Search

You may also like

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!
International Neiegkeeten Stories

ULC: D’Präiserhéijung vum SNCT ass onverschimt!

Vergaangene Freideg gouf bekannt gemaach, datt déi technesch Kontrollstatiounen am

Nei an eenheetlech Kennzeechnunge vun nationalen Naturschutzgebidder
International Neiegkeeten Stories

Nei an eenheetlech Kennzeechnunge vun nationalen Naturschutzgebidder

D’Ausweidung vun den Naturschutzgebidder ass eent vun de wichtegsten Instrumenter

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen
International Neiegkeeten Stories

D’Nuecht nom „Harvey“: een Doudegen a schwéier Iwwerschwemmungen

Den Orkan Harvey huet op mannst ee Mënsch d’Liewe kascht

Däitschland am Covidioten-Stresstest

E Samschdeg ass bei eisen däitschen Noperen nees schwéier géint déi sanitär Mesure protestéiert ginn

Däitschland am Covidioten-Stresstest

Zu Dausenden hunn däitsch Bierger zu Leipzig ee Samschdeg géint d‘Moossnamen zum Schutz géint de Covid19-Virus demonstréiert. Organiséiert vum Mouvement „Queerdenken 711“ gëtt d‘Bewegung zolidd vu Rietsextreme matgedroen. Et ass erwaardungsgeméiss zu Zesummestéiss mat der Police komm. Déi war awer siichtlech eppes „iwwerrascht“, datt et dozou komme konnt.

Et war wäit a Virfeld zu der anti-Coronavirusschutzmoossnamen Demo an de soziale Medien ze liesen, datt déi fir Leipzig ugekënnegt, ugemellt a geneemegt Manifestatioun, kee Familljefest géif ginn. An esou ass et folgerichteg zu Leipzig zügeg zur Konfrontatioun komm. D‘Demonstratioun hätt misse fréizäiteg opgeléist ginn, mee d‘Police hat natierlech net mat Géigewier kënne rechnen.

Däitschland

Och d‘Bundesjustizministesch Christine Lambrecht (SPD) war ganz erstaunt doriwwer, datt et zu Leipzig – anescht wéi zu Berlin – konnt zu Ausschreidunge kommen. Si huet um Sonndeg dann och eng grëndlech Ermëttlung gefuerdert, fir dat kann opgekläert ginn, wéi esou eppes méiglech ass a wien dofir zur Verantwortung muss gezu ginn. Dat verwonnert, ass de Phenomen jo awer net nei…

Trotzdeem mengt d‘Politikerin: „Wat mir gëschter (Samschdeg) zu Leipzig gesinn hunn, léisst sech duerch näischt rechtfäerdegen. D’Demonstratiounsfräiheet ass keng Fräiheet zur Gewalt an zur massiver Gefährdung vun aneren“. Si ass dann och – well et dat wuel esou nach net ginn huet – och der Usiicht, datt sech esou eppes matten an enger sanitärer Kris net widderhuelen dierf. Ah sou?

Radikal asozial?

Obwuel de Mouvement net nei ass, et scho méi Demonstratioune (ëmmer mat Gewalt) ginn huet an d‘Bundesjustizministesch zesumme mam Bundesinneminister Horst Seehofer, supposéiert dinn dat alles ze wëssen, heescht et um Sonndeg: „Dausende Mënschen dicht un dicht gedrängt, sinn de Gipfel vun der Verantwortungslosegkeet an dem Egoismus“. Dat ass awer Zanter Juni genee esou.

Elo fënnt d‘Christine Lambrecht: „All Dag stierwe Mënschen um Coronavirus. Wien dës Gefor leegent, stellt sech géint déi grouss Majoritéit vun eiser Gesellschaft, déi sech u Reegelen hält, fir sech an all déi aner ze schützen“. D’Bundesjustizministesch stellt sech natierlech hei net a Fro, an och aus dem Inneministère gëtt den „Asaz vun den Autoritéiten“ net a Fro gestallt, am Géigendeel.

Däitschland

Och den Ausseminister Heiko Maas (SPD) huet d‘Verhale vun den Demonstrante verurteelt an drun erënnert, datt d‘Grondrecht zwar d‘Demonstratiounsrecht garantéiert. „Wien, wéi zu Leipzig Matmënsche gefäerdet, Polizisten a Journalisten ugräift, rietsextrem Hetz verbreet oder Barrikaden a Brand stécht, verléisst de Schutzberäich vum Grondgesetz“. Kléngt wéi et och fir hien nei wier…

Esouguer de Regierungsspriecher Steffen Seibert, deem déi ganz Demonstratiounen iwwert de Summer mussen entgaange sinn, huet bedauert, datt d‘Oplage vun den Autoritéite bei dëser Demo net respektéiert goufen. Zu Asaz vun der Police wollt hie sech allerdéngs net äusseren. Hie betount awer, datt d‘Leit grondsätzlech gefuerdert sinn, den Uerder vun den Autoritéite Rechnung ze droen.

De politeschen Notzen

Am Bundestag zu Berlin sinn et déi Liberal (FDP) an déi gréng, déi Opklärung zum Policeasaz vu Leipzig fuerderen. Et kéint einfach net sinn, datt ee Rechtsstaat einfach nokuckt, wéi Journaliste bei der Aarbecht ugegraff ginn. Et wier weiderhin net hinzehuelen, datt d‘Majoritéit vun de Mënsche géint d‘Oplagen erkennbar, also voll bewosst an absichtlech verstéisst. Dat awer erkläert sech.

Zu Leipzig, wéi scho bei de meeschten Demonstratioune vun de Covid19-Moossname-Géigner, war d‘Police net nëmme katastrophal ënnerbesat. Nee hei sinn d‘Leit déi „dergéint gehalen hunn“ an och Journalisten eppes „méi zilorientéiert“ kontrolléiert ginn, wärend een den Demonstrante selwer net wollt ze no kommen. Dat sollt och bei den „Ermëttlunge“ Berécksiichtegung fannen.

Däitschland

De Bundespresident Frank-Walter Steinmeier, deem déi sëllegen Demonstratioune viru Leipzig mussen entfall sinn, bedauert, datt d‘Gespréich tëscht „Géigner“ a „Firspriecher“ méi schwiereg ginn ass. Wou déi jeemools sollt „einfach“ gewiescht sinn, ass elo net gewosst, mee et kann een zoustëmmen, datt déi sanitär Kris zur Bewährungsprouf fir déi däitsch Demokratie verkomm ass.

Réckendeckung fir d‘Police kënnt dann awer aus dem Bundesinneministère. Den Horst Seehofer huet viru Kritik un der Aarbecht vun der Police gewarnt. Hie fënnt: „Mir mussen domadder ophalen d‘Taktik vun der Police ouni wësse vun Detailer an ouni vollstännegt Bild aus der Distanz ze hannerfroen. (…) D‘Police huet meng vollste Réckendeckung“, esou de rietskonservative Bayer.

Et sollt méi dra sinn

Wann ee ka Versteesdemech hunn, datt bei zéngdausenden „Queerdenker“ d‘Police net all Verstéiss géint d‘Hygiènesregele konnt verhënneren, an aus dësem Grond no 2 Stonnen d‘Demonstratioun huet missen opgeléist ginn; esou stellt sech awer d‘Fro, firwat d‘Police Gruppe vun Demonstranten iwwert den „Innenstadtring“ weiderzéie gelooss huet, obwuel grad dat sollt verhënnert ginn.

No der Gefillt 100. Demo géint d‘Mesuren am Kontext vun der Covid19-Pandemie, huet de Chef vun der Inneministerkonferenz, Georg Maier, eng méi haart Virgoensweis gefuerdert. „Mir mussen eis fir d‘Zukunft drop virbereeden, bei däraartege Versammlungslage vill méi konsequent, méi haart a méi zäiteg anzegräifen“, esou d‘Ausso. Hie schéngt net gewëllt sech hannert d‘Police ze stellen.

Däitschland

Fir d‘Saskia Esken (SPD) bleift just de Fazit: „Insgesamt war d‘Police mat der Situatioun vëlleg iwwerfuerdert (…) Et ass eng Bankrotterklärung vum sächseschen Inneminister an dem Bundesinneminister“. De Sören Pellmann (die linke) wonnert sech: „E wesentleche Bestanddeel vun der Schutzveruerdnung ass et, datt keng Zich dierfe stattfannen, dat gouf net agehalen“.

Tatsächlech konnt een observéieren, datt d‘Police d‘Leit och a gréissere Gruppen „duerch gelooss“ huet. Mee d‘Bundespolizei huet och duerchgegraff: géint 32 Persounen (bei mindestens 3.000 Verstéiss) ass ee sougenannt „Ordnungswidrigkeitsverfaren“ ageleet ginn. Esou ass dat an enger Diktatur, d‘Meenungsfräiheet gëtt behënnert. D‘Pressefräiheet gëtt vu béide Säite a Fro gestallt…

mat indymedia/lzg

Annex: Och ganz interessant, de Beitrag vum Volksverpetzer

Foto: Nodeems d‘Police d‘Faschohools kuerz virun der Gar zu Leipzig gestoppt hat, ass si dann och nees géint Journaliste virgaangen. Op dësem Bild géint eise Kolleg Tim Mönch, fräie Journalist. © Sitara Ambrosio

Related topics Coronavirus-Leegner, Covidioten, Däitschland, Leipzig, Neonazien, Police
Next post Previous post