Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Rous!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Rous!

Um haitegen Dag kritt „duerch d’Blumm schwätzen“ eng nei Bedeitung.

Finanziell Hëllef fir privat Opluetstatiounen
International Neiegkeeten

Finanziell Hëllef fir privat Opluetstatiounen

Am Kader vum Programm „Clever Lueden“, bei deem d’Regierung d’Zil

EU-MythBusters: Loosst iech impfen!
International Neiegkeeten

EU-MythBusters: Loosst iech impfen!

Wat et aktuell zu de Laangzäitwierkungen ze soe gëtt, einfach

Däitschland: Eng „lénk“ Beweegung géint d‘Migratioun?

Däitschland: Eng „lénk“ Beweegung géint d‘Migratioun?

Eng nei politesch Beweegung déi dem lénke Spektrum zougeschriwwe gëtt, geet um haidegen Dënschdeg an Däitschland un de Start. 3 Joer nom „Mir schaffen dat“ vum Angela Merkel, wou d‘Grenze fir d‘Refugiéeën opgemaach goufen. Eng „onkontrolléiert“ Ouverture, déi dem Faschismus a Rietsextremismus neien Opwand ginn, an eng AfD an de Bundestag agefouert huet.

Dëse Mouvement, initiéiert vun der lénker Politikerin Sahra Wagenknecht, huet och e Numm „Aufstehen“ (Opstoen) a soll all déi Leit zesummeféieren, déi vun enger fragmentéierter Lénker enttäuscht sinn. Dat erkläert sech zumindest deels doduerch, datt d‘Parteien aus dem lénke Lager zesummegeholl, ënner 40% vun de Suffrage bei der Bundestagswahl 2017 erhalen hunn.

Elo ass d‘Sahra Wagenknecht keen onbeschriwwent Blat. Si ass d‘Fra vum Oskar Lafontaine, den ex-Minister vum Gerhard „Gazprom“ Schröder, deen der SPD de Réck zougewennt huet, fir 2007 déi politesch Partei „Die Linke“ mat ze begrënnen. D‘Sahra Wagenknecht ass keng „bequem“ Politikerin, och net an den eegene Reien, an hir Usiichte fannen net ëmmer Zousproch.

Voll Engagéiert an den eegenen Iddie verflicht, fäert d‘Sahra keen Abléck d‘Erënnerung vun der „Däitscher Demokratescher Republik“ ze verdeedegen, dem Vladimir Putin säi Russland ze luewen oder, d‘EU un de Pranger ze stellen. „Aufstehen“ revendiquéiert laut der Ausso vum Oskar Lafontaine, scho 85.000 Sympathisanten, mee stellt net den Usproch eng nei Partei ze ginn.

Kritik un der „Wëllkommenskultur“

Mee an engem Däitschland, wou d‘Wieler vum lénke politesche Spektrum ëmmer méi veronséchert sinn – wat laut Experten och der „Grousser Koalitioun“ (GroKo) vun der Bundeskanzlerin Angela Merkel zouzeschreiwen ass – wëll dëse Mouvement nees déi grouss sozial Themen an den Zentrum vun den Debatten abréngen. Dozou gehéiert selbstverständlech och déi sensibel Migratiounsfro.

An d‘Sahra Wagenknecht, co-Presidentin vun „Die Linke“ am Bundestag, mat vill Erfarung am Ëmgang mat politeschen Talkshowen, gëtt et sech net midd d‘Naivitéit vun der lénker, am Bezuch op Migratioun ze kritiséieren. Esou hat d‘Politikerin 2016, nom Attentat vu Berlin, dee vum Grupp „Islamesche Staat“ revendiquéiert gouf, déi onkontrolléiert Grenzöffnung denoncéiert.

Si huet och d‘Recht op Hospitalitéit a Fro gestallt, vun deenen d‘Auteure vun de sexuellen Iwwergrëff – Silvester 2015 zu Köln – profitéiert hunn. Déi meescht ënnert den Täter, esou d‘Fakten, kommen aus dem Maghreb. „Mat der Entscheedung d‘Grenzen opzemaachen, hu sech vill sozial Problemer zougespëtzt“, behaapt d‘Sahra Wagenknecht.

„Aufstehen“ konzentréiert sech besonnesch op déi nei Bundeslänner (Osten). An enger Partie vun de Bundeslänner aus der fréierer DDR, ginn 2019 Landtagswahlen ofgehalen. D‘Experte ginn dovunner aus, datt d‘Parteien aus rietsradikale Spektrum, an hei virun allem d‘AfD, sech nach emol ervirdoe wäerten. Déi hunn hei, bei der Bundestagswahl 2017, am Schnëtt 20% Suffragen erhalen.

Kontrolléiert Migratioun

„Mat dësem Mouvement wëlle mir den Afloss vun der AfD bremsen“, erkläert den Oskar Lafontaine, dee vun däitsche Medien als de Kapp vun der Beweegung presentéiert gëtt. „Kuckt iech un wat an der fréierer DDR lass ass: d‘AfD ass d‘Partei vun den Aarbechter an de Chômeure ginn. Dat muss eis ze denke ginn, iwwert alles wat mir hei verpasst hunn“.

„Wann dem Sahra Wagenknecht seng Rhetorik verschiddentlech den ‚Toun‘ vun der AfD trëfft, esou huet déi engagéiert Politikerin de Rubikon nach net iwwerschratt“, behaapt de Politolog Gero Neugebauer, Spezialist fir „lénk“ Politik op der fräier Universitéit zu Berlin. „D‘AfD seet ‚alles fir déi Däitsch, Auslänner eraus!‘. Dat mécht D‘Sahra Wagenknecht net, si verdeedegt d‘Asylrecht“.

Dat huet net verhënnert, datt d‘Sahra Wagenknecht mat hirer „anti-Migratioun“ Haltung am Juni um Kongress vun den eegene Leit ausgepaff ginn ass. Hiren Discours ass bei deenen, déi nach ëmmer un der internationalistescher Traditioun festhalen, net gutt ukomm. Déi nei Parteicheffin vun der SPD, Andrea Nahles, kommentéiert de Mouvement esou: „Aufstehen stéiert net mäi Schlof“.

Elo kéint et awer gutt sinn, datt dës nei politesch Aventure, d‘Krise vun der lénker Beweegung an Däitschland eppes weider verschäerft. „An enger Epoch wou eng ‚brong Mass‘ op neits zur enger Mënschejuegd opruffe kann ouni behënnert ze ginn, muss déi sozial lénk (…) allem aus de Féiss goen, wat als Divisioun oder Réckschrëtt ka bewäert ginn“, esou de Bernd Rixinger, vun Die Linke.

mam Mathieu Foulkes/AFP

Foto: Um haidegen Dënschdeg geet d‘Beweegung „Aufstehen“, déi vun der lénker Politikerin Sahra Wagenknecht initiéiert ginn ass, offiziell un de Start. Mat hirer Kritik un der Migratiounspolitik vun der Kanzlerin, trëfft si bei den eegene Leit net nëmmen op Zousproch. © Britta Pedersen/dpa/AFP

Related topics Aufstehen, die Linke, Migratioun, Oskar Lafontaine, Sahra Wagenknecht
Next post Previous post