Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ZEFI informéiert: Iwwergangszäit fir Detenteure vun alen Adapto-Ausweiser
International Neiegkeeten

ZEFI informéiert: Iwwergangszäit fir Detenteure vun alen Adapto-Ausweiser

Zanter dem 2. Mäerz sollten all déi Leit wou de

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischte kuerzen Optrëtt vun de Simpsons!

A bemol war d’Welt giel! Um 19. Abrëll 1987 haten

Senat zu Roum hieft Immunitéit vum Salvini op
International Neiegkeeten

Senat zu Roum hieft Immunitéit vum Salvini op

Elo wou dem Matteo Salvini seng Immunitéit opgehuewe gouf, ka

Déi däitsch Police huet kee Problem mam Rassismus

Déi däitsch Police huet kee Problem mam Rassismus

D‘SPD-Cheffin Saskia Esken hat ee „latente Rassismus bei der Police“ ugeschwat an esou eng hefteg Debatt ausgeléist, wouropshin d‘Bundesregierung erwäägt huet méiglech rassistesch Tendenze (Racial Profiling) bei der Police ënnersichen ze loossen. De Bundesinneminister Horst Seehofer (CSU) konnt dat elo awer verhënneren. Seng Approche ass awer eppes gewot…

Fir den Horst Seehofer wier eng Etüd, esou wéi se vun europäescher Kommissioun géint Rassismus an Intoleranz (ECRI) an hirem aktuelle Bericht zu Däitschland empfuele ginn ass, weder fir néideg nach fir Sënnvoll. „Mir wäerten esou eng Studie wéi se vun der ECRI empfuele gëtt, net an Optrag ginn“, esou déi kuerz Matdeelung aus dem däitschen Inneministère. Kommentéiert gouf dat net.

RassismusDofir gëtt d‘Entscheedung vum Bundesinneminister erkläert: „De ‚Racial Profiling‘ ass an der polizeilecher Praxis verbueden. Dat gëllt besonnesch fir d‘Bundespolizei a Persounekontrolle mussen diskriminéierungsfräi erfollegen. Weder d‘Policegesetzer vum Bund nach d‘Virschrëften an d‘Reglementer erlaben eng Ongläichbehandlung vu Persounen“, heescht aus dem Ministère.

Hei gëtt zudeem grousse Wäert drop geluecht, datt „entspriechend Virfäll déi absolutt Ausnam sinn“. Anescht ausgedréckt: „och wann et vill Eenzelfäll sinn, esou sinn et ëmmer nach Eenzelfäll, an deene géif ee jo och nogoen“, firwat d‘Etüd nëmmen derzou kéint féieren, datt et hei zu engem Generalverdacht géint de ganze Corps kéint kommen, wat net de Sënn vun Etüden dierf sinn.

Fir de jonke stellvertriedende Virsëtzende vun der SPD, Kevin Kühnert, ass dat eng abenteuerlech Argumentatioun. Säin Tweet zum Positionnement vum Horst Seehofer géint eng Etüd ass däitlech. An hien ass net deen eenzegen deen dat esou gesäit. Och bei „die Grünen“ an „die Linke“ huet een esou seng Problemer mat der Aart a Weis wéi den Horst Seehofer de Problem an Ugrëff hëlt.

RassismusD‘Deputéiert vun „die Grünen“, Irene Mihalic, déi selwer eng ausgebilte Polizistin ass, gesäit an dësem beholl eng „stur Verweigerungshaltung“ a betount, datt et onbestridde Fäll vu „Racial Profiling“ an der Police gëtt. An aus dësem Grond eleng, bréicht et eng Studie, fir wëssen ze kënne wéi grouss de Problem reell ass. Nëmmen esou loossen sech Léisungen ausschaffen.

An d‘Martina Renner (déi Linke) stellt fest: „Esoulaang wéi schonn den oppenen Discours a wëssenschaftlech Studien zu rassistesche Strukturen an Astellungen an de Verwaltungen op dës Manéier ënnerbonne ginn, kann sech näischt änneren“. Si ass zudeem der Meenung, datt déi genannten Eenzelfäll op héchstem Niveau gedeckt ginn. Och dee Virworf ass net nei.

mat indymedia/ber

Foto: „Vun dësem Virschlag halen ech wéineg an ech uechten ëmmer drop, datt déi Moossnamen, déi mir treffen, eppes bewierken“, esou den Horst Seehofer géintiwwer der Welt am Sonntag – Ralf Roletschek – Eigenes Werk (CC BY-SA 3.0 de)

Ähnlech Sujeten Bundesinneminister, CSU, Däitschland, Horst Seehofer, Police, Racial Profiling
Nächsten Artikel Virrechten Artikel