Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum
Fail International Meenung

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan

LVI: Souverän op zwee Rieder
Fail International Meenung

LVI: Souverän op zwee Rieder

Kanner, déi d’Fueren vum Vëlo nach net léiere konnten oder

Galerie: Bristol-Darts Festival zu Uewerkuer
Fail International Meenung

Galerie: Bristol-Darts Festival zu Uewerkuer

Mat engem Darts-Festival huet déi Lëtzebuerger Darts Federatioun um Samschdeg

dislike

Däitschland scheitert u sech selwer

Däitschland scheitert u sech selwer

Däitschland huet, esou wéi ech mer et erwaart hunn, eng geféierlech Wiel getraff. 13% fir eng rietspopulistesch AfD, an déi esou zur drëtt stäerkste Kraaft am Bundestag gemaach, dat gëtt engem ze denken. An déi „Grouss“ hunn allebéid hir schlechtste Resultater vun allen Zäiten erreecht. An, kaum ze gleewen, och d‘CSU a Bayern rëtscht ënnert 40%.

Bedauerlech och nees d‘Bedeelegung. Mat 41,1% (Quell Bundeswahlleiter) ouni d‘Bréifwieler, näischt woumatter sech eng Gesellschaft déi sech selwer als „Demokratesch“ gesäit, kéint bretzen. An ech weess dann och net op ech meng däitsch Nopere soll bedaueren oder an Zukunft muss oppasse mat wiem ech et do ze dinn hunn. Wahrscheinlech muss ech béides.

Wat ze begréissen ass, an do wäert ech deen een oder anere vläicht iwwerraschen, ass d‘Erklärung vum Martin Schulz, net als Koalitiounspartner zur Verfügung ze stoen. Mat grad emol 20,4% vun de Stëmmen an nach emol 5,3% manner Zoustëmmung wéi 2013, hunn d‘Sozialdemokrate ganz kloer den Usproch, Vollekspartei ze sinn, verluer.

An deem se sech op d‘Bänk vun der Oppositioun sëtzen, verhënneren se allerdéngs, datt d‘AfD als Oppositiounsführer kann optrieden. Déi Brong am bloe Kleed hunn also net méi Riedezäit wéi zwéngend néideg. Dat ass dann awer och am Moment dat eenzegt wat ech u positivem aus dëser Bundestagswahl kann eraushuelen.

Woubäi ech mer e Grinsen net ganz verknäife kann, well d‘Mutti, wéi d‘Bundeskanzlerin am Volleksmond och genannt gëtt, net laanscht eng „Jamaika-Koalitioun“ wäert kommen. Wiem se bei de Liberalen (FDP) an de Grénge wëll eng Plaz an der Regierung ginn ass dann och net wierklech d‘Fro. Méi interessant ass, wéi e Ressort si deem engen an anere wäert ubidden.

An et ass jo och nach net wierklech gelaf. De Christian Lindner (FDP) huet bei enger Bedeelegung un der Regierung méi ze verléiere wéi ze gewannen. Se si grad nees „eragewielt“ ginn, nodeems se wéinst dem koaliséiere mat der CDU/CSU-Allianz aus dem Bundestag geflu waren. Déi sollten sech et wierklech ganz gutt iwwerleeën.

Béi deene Grénge stellt sech eigentlech just d‘Fro, wéi vill Grondsätz se bereet sinn fir eng Regierungsbedeelegung ze afferen. Sécherlech sinn se an enger gudder Verhandlungspositioun, dat allerdéngs och nëmmen esou laang wéi d‘FDP och mat an d‘Koalitioun wëll. Déi erëm wëll ganz aner Saache wéi déi Gréng. Dat mat Koalitiounsofkommes gëtt also nach Interessant.

Do wou sech dann awer keng Froe stellen, ass bei der AfD. Vu populistesch bis rietsradikal, wëll sech d‘Mëtt vun der Gesellschaft am Bundestag Gehéier verschafen. De Gauland huet nach um Sonndegowend dem Angela Versprach, si wëllen ze joen. Et gëtt sech also schonn am Virfeld dozou bekannt, net d‘Absicht ze hunn konstruktiv am Parlament matzeschaffen.

Foto: Och wann et ze begréissen ass, datt nach um Owend vun der Wal, vill Bierger sech bei der AfD-Zentral zu Berlin géint déi rietsradikal a populistesch Partei gewiert hunn, esou sinn si elo awer drëttstäerkst politesch Kraaft an Däitschland. © John MacDougall/AFP

Ähnlech Sujeten AfD, Angela Merkel, Bundestagswahlen 2017, Däitschland, Martin Schulz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel