Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Nom Weltwährungsfong gesäit och d‘BNP Parisbas eng Wuesstemsbrems
International Neiegkeeten

Nom Weltwährungsfong gesäit och d‘BNP Parisbas eng Wuesstemsbrems

Nodeems mir gëschter op déi revidéiert Wuesstemsprevisioune vum Weltwährungsfong higewisen

Trump weider an der Schosslinn
International Neiegkeeten

Trump weider an der Schosslinn

Am Kader vun der Enquête iwwert méiglech Verbindunge vu Memberen

Déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Besuch am Caritas Fairness Center
International Neiegkeeten

Déi ierfgroussherzoglech Koppel zu Besuch am Caritas Fairness Center

LL.AA.RR. den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Ierfgroussherzogin Stéphanie hu gëschter den

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?

Däitsch-tierkescht Verhältnis: D‘Enn vun der Äiszäit?

Et kann ee wuel nach net vun engem harmonesche Verhältnis schwätzen, mee d‘Entrevue tëscht dem däitschen Ausseminister Sigmar Gabriel a sengem tierkeschen Homolog Mevlüt Cavusoglu kann een als éischte Schratt zu enger Normaliséierung vun de Bezéiunge betruechten.

Béid Minister hunn zu Goslar bekannt, datt et wuel nach ëmmer Spannungen tëscht béide Länner gëtt, een awer béidersäits interesséiert wier, d‘Sträitpunkten am Dialog ze léisen. Et war deemno e clevere Schachzuch vum Sigmar Gabriel, säi „Frënd“ a seng Heemechtsstad anzelueden. Net ze vergiessen, dat Däitschland an d‘Tierkei eng gemeinsam Geschicht hunn, an och wirtschaftlech Interesse vun enger gudder Bezéiung ofhängeg sinn.

Et hätt ee méi Gemeinsamkeete wéi et engem heiansdo bewosst ass, huet de Sigmar Gabriel am Kader vun der Pressekonferenz no der Entrevue gesot. Dobäi sinn d‘Ausenanersetzunge vun de leschte Méint net ënnert den Teppech gekiert ginn, mee „Mir si gutt beroden, den Dialog oppen an am géigesäitege Respekt fortzeféieren“, esou den däitschen Ausseminister.

An och de Mevlüt Cavusoglu huet zougestanen, datt et a leschter Zäit net wierklech gutt gelaf ass. Mee hien huet sech iwwerzeegt gewisen, datt de gemeinsame Wëllen an d‘Interesse vu béide Länner zu vertrietbare Léisunge féiere wäerten. „Mir si Länner déi houfreg sinn, déi net op Drock reagéieren, mee an Zesummenaarbecht hir Differenze léise kënnen a wëllen“, esou den tierkeschen Ausseminister.

Handelsbezéiungen

Datt een drun interesséiert ass de strategeschen Dialog tëscht de respektiven Ausseministère nees opzehuelen, huet natierlech och e wirtschaftlechen Hannergrond. Béid Minister wëllen dann och hire Wirtschaftsminister empfeelen, déi gemeinsam Wirtschaftskommissioun nees anzeberuffen. Déi war no krasse Beleidegungen, de Verletzunge vu Mënscherechter a der Verhaftung vun däitsche Journalisten ausgesat ginn.

An awer huet dann um Enn kee vun deenen zwee, sech zum Thema geäussert, datt entscheedend dozou bäigedroen hat, datt et zu massive Spannunge komm ass. No iwwer zéng Méint an Haft, wéi et beim Journalist Deniz Yücel de Fall ass, a weider sechs Journalisten déi ouni Uerteel an den tierkesche Prisonge sëtzen, hätt een sech dat erwaart. Op Nofro huet de Sigmar Gabriel awer bestätegt, datt ee sech och iwwer „schwiereg Sujeten“ ënnerhalen hätt.

Den däitschen Ausseminister huet dann um Sonndeg an der Sendung „Bericht aus Berlin“ (ARD) awer kloergestallt, datt d‘Fräiloossung vum Welt-Journalist net un e Waffegeschäft gebonnen ass. Dat ass eng gutt Nouvelle, zumindest fir Rheinmetall, well de Sigmar Gabriel näischt gesäit, wat géint d‘Liwwerung vu Minneschutz fir tierkesch Panzer schwätzt. Vum „Export“ vun enger Panzerfabrick wier awer keng Rieds gewiescht.

Foto: Enn vun der Äiszäit tëscht Berlin an Ankara? D‘Entrevue vun den Ausseminister Sigmar Gabriel a Mevlüt Cavusoglu ass emol e gudden Ufank © Swen Pförtner/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, Deniz Yücel, Mevlüt Cavusoglu, Sigmar Gabriel, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel