Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen
International Money Neiegkeeten Stories

Editorial: D‘Geschäft mat de Kaddoen

Sou Chrëschtdag hu mer hannert eis, d‘Famill war do an

dislike
Sträit an der Gemeng Schëtter: Gräift den Innenminister elo an?
International Money Neiegkeeten Stories

Sträit an der Gemeng Schëtter: Gräift den Innenminister elo an?

***UPDATE*** Mëttlerweil huet sech d’CSV vun der Koalitioun distanzéiert!*** D’Demokratesch

money
Alternativ Fongen: „e fonken Ethik fir d‘Finanzwelt“
International Money Neiegkeeten Stories

Alternativ Fongen: „e fonken Ethik fir d‘Finanzwelt“

Bei der Pressekonferenz vun der ALFI, déi sech op déi

money

Däitschen Aarbechtsminister wëll e legale Kader fir Homeoffice schafen

Konkret fuerdert den Hubertus Heil ee rechtlechen Usproch fir vun doheem aus schaffen ze dierfen

Däitschen Aarbechtsminister wëll e legale Kader fir Homeoffice schafen

Mam „Mobile-Arbeit“ Gesetz wëll den däitschen Aarbechtsminister Hubertus Heil den Homeoffice an Däitschland fest etabléieren, an de Lounofhängegen ee rechtlechen Usproch dorobber sécheren. Wat verstoppt sech hannert dem Gesetz, wéi eng Froe sinn ze klären a wéi steet et mat der Kritik?

„Jiddereen deen et Wëll, a deem seng Aarbechtsplaz et zouléisst, soll am Homeoffice schaffe kënnen, och wann d‘Covid19-Pandemie nees eriwwer ass“, esou de Sozialdemokrat, deen direkt aus dem CDU-gefouerte Wirtschaftsministère kritiséiert gouf. De Peter Altmaier, huet agewennt, datt et zu vill ze vill Bürokratie féiert. Den Aarbechtsminister huet reagéiert a seng Kopie iwwerschafft.

Am Aarbechtsministère hält een allerdéngs um Grondsätzleche fest. Eng vun de Léieren aus der Coronaviruskris wier jo d‘Erkenntnis datt den Homeoffice, oder wéi dat an Däitschland genannt gëtt: „mobiles arbeiten“, d‘Liewen eppes méi einfach gemaach hätt. Zudeem géif et eng Etüd, no där zweedrëttel vun de Beschäftegten sech virstelle kënnen e puer Deeg an der Woch vun Doheem aus ze schaffen. Déi wéilten dann och, datt et ee rechtlechen Usproch op den Homeoffice gëtt.

Woubäi een hei wësse muss, datt am Gesetzprojet Folgendes virgesinn ass: „do wou et méiglech ass, soll et en Usproch op mindestens 24 Deeg Homeoffice am Joer ginn“. Den Hubertus Heil weist allerdéngs drop hin, datt dat déi absolut ënnescht Grenz ass. Salariat a Patronat dierften doriwwer eraus an Tarif- oder Kollektivverträg, mee och Betribsvereenbarungen, mee Deeg festleeën.

Et soll engem Patron dann nëmme méiglech dem Beschäftegten den Homeoffice ze verbidden, wann et dofir novollzéibar organisatoresch an/oder betriblech Grënn gëtt. Et géif sech jo vum selwen erklären, datt Homeoffice fir vill Beruffer och guer net méiglech ass. Mam Gesetz awer wier et dem Patron net méi méiglech, dat „mobilt Schaffen“ aus „Prinzip“ ze refuséieren. Dat kléngt u sech vernënfteg, mee den Hubertus Heil brauch den Zousproch vum Koalitiounspartner.

Eigentlech eng beschlosse Saach

Wann unhand der direkter Reaktioun vum Peter Altmaier gewosst ass, datt déi Konservativ dem Aarbechtsminister säi Gesetz vu virera verwässere wëllen, esou lount sech hei e Bléck an de Koalitiounsaccord. Do steet op der Säit 41:

“Wir wollen mobile Arbeit fördern und erleichtern. Dazu werden wir einen rechtlichen Rahmen schaffen. Zu diesem gehört auch ein Auskunftsanspruch der Arbeitnehmer gegenüber ihrem Arbeitgeber über die Entscheidungsgründe der Ablehnung sowie Rechtssicherheit für Arbeitnehmer wie Arbeitgeber im Umgang mit privat genutzter Firmentechnik. Auch die Tarifpartner sollen Vereinbarungen zu mobiler Arbeit treffen”.

A géintiwwer de Kolleege vum Deutschlandfunk huet den Aarbechtsminister gemengt: „Et ass elo un der Zäit, fir an enger sech verännerender Aarbechtswelt ee moderne gesetzleche Kader ze schafen“. Dat gesäit de Koalitiounspartner natierlech anescht, an dat net emol well een an der CDU/CSU géint den Homeoffice wier. Nee hinne passt et net, datt ee Salarié sollt dorobber ee rechtlech Usproch hunn. „E gesetzlechen Usproch ass net ziilféierend“, esou den Alexander Dobrindt (CDU-Landesgruppechef).

Hie gëtt dann och vum Aarbecht- a Sozialexpert vun der CDU/CSU Bundestagsfraktioun, Peter Weis, gestäipt. Deen ass der Meenung, datt et een echte rechtlechen Usproch net ka ginn an huet gewarnt, datt esou ee Gesetz eenzeg zur Folleg hätt d‘Salariat ze splécken: an déi wou hir Aarbecht vun doheem aus erleedege kënnen an déi „aner“. Den Hermann Gröhe (CDU) fäert sengersäits, datt esou ee Gesetz d‘Experimentéierfreedegkeet vun esouwuel Salariat wéi Patronat a Fro stellt.

D‘Wirtschaftsvertrieder vun der Unioun weisen drop hin – woubäi och si den Homeoffice als ee gutt Instrument gesinn – datt et nach ëmmer um Patron ass, dee schliisslech d‘Paie bezilt, selwer ze entscheeden, wou d‘Aarbechtsleeschtung ze erbréngen ass. Si sinn der Meenung, datt d‘SPD hei vëlleg Realitéitsfriem virgeet an fuerdert vun de Sozialisten sech um Rimm ze rappen an de Leit kee Blödsinn an de Kapp ze setzen. Si sinn iwwerzeegt, datt dat de mëttelstännegen Entreprise kéint schueden. Eng eege Propos hunn si allerdéngs och net ugebueden.

Wat sech soss nach esou gesot gëtt

Bei der FDP, déi och gären als „Möwenpick-Partei“ presentéiert gëtt, well si eenzeg d‘Interesse vum Kapital am A huet, gëtt de Gesetzprojet a virverluechte Wahlversprieche verkläert. Si gesinn ee risege Bürokratieopwand a froen sech, wou bei engem eesäitege rechtlechen Usproch ee fir béid Säite fairt Verfaren am Sträitfall soll méiglech sinn. Bei de leschter Remark, muss een de Liberalen zougestoen, ee wonne Punkt getraff ze hunn.

Fir déi „die Grünen“ geet d‘Gesetz net wäit genuch. Esou huet d‘Beate Müller-Gemmeke erkläert, datt déi Beschäftegt Sécherheet brauchen. Zudeem misst kloer sinn, datt si ee bis zwee Deeg vun doheem aus schaffe kënnen, an dat gefällegst reegelméisseg. Nëmmen esou kéint sech jidderee verbindlech drop astellen.

Op Säite vum Salariat steet de Gewerkschaftsbond an deem seng Kritik geet an déi aner Richtung: „Deen am Gesetz virgesinne rechtlechen Usproch op 24 Deeg Homeoffice ass eendeiteg ze wéineg. Dat géif grad emol den Usproch op 1 Dag Homeoffice all 14 Deeg setzen“, esou de President vum Däitsche Gewerkschaftsbond DGB, Reiner Hoffmann. Dësen Zäitraum géif dem eigentlechen Usproch vum Gesetz net emol am Usaz gerecht.

D‘Patronat gesäit an dëser Fro iwwerhaapt kee gesetzlechen Handlungsbedarf. Den Direkter vum Institut vun der däitscher Wirtschaft (IW), Michael Hüther, weist drop hin, datt d‘Entrepeneuren an der Kris vill Flexibilitéit un den Dag geluecht hätten, an esou ee Gesetz net méi an net manner wéi en Agrëff an d‘Tarifautonomie ass. De Mëttelstandspresident Mario Ohoven schléisst sech un: „Den Homeoffice huet sech an der Kris wuel bewäert, mee an der Zäit duerno dierf d‘Erhuelung vun der Wirtschaft net duerch zousätzlech Aarbechtskäschten a méi Bürokratie belaascht ginn“.

Remark:

Datt mir dës Aktualitéit vun eisen däitschen Noperen opgeholl hunn, huet vill domadder ze dinn, datt jo hei zu Lëtzebuerg iwwert ee gesetzleche Kader fir den Homeoffice nogeduecht gëtt. An et gehéiert iergendwéi zur Traditioun, sech a Wirtschaftsfroen no den Däitschen ze riichten. Esou dierfte Regierung a Chamber mat grousser Opmierksamkeet verfollege wat sech an Punkto Homeoffice déi aner Säit der Musel a Sauer esou deet. Zudeem ass den däitsche Gesetzprojet, och wichteg am Kontext vun de Verhandlunge betreffend Steier- a Sozialrecht.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Helping Hand / unsplash

Ähnlech Sujeten Däitschland, Homeoffice, Hubertus Heil, Koalitiounsaccord, Mobile-Arbeit-Gesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel