Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Manner Alkohol, méi Fun. Kee Patt ze vill!
International Neiegkeeten

Manner Alkohol, méi Fun. Kee Patt ze vill!

Pünktlech zur Fuesent knäppt de Gesondheetsministère un de Succès vun

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz
International Neiegkeeten

“Within the Eye of the Storm”- een häerzzerräissende Film op der Theaterplaz

Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche

Vereedegung: D’Verfassungsgeriicht huet zwee nei Memberen
International Neiegkeeten

Vereedegung: D’Verfassungsgeriicht huet zwee nei Memberen

Am Kader vun der Zeremonie beim Justizministère huet d’Ministesch Sam

Däitsch Sozialdemokratie brauch gescheit Käpp

D‘SPD huet Problemer bei der Sich no engem neie Management

Däitsch Sozialdemokratie brauch gescheit Käpp

Säit Wochen – fir net vu Méint oder Joen ze schwätzen – hunn d‘Sozialdemokrate méi Problemer mat sech selwer wei mat der Koalitioun, an där geet et och net wierklech gutt. An de Sondage ass d‘SPD jee no Liesaart, emol knapp iwwer, emol knapp ënnert der 10%-Mark, an d‘Andrea Nahles huet bekanntlech d‘Handduch geworf. Wie kann oder soll elo d‘Rudder vun der SPD iwwerhuelen?

Sozialdemokratie

Et kann een, ugesiichts der Tatsaach, datt sech net zerklappt fir de Virsëtz vun der däitscher SPD ze iwwerhuelen, dovunner ausgoen, datt d‘Lompe brennen a längst net méi nëmme sténken. Déi dräi, déi aktuell d‘Geschäfter féieren: Manuela Schwesig (MP Mecklenburg-Vorpommern), Malu Dreyer (MP Rheinland-Pfalz) an Thorsten Schäfer-Gümpel (MdL Hessen), schéngen net a Fro ze kommen.

D‘Manuela Schwesig gesäit hir Plaz a Mecklenburg-Vorpommern, d‘Malu Dreyer huet däitlech a Bundesland bezunne Prioritéiten an den Thorsten Schäfer-Gümpel dreemt vun der Pensioun. Vun dësen dräi ass also näischt ze erwaarden. Et léisst een och gleewen, datt si net ganz esou iwwerzeegt vun hirer „Interim-Funktioun“ sinn. Et wäert awer ee mussen d‘Verantwortung iwwerhuelen…

Keng Zäit

Den aktuelle Finanzminister Olaf Scholz – deen alles ausser „Sozialdemokratie“ verkierpert – wëll de „schwaarze Péiter“ och net. Säin Argument: „Et wier net ubruecht, wann ech als Vizekanzler a Finanzminister elo och de Parteivirsëtz iwwerhuele géif. Zäitlech léisst sech dat net vereenbaren“. Et ass awer och méiglech, datt hien erkannt huet, datt de Virsëtz vun der SPD politesche Suizid ass.

Sozialdemokratie

Et soll (a muss schlussendlech) awer een den Job iwwerhuelen. Am Gespréich fir eng méiglech Duebelspëtzt ass och d‘Franziska Giffey, déi aktuell Familljeministesch. Si hätt de Virdeel beim Vollek beléift ze sinn. Woubäi dat mat der Léift séier eriwwer ka sinn. Den Ament nämlech préift déi Fräi Universitéit zu Berlin, op d‘Familljeministesch net bei hirer Dokteraarbecht gefuddelt huet.

Als weidere Kandidat wier do nach den Ausseminister Heiko Maas. De Saarlänner ass och zimlech beléift bei der Parteibasis, wat jo och net verkéiert ass. Oder muss um Enn de SPD-Generalsekretär Lars Klingbeil d‘Heft an d‘Hand huelen. Deen huet zwar d‘EU-Wahlen an de Sand gesat, mee et him eleng unzelaaschte géif dem Kontext net gerecht. Mee hie schéngt och net iwwerzeegt ze sinn.

An elo?

Fir unzefänke wëllen sech d‘Sozialdemokraten elo emol mat der Prozedur beschäftegen. Esou sollt sech d‘Parteibasis doriwwer ausdrécken, ob d‘Iddi vun enger Duebelspëtzt vertrietbar ass a wien dofir a Fro kéim. Hei hunn iwwer 23.000 Parteimembere matgemaach, an déi meescht géifen dës Optioun guttheeschen, ënnert der Konditioun datt et en transparent Verfahre gëtt.

Esou eng Duebelspëtzt hätt awer de Virdeel, datt d‘Mandat sech op véier Schëllere verdeelt. Et géif also net een eleng déi ganz Verantwortung op sech lueden. Et géif der SPD zudeem erlaben, den intern eppes ëmstriddene „Rebell“ a Juso-Chef, Kevin Kühnert mat an d‘Boot ze huelen, ouni him direkt d‘Rudder ze iwwerloossen. Deen awer ass fir den Ament aussergewéinlech „roueg“.

Dout ass déi al Fra „SPD“ also nach net, och wann se an der Bevëlkerung kaum nach Zousproch fënnt. Woubäi nach just „Hardcore-Sozialdemokraten“ dovunner iwwerzeegt sinn, datt d‘SPD nach gebraucht gëtt. Si sollte vläicht wierklech a virun allem eeschthaft driwwer nodenken, op et net un der Zäit wier sech nees „sozialdemokratesch“ ze behuelen an sech op hir Wuerzelen ze beruffen.

mat indymedia/ber

Foto: © Steffen Voss/SPD Schleswig-Holstein

Ähnlech Sujeten Däitschland, Duebelspëtzt, Jusos, Kevin Kühnert, Sozialdemokratie, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel