Editorial: Neigestaltung vum Stater Busservice huet nach Kannerkrankheeten
Säit e Méindeg gëtt et – an dat kann eigentlech
Säit e Méindeg gëtt et – an dat kann eigentlech
Am Verglach zum November 2017 huet sech am Dezember wéineg
Interessant wat sech kommerziell Aarbechtsvermëttlungsentreprisen alles esou afale loossen, fir
De Finanzministère huet viru kuerzem bekannt ginn, datt een Ofkommes mat Däitschland ënnerschriwwe gouf. Et geet drëms, datt d’Schwell vun 19. Schaffdeeg (net zu Lëtzebuerg) déi am Steierofkommes virkënnt, bis zum 31. Dezember 2020 ausgesat gëtt. Dat ass jo schéin a gutt, allerdéngs huet alles seng Vir- an Nodeeler.
Och wann dëse Schratt sënnvoll ass – den OGBL muss déi däitsch Grenzgänger warnen.
Tatsächlech ass et esou, datt zu Däitschland wunnend, lëtzebuergesch Aarbechter am privaten oder am ëffentleche Secteur net all d’selwecht behandelt ginn. Dëst Ofkomme schléisst nämlech och Grenzgänger aus- den Télétravail ass dovunner ausgeschloss. Mat anere Wierder: Dës däitsch Grenzgänger ginn an Däitschland besteiert, wann si dëst Joer déi 19 Deeg Télétravail iwwerschratt hunn.
Wou läit den Ënnerscheed? Wat mécht dat fir e Sënn? Gëtt et iwwerhaapt een? Sinn déi däitsch Grenzgänger, déi scho virun 11. Mäerz Télétravail geleescht hunn, immun géint de Coronavirus? Kruten si eng Impfung? Firwat mussen si am Géigesaz zu anere Kolleege fir ze schaffen an d’Entreprise goen?
Dat ass nawell e gewaltege Widdersproch zu alle gesondheetlechen a politesche Moossnamen, déi dës zwee Länner eigentlech fuerderen. Am Fong zwéngt se souguer dozou, datt däitsch Grenzgänger keng aner Wal hunn, ewéi der Krankheet riicht an d’Gesiicht ze kucken an och nach Famill a Kolleegen a Gefor bréngen. Wéi eng Folge wäert dat hunn?
Dofir fuerdert den OGBL de Finanzminister dozou op, dëst Ofkommen esou séier ewéi méiglech ze iwwerpréiwen, fir datt all däitsche Grenzgänger bis zum Schluss vun der Pandemie dovunner profitéiere kann.
Ewéi schonn 2015 fuerdert den OGBL de Finanzminister dozou op, datt alles gemaach gëtt, fir datt d’Grenzgänger, sief dat Däitscher, Belsch oder Fransousen am Interesse vun der Steiergerechtegkeet an am Aklang mat der europäescher Veruerdnung 883/2004, déi d’sozial Sécherheet koordinéiert, 25 % vun hirer Aarbechtszäit an hirem Residenz-Land schaffen dierfen.
Illustratioun: © Kelly Sikkema / unsplash