Search

You may also like

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht
International Neiegkeeten

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht

Wien d’Lëtzebuergesch Nationalitéit wëll, muss zënter 2017 e Sproochentest packen.

Twitter huet d‘Reegele fir d‘Politiker preziséiert
International Neiegkeeten

Twitter huet d‘Reegele fir d‘Politiker preziséiert

Den Onlinedéngscht Twitter huet gëschter an engem zimlech explizitte Communiqué

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor
International Neiegkeeten

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor

Datt sech an der Nordstad vill deet, gesäit een: Am

Däitschland wëll EU-Asylsystem reforméieren

Däitschland wëll EU-Asylsystem reforméieren

Dat Gestreits ëm alles wat vun no a wäit mat „Asyl“ an der europäescher Unioun ze dinn huet, geet dem Horst Seehofer, däitsche Bundesinneminister, zolidd géint de Stréch. Den 1. Juli iwwerhuelen eis däitsch Noperen d‘EU-Presidence, an déi wëll de Mann aus Bayern notzen, fir den Asylsystem ze reforméieren. Nach läit näischt Konkretes um Dësch a scho gëtt de Mann schwéier kritiséiert.

„Mir mussen do endlech Fortschrëtter maachen“ huet de Bundesinneminister Horst Seehofer der Funke Mediegrupp gesot, wéi dësen op seng Pläng fir d‘EU-Presidence ugeschwat ginn ass. „Ob bei der Séinoutrettung (?), dem Rapatriement vun de Kanner aus de griichesche Flüchtlingslager, wéi och bei der Verdeelung vun de Flüchtlingen“. Wéi dat soll ausgesinn, dozou gëtt et Usätz.

Datt sech besonnesch eis osteuropäesch „Partner“ zimmlech renitent weisen, wann et ëm d‘Opnam vu Flüchtlinge geet ass bekannt. Fir deem ze begéinen, huet den Horst Seehofer erkläert: „Wien sech bei der Verdeelung net bedeelegt, muss de System op eng aner Aart Weis ënnerstëtzen“. Hien huet vun enger „flexibeler Solidaritéit“ geschwat, ouni awer dës Ausféierung weider ze erklären.

Hie bleift awer bei senge Grondlagen. Esou soll schon un de Baussegrenze gepréift ginn, ob en Demandeur Aussicht huet säin Antrag ugeholl ze kréien. Ass deem net esou, misst de Flüchtling direkt zréck- an ausgewise ginn. Zudeem wëll den Horst Seehofer d‘Grenzschutzagentur Frontex massiv ausbauen. Si wieren d‘Autoritéit déi d‘EU-Baussegrenzen ze schützen hätt.

Masseverfaren un den EU-Baussegrenzen awer setze faktesch de Rechtsstaat ausser Kraaft. Hei ass et fir Flüchtlingen/Migranten net méiglech Rechtschutz ze erhalen, eng geriichtlech Iwwerpréiwung vu méigleche Feelentscheedungen ass esou net méiglech. Schonn an den Internéierungslager ass de Rechtsstaat faktesch ausgegrenzt. Illegal Awanderung bekämpfe muss een anescht ugoen.

mat indymedia/ber

Illustratioun: © David Cohen / unsplash

Related topics Asyl-System, Asylpolitik, Däitschland, EU-Presidence, Horst Seehofer, Reform
Next post Previous post