Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Google schéckt „Vertrieder“ op Biissen
International Neiegkeeten

Google schéckt „Vertrieder“ op Biissen

Den Datenzenter-Projet vu Google huet an de leschte Wochen a

Äerdbiewen a Japan: op mannst zwee Doudeger
International Neiegkeeten

Äerdbiewen a Japan: op mannst zwee Doudeger

En zolidd Äerdbiewen huet haut de Weste vu Japan getraff.

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun
International Neiegkeeten

Nancy Jazz Pulsations: e Mëttwoch start déi 45. Editioun

Dat grousst Festzelt vum „Nancy Jazz Pulsations“ (NJP) ass e

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet

Exportweltmeeschter, Industrienatioun an eng helle Wull u gescheite Käpp. Esou stellt sech Däitschland international op a muss sech eigentlech géintiwwer kengem anere Land schummen. Woubäi, mat Bléck op de Retard, dee sech am digitale Beräich opgestaut huet, Däitschland all Grond dozou hätt.

Dobäi kéint alles esou schéi sinn, d‘Kenntnisser iwwer d‘Technik sinn do, et fléisse Steiergelder wéi seelen a säit 20 Joer gëtt de schnellen Internet versprach. Zum Verglach: An Asien sinn 75% vun de Menagen a Japan oder Südkorea iwwert eng Glasfaserleitung un den Internet ugeschloss sinn. An Däitschland hunn, leschten Ophiewungen no, grad emol 2% vun de Menagen e Glasfaseruschloss.

Aus enger Etüd vun der OECD (Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung) geet ervir, datt eisen däitschen Noper zu de schlechtsten an der Klass zielt. Dobäi setzt sech Däitschland an der Ëffentlechkeet säit Jore fir den Ausbau vum schnellen Internet an. Et huet ee sech esouguer e spezifesche Ministère ginn, dee sécherstelle soll, datt et och virugeet.

Wourunner scheitert et an Däitschland? Fir eng ganz Rei Experten wier d‘Regierung schold, well se ze spéit an net genuch subventionéiert an ze vill bürokratesch Hürden opgestallt hätt. Eréischt 2015 huet et e Fërderprogramm an héicht vu véier Milliarden Euro ginn (N.v.d.R.). Aner Experte ginn den Operateuren d‘Schold, déi aus wirtschaftleche Grënn just Glasfaser a Groussstied verleeën.

Vill Gebraddels, wéineg Opweises

Et ass wuel net richteg, d‘Angela Merkel fir déi schlecht Qualitéit vun der Internetgeschwindegkeet verantwortlech ze maachen. Woubäi si et dann awer ass, déi säit enger gefillter Éiwegkeet, den Däitschen de Breetbandinternet versprécht. Virun néng Joer hat d‘Bundesregierung héich an helleg versprach, datt bis 2014 dräivéierel vun de Menagen, iwwert en Uschloss mat 50Mbit/s verfüge géifen.

Datt et net emol duergaangen ass, Zweedrëttel vun de Menagen e schnellen Zougank un den Internet ze erméiglechen, hätt een erkläre missen. Dat ass net geschitt, mee dofir gouf 2014 vun der grousser Koalitioun versprach, datt de schnellen Internet an alle Menagen, ab 2018, soll ukomm sinn. E Verspriechen, datt scho bei der Ausso esou net ze hale war.

Gutt dann, datt et wéinstens der neier Staatsministesch fir Digitalisatioun, Dorothee Bär (CSU), och vill ze lues geet. Si ass dann och der Meenung, datt „wéi Stroum a Waasser, och e schnellen digitalen Zougank e Grondrecht muss sinn“. Eng flott Ausso, déi aus Däitschland awer nach keng digital Natioun mécht. Dat läit dann awer haaptsächlech dorunner, datt et Diskussiounen ëm d‘Zoustännegkeet gëtt.

Laut der Schwësterpartei CDU, ass den Dossier „Digitalisatioun“ de Ressort vum Kanzleramtschef Helge Braun. Eng Ausso déi éischter beonrouegt, a ganz niewebäi de Poste vum Staatsminister fir Digitalisatioun iwwerflësseg mécht. Kompetenzgerangel bréngt awer keng Fortschrëtter, an déi Entreprisen déi de Breetbandinternet ausbaue sollen, konzentréieren sech op déi profitabel Clienten.

Ländlech Gebitter ausgeschloss

Laut der Bundesnetzagentur, soll et aktuell an Däitschland bis zu 32,5 Milliounen Uschlëss un de Breetbandreseau ginn. Wann ee sech dann de „Breetbandatlas“ vun der däitscher Regierung ukuckt, muss ee feststellen, datt et de schnellen Internet just a Groussstied a Ballungsgebidder gëtt. Iwwer Land huet deemno nach net emol all zweete Menage e 50Mbit/s Uschloss.

Fir d‘Experten aus der Branche, läit de gréisste Problem awer bei den Investissementer. Hei dann och virun allem den Ëmgang mat de besonnesch deiere leschte Meter. Also dem Uschloss vun der grousser Këscht op der Strooss bis an d‘Haus. Bis an déi genannte Këscht (fir Telefon an/oder Televisioun) gëtt scho massiv op Glasfaser gesat, woumat 1.000Mbits/s méiglech sinn.

Vun dëser schéiner Këscht awer, geet et iwwert de Kofferkabel weider. Bei engem Operateur sinn dat Telefonskabel, an do kann et schonn emol sinn, datt déi iwwer 100 Joer al sinn. Méi wéi „DSL“ ass an esou engem Fall net dran, an et muss wierklech alles passen, fir eng Verbindung vu 50 bis 100Mbits/s ze erhalen. E Problem, déi besonnesch bei den Entreprisë fir schlecht Stëmmung suergt.

Op déi ugestriefte Subventionéierung vum Ausbau vum Glasfaserreseau am ländleche Raum eppes bréngt? Bestëmmt, esou d‘Experten, mee et brauch ee Gedold. Well esouvill muss gewosst sinn: och wann den „Ausbau“ muer mat voller Kraaft uleeft, bräicht et mindestens 15 Joer bis d‘Feeler aus der Vergaangenheet berengegt sinn.

Ähnlech Sujeten Breetband, Däitschland, Glasfaser, Internet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel