Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Fransouse wëlle Weltraum-Sträitmuecht opstellen
https://moien.lu/free-dating-in-aylesbury/

D‘Fransouse wëlle Weltraum-Sträitmuecht opstellen

Um Virowend zum 14. Juli, huet de franséische President Emmanuel

playing too hard to get dating
https://moien.lu/free-dating-in-aylesbury/

rome ny dating

A Saudiarabien goufen zwou Ariichtunge vum Staatskonzern Aramco mat Dronen

Parkingstariffer am Spidol: D‘ULC hëlt den Dialog op
https://moien.lu/free-dating-in-aylesbury/

Parkingstariffer am Spidol: D‘ULC hëlt den Dialog op

Am däregen Dossier ëm d‘Parkingstariffer am Spidol deet sech eppes.

Däitschland: Gräisslecht Bus-Accident fuerdert 18 Mënscheliewen

Däitschland: Gräisslecht Bus-Accident fuerdert 18 Mënscheliewen

18 Mënsche sinn bei engem vun de schlëmmste Bus-Accidenter vun de leschte Joren ëm d‘Liewe komm. No enger Kollisioun bei Münchberg (Oberfranken) hat den Touriste-Bus Feier gefaangen. All Hëllef koum ze spéit. Zwee Iwwerliewender stinn tëscht Liewen an Doud an vun de weideren 28 Blesséierte sinn der vill ganz schwéier verwonn. D‘Affer, Männer a Frae sinn am Alter tëscht 41 a 81 Joer.

Den däitschen Transportminister Alexander Dobrindt war direkt op d‘Plaz gefuer fir sech ee Bild vun der Situatioun ze maachen. Ronderëm d‘Karkass vun deem wat emol ee Bus war, waren 250 Secouristen, Polizisten a Pathologe bei der Aarbecht. „D‘Hëtzt war esou grouss, datt näischt Brennbares am Gefier iwwreg bliwwen ass. (…) Just d‘Stolstruktur ass nach ze erkennen. Et kann ee sech virstelle wat dat fir d‘Passagéier bedeit“, sot de Minister mat beluechter Stëmm.

De Bus mat 46 Passagéier an zwee Chauffeure koum aus Sachsen. Wéi de Rettungsdéngscht op der Plaz agetraff ass, war ee Moment ugeholl ginn, datt déi 18 Affer an der Panik hätte kënnen an ee ofgeleeëne Bësch flüchten. Wéi d‘Sich näischt erginn huet, ass d‘Ausmooss vun der Katastroph jidderengem bewosst ginn.

Wat war geschitt?

Am Stau verfaangen, moies um siwen Auer, war de Bus op ee Camion virun him opgefuer. Dobäi huet de Bus direkt Feier gefaangen, mat enger Intensitéit, datt esouguer d‘Beem déi laanscht d‘Autobunn sti verbrannt sinn. D‘Ursaach déi d‘Feier kéint ausgeléist hunn, ass bis ewell nach net bekannt.

De bayreschen Inneminister Joachim Hermann huet eng Enquête ugekënnegt. Et soll erausfonnt gi firwat sech d‘Feier sech an där Stäerkt an mat esou enger grousser Vitesse konnt ausbreeden. Laut éischter Gewëssheet war den Accident mam Camion net esou grave, datt et ee Feier hätt kënnen ausléisen. Zudeem ass de Bus nëmmen dräi Joer al an nach am Abrëll duerch d‘technesch Kontroll gaangen.

Zu Löbau (Sachsen) moies um hallwer eng fortgefuer sollt de Bus mat den Touristen op de Gardaséi an Italien fueren. De Chauffeur deen zum Zäitpunkt vum Accident hannert dem Steier sutz, war dann och schonn zéng Joer an der Firma an war ni opfälleg.

D’Kanzlerin weist sech betraff

D‘Kanzlerin Angela Merkel an de Bundespresident Frank-Walter Steinmeier ware schnell iwwert d‘Accident informéiert ginn. Béid hunn dann och hir Bestierzung ausgedréckt.

„Mir wëssen, datt eng grouss Zuel un Affer gëtt an och vill Blesséierter. Ons Gedanke sinn an dëse Stonne bei de Famillje vun den Affer a mir wënschen natierlech allen, déi blesséiert goufen, dat si schnell nees gesond ginn. Mir soen de Rettungsdéngschter Merci. Mir wëssen, datt hir Aarbecht an esou schreckleche Situatioune vu besonnescher Bedeitung ass“, esou d‘Angela Merkel an engem schrëftleche Statement.

De Bundespresident huet sech dëse Wieder, am Kader vun engem Besuch a Baden-Württemberg, ugeschloss. Den Horst Seehofer, Ministerpresident vu Bayern huet vun enger „schrecklecher Katastroph“ geschwat an Opklärung gefuerdert.

mam Pauline Curtet an Eric Dreyerle/AFP

Foto: Pompjeeën a forensesch Experte bei der Aarbecht ronderëm der Karkass vum Bus deen engem Camion hannen drop gefuer war (© Christof Stache/AFP)

Ähnlech Sujeten Däitschland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel