente Sozialofbau beendegt kéint ginn. Mat esou spezielle „Partner“ wéi Ungarn a Polen wäert et awer schwiereg ginn.

mat indymedia/par/ber/fra

Illustratioun: Montage vu Standbiller vun der Gemeinsamer Pressekonferenz (Video-Matschnëtt)

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Däitschland, Emmanuel Macron, Frankräich, Hëllefsprogramm, Recovery Fund
Nächsten Artikel Virrechten Artikel