Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Groussbritannien huet en neie Premierminister
International Neiegkeeten

Groussbritannien huet en neie Premierminister

Et war eigentlech kloer, mee elo besteet Gewëssheet: de fréiere

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?
International Neiegkeeten

Wien: … eppes ze „Kurz“ gegraff?

Eigentlech sollten ab dem 1. Abrëll d‘Leit, déi an Éisträich

Nationalfeierdag 2020 – Respekt a Solidaritéit stoungen am Fokus
International Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2020 – Respekt a Solidaritéit stoungen am Fokus

Et war e besonneschen Nationalfeierdag 2020, e bëssen méi reduzéiert

An Däitschland ginn d‘Masuttsheizunge Verbueden

Mam Klimaschutzpak vun der grousser Koalitioun kommen éischt Moossnamen

An Däitschland ginn d‘Masuttsheizunge Verbueden

An der Ministerronn um Mëttwoch, huet d‘GroKo de Verbuet vun Uelegheizungen an d‘Aféierung vun enger CO²-Steier beschloss. D‘Bundeskabinett nach weider wiesentlech Punkte vum grousse Klimaschutzprogramm uegholl.

An der Ministerronn ass e Gesetzesentworf vum Wirtschafts- a Bauteministère ugeholl ginn, an deem festgeluecht gëtt, datt ab 2026 den Abau vun neien Masuttsheizunge verbuede gëtt. Woubäi Ausname méiglech sinn. Esou beispillsweis, wann en Haus net mat Gas oder e Fernwärme-Reseau ka versuergt ginn, oder et net méiglech ass d‘Heizung mat erneierbaren Energien ze bedreiwen.

Nieft dem Verbuet ass am Gesetz awer och en „Ureiz“ fir den Abau vun neien Heizunge virgesinn. Wien also seng al Masuttsheizung duerch e „klimafrëndlecht“ Modell ersetz, soll eng attraktiv Prime kréien. Laut dem Bundeswirtschaftsminister Peter Altmaier soll déi bei 40% vum Uschafungspräis leien. Den Austausch kann och vun der Steier ofgesat ginn. Esouwäit de „Plang“.

Laut dem Energieverband BDEW gi vun de ronn 40,6 Millioune Wunnengen, gutt 48% mat Gas gehëtzt. D‘Masuttsheizunge géife knapp e véierels ausmaachen. A 7,5 % vun den Haiser gëtt mat Holz, deels och mat Kuel gehëtzt. 14% vun de Menage bezéien hiert Hëtzes iwwert de Fernwärme-Reseau. 5% vun den Menage notze Stroum fir et waarm ze hunn. Et gëtt also Potential.

Dem CO² e Präisschëld ëmgehaangen

E weider beschloss vum Kabinett bezitt sech op e Gesetzesentworf zum „CO²-Präis“. Sënn an Zweck vum Gesetz ass et déi klimaschiedlech fossil Energien esou deier ze maachen, datt et sech net méi lount déi anzesetzen. Dat heescht datt eng 4.000 Betriber an Däitschland elo mussen „Verschmotzungsrechter“ kafen. Domatter gëtt awer net dem Klima mee der Staatskeess gehollef.

Ab 2021 soll den „CO²-Präis“ bei 10 Euro/Tonn an da bis 2025 progressiv op 35 Euro/Tonn ugehuewe ginn. No 2026 sollen dann „Offer an Nofro“ de Präis bestëmmen, dat awer mat engem Plafong vu 60 Euro/Tonn. Fir d‘Automobiliste bedeit dat, datt mat 25 Euro pro Tonn CO², de Präis vum Diesel ëm 11 Cent, de Präis vum Bensin ëm 10 Cent an d‘Luucht geet.

Wéi elo den „Emissiounshandel“, op deen sech d‘GroKo no vill Gestreits an hirem Klimapak verstännegt hunn de Klimaziler soll gerecht ginn, ass nach net ersiichtlech. Gewosst ass awer, datt de Staat duerch den Emissiounshandel Milliarden akasséiert. Am Géigenzuch soll eng besser Pendlerpauschal d‘Automobilisten entlaaschten. Detailer dozou sinn nach net bekannt.

D‘lescht Woch hatt d‘Bundeskabinett schonn eng Rei Moossnamen ugeholl: méi héich Steieren op de Fligerticketen, dofir méi bëlleg Eisebunnsbilljeën. Déi däitsch Regierung huet sech mat hirem Klimaschutzprogramm virgeholl, déi verflichtend Klimaziler bis 2030 awer nach ze erreechen.

mat indymedia/ber

Foto: Olivier Nyssens / Pixabay

Ähnlech Sujeten CO²-Steier, Däitschland, Emissiounsrechter, Klimapak, Klimaziler, Masuttsheizung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel