Search

You may also like

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot
International Neiegkeeten

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot

Den Dieselskandal, dee wéinst dem Gefuddels bei VW fir grouss

Macron attackéiert Putin wéinst Fake-News an LGBT-Verfollegung
International Neiegkeeten

Macron attackéiert Putin wéinst Fake-News an LGBT-Verfollegung

Et war dat éischt Treffe vum Emmanuel Macron mam Vladimir

Gratis parken an de Rives de Clausen
International Neiegkeeten

Gratis parken an de Rives de Clausen

Vum haidege Mëttwoch un, ass den ënnerierdesche Parking vun der

Däitschland am Covid19-Chaos

Wéinst ëmmer méi Neiinfektioune ginn d‘Mesure verschäerft, eng eenheetlech Linn gëtt et awer net

Däitschland am Covid19-Chaos

Nodeems och an Däitschland de Coronavirus sech nees rasant ausbreet, hunn d‘Länner a vill Stied nei Beschränkunge fir hir Bierger beschloss. Et gëtt iwwer Beherbergungsverbuet an däitlech méi héich Bousgelder fir Maskeverweigerer diskutéiert.

Vill Ministerpresidenten hunn hir Landsleit zu méi Disziplin opgeruff. Esou och d‘Malu Dreyer (Rheinland-Pfalz), déi nach emol däitlech mécht, datt d‘Situatioun eescht ass, vill méi eescht wéi dat vu vill Leit ugeholl gëtt. Esoulaang wéi et keen Impfstoff gëtt, sollt ee seng „Kontakter“ kleng halen an déi opgestallte Reegele befollegen. D‘Angscht virun engem neie Lockdown ass spierbar.

Mee net nëmmen d‘Länner diskutéieren iwwert „Moossnamen“ och de betraffene Stied versicht d‘Politik dem Covid19 d‘Stir ze bidden. Berlin huet eng Spärstonn agefouert, Köln a Stuttgart hunn den Alkoholkonsum am ëffentleche Raum staark ageschränkt an d‘Maskeflicht verschäerft. Et huet elo Bundeslänner, déi negativ Covid19-Tester fir Touristen aus däitsche Risikogebidder verlaangen.

Esou gëllt beispillsweis a Bayern ee Beherbergungsverbuet, wann een dësen negativen Test net virweise kann. De bayresche Ministerpresident Markus Söder huet dës Decisioun verdeedegt an erkläert: „d‘Fro ass manner wie wou Vakanz mécht. Et geet ëm de wéi mir d‘Ausbreedung ënner Kontroll brénge kënnen. (…) Et brauch elo eenheetlech Mesuren déi vun alle verstane ginn“.

Testflicht?

Vill vun eisen däitschen Noperen erkennen an dem genannte Beherbergungsverbuet allerdéngs eng verstoppten Testflicht. Ugewannt gëtt dat mëttlerweil vun 12 vu 16 Bundeslänner. Verkaf gëtt et de Bierger Noutfallmoossnam. De Markus Söder (CDU) huet weider ze verstoe ginn, datt et an den nächste Woche muss zu weideren, däitlechen an uwennbare Mesure kommen. Dat stéisst op Kritik.

Den CSU-Chef verlaangt och méi héich Geldstrofe bei Verstéiss géint d‘Maskeflicht. D‘Mask ass sécherlech eent vun de wéinegen einfache Mëttel dat ëffentlecht Liewen oprecht ze halen an en neie Confinement ze verhënneren, mee dat stéisst net op Zousproch an der Bevëlkerung, wéi een un de leschte grousse Manifestatiounen zu Berlin feststelle konnt. An awer muss eppes ënnerholl ginn.

De Ministerpresident vun Nordrhein-Westfalen, Armin Laschet (CDU), begréisst d‘Propos a géif an dësem Kontext gäre gesinn, datt een dat mam Bousgeld änlech behandelt, wéi een dat bei Verstéiss géint d‘Quarantaine-Reegele gemaach huet. Hie gesäit do esouguer d‘Méiglechkeet vun engem Konsens tëscht de Bundeslänner. Dee gëtt et zur Stonn, wat der Saach och net wierklech hëlleft.

Oniwwersiichtlech

Fir de Gesondheetsexpert vun der SPD, Karl Lauterbach, si méi héich Geldstrofen awer nëmmen en éischte Schratt. Déi missten aus senger Siicht, iwwerall gläich sinn a virun allem duerchgesat ginn. De Beherbergungsverbuet hält hien dogéint fir „mëssgléckt“, well Reese bannent Däitschland kaum zu nei Fäll féiert. Och sinn d‘Reegelen oniwwersiichtlech a loossen sech net kontrolléieren.

D‘Bierger géifen sech gedirängelt fillen, wat Widderstand ausléist an der Pandemiebekämpfung net entgéint kënnt. Hie verlaangt sengersäits dann och vun de Bundeslänner, datt si sech op Moossname verstännegen, déi iwwerall gläich ugewannt an och vun der Bierger verstane ginn. Mesure wieren ëmmer nëmmen dann erfollegräich, wa se vun de Mënschen ugeholl a matgedroe ginn.

An der Regierung zu Berlin geet et an éischter Linn drëms, datt d‘Wirtschaft weider leeft, Schoulen a Crèche weider opbleiwen an datt een e Lockdown verhënnert kritt. Et ass een och hei averstanen d‘Mesuren ze verschäerfen a géint ee Beherbergungsverbuet gëtt et näischt anzewennen. Berlin erkennt dat als Noutfallmoossnam un, wou jo d‘Leit d‘Méiglechkeet hätten sech testen ze loossen.

Brennpunkten

Ëmmer méi Groussstied hunn den Taux vu 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner iwwerschratt. Esou Berlin, Bremen, Frankfurt am Main, Köln a Stuttgart. Laut dem RKI (Robert-Koch-Institut) ass um Sonndeg d‘Zuel vun de Covid19-Infizéierten ëm 3.843 Eenheete geklommen. Eng Zuel déi zwar ënnert där vum Freideg (4.516) geleeën ass, wëll de Weekend d‘Date méi lues fléissen.

Wann et am Verglach zu den Zuelen aus Frankräich bei eisen däitschen Nopere „besser“ ausgesäit, esou stoussen si an de Fleegeheemer elo schonn un hir Grenzen. Eng Kontaktpersounenoverfolgung ass kaum nach méiglech. Zu Stuttgart ass déi gesamt Stadverwaltung am Asaz an et ass elo och bei der Bundeswehr ëm Verstäerkung nogefrot ginn. De Buergermeeschter Fritz Kuhn ass genervt.

De Ministerpresident vu Baden-Würtemberg. Winfried Kretschmann (die Grünen) huet d‘Bierger zur Vernonft opgeruff a gemengt, datt een net alles sollt maache just well een et nach dierf. Et wier den Ament net ubruecht grouss Fester ze feieren. Hien appelléiert och un déi Jonk, sech an de Grëff ze kréien an en Effort ze maachen, fir d‘Situatioun net weider ausaarten ze loossen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © Mika Baumeister / unsplash

Related topics Bousgeld, Covid19, Däitschland, Moossnamen, Neiinfektiounen
Next post Previous post