Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Ass Lëtzebuerg dat produktiivst Land?
Fail International Neiegkeeten

Ass Lëtzebuerg dat produktiivst Land?

Produktivitéit ass ee vun de Schlësselelementer vum wirtschaftlechen Erfolleg. Wat

Stecker gezunn: D’Atomzentral Fessenheim geet lues a lues vum Netz
Fail International Neiegkeeten

Stecker gezunn: D’Atomzentral Fessenheim geet lues a lues vum Netz

An der Nuecht vum 21. op den 22. Februar ass

OPGEPASST: Eventuell Plastiksstécker bei Champignonen vu LIDL
Fail International Neiegkeeten

OPGEPASST: Eventuell Plastiksstécker bei Champignonen vu LIDL

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Champignonen no

dislike

Frësch Loft fir däitsch Stied: De Wee fir den Diesel-Verbuet ass fräi!

Méi wéi 10 Milliounen Autoe kéinten an Däitschland betraff sinn

Frësch Loft fir däitsch Stied: De Wee fir den Diesel-Verbuet ass fräi!

Dieselautoe kéinten deemnächst an däitsche Stied der Vergaangenheet ugehéieren. Déi däitsch Justiz huet dofir haut de Wee fräi gemaach. Dës Mesuren, un déi Bedingunge gekoppelt sinn, ginn allerdéngs staark diskutéiert.

Duerch d’Uerteel vum Bundesverwaltungsgeriicht zu Leipzig goufen d’Fuerderunge vun de Bundesstaaten Baden-Würtemberg an Nordrheinwestfalen zeréck gewisen. Domat drot Millioune vun Automobilisten elo Ongewëssheet.

D’Uerteel ass e Signal fir de Rescht vum Land

D’Decisioun betrëfft ganz konkret d’Stied Stuttgart an Düsseldorf. Hei kënnen elo dës Mesuren ëmgesat ginn. Mee d’Uerteel ass och e kloert Signal op nationalem Niveau. Vill Stied an Däitschland iwwerschreiden d’Grenzen fir Loftverschmotzung. Déi aktuell Diskussioun ronderëm e gratis ëffentlechen Transport staamt och dohier.

D’Verwaltungsgeriicht gesäit Delaien souwéi e progressiivt aféieren vun engem Verbuet vir. Zu Stuttgart kéint e Verbuet eréischt no September 2019 a Kraaft trieden. Op mannst gëllt dëst fir Dieselautoen vun der Norm Euro 5, déi bis 2015 ze kréie waren.

Insgesamt sinn iwwert 70 Stied iwwert de Stéckstoff-Grenzwäerter

“Et ass e groussen Dag fir déi propper Loft”, huet de Jürgen Resch, Chef vun der Ëmweltschutorganisatioun DUH. Si war den Uerspong vun dëser Prozedur, déi d’lokal Autoritéiten forcéiert, de Kampf géint Loftverschmotzung ze verschäerfen. Hien erwaart sech “spierbar Verbesserungen an der Loftqualitéit ab dësem Joer”.

An d’Rouer kucke kéinte virun allem Besëtzer vun alen Diesel-Gefierte vun der Norm Euro 6. “Si kënne sech net méi sécher sinn an de Stied zu all Moment, während 365 Deeg am Joer, fueren ze dierfen”, ënnersträicht d’Berodungsentreprise EY. Laut hire Berechnungen kéinte méi wéi 10 Milliounen Autoen an Däitschland betraff sinn.

70 däitsch Stied hunn 2017 Stéckstoff-Grenzwäerter iwwerschratt. Dës Grenze si vun der Europäescher Unioun op 40 Microgramm op de Metercube festgeluecht. München, Stuttgart a Köln iwwertreffen dës Wäert am meeschten.

Mat AFP hex-esp/cfe/lch

 

Ähnlech Sujeten Däitschland, Diesel, Ëmweltschutz, EU, Verschmotzung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel